Tribunal administratif (Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Tribunal administratif | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Gegrënnt | 7. November 1996 |
Um Spaweck | https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-administratives.html |
![]() |
D'Verwaltungsgeriicht ((fr) Tribunal administratif) ass den ënneschten Niveau vun der Administrativer Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg. Et gouf an der Folleg vun der Verfassungsrevisioun vum 12. Juli 1996[1] mam Gesetz vum 7. November 1996 geschaf[2].
Kompetenz
[änneren | Quelltext änneren]D'Verwaltungsgeriicht ass an éischter Instanz zoustänneg fir:
- Appeller géint individuell administrativ Decisioune vu staatlechen a kommunalen Autoritéiten a vu bestëmmten anere moralesch Persounen, déi ënner den Droit public falen;
- direkt Appeller géint administrativ Akte vun engem reglementaresche
- direkten Appell géint administrativ Reglementer
De President vum Verwaltungsgeriicht ass kompetent fir Entscheedungen zu provisoresche Moossnamen am Kader vun den Appeller virum Verwaltungsgeriicht ze huelen (administrative Référé).
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]D'Verwaltungsgeriicht besteet aus 21 Magistraten an huet 5 Kummeren, an deenen all Kéier dräi 3 Magistrate siegéieren.
Eegenaart
[änneren | Quelltext änneren]An der administrativer Geriichtsbarkeet (Tribunal administratif a Cour administrative) gëtt e kee Ministère public.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vun der Administrativer Geriichtsbarkeet
- La justice en chiffres 2023, XI. Juridictions administratives, Service communication et presse de la justice (SCPJ), 08.08.2024, S. 73 ff
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 12 juillet 1996 portant révision de l'article 95 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (12.07.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.
- ↑ (fr)Loi du 7 novembre 1996 portant organisation des juridictions de l'ordre administratif. data.legilux.public.lu (07.11.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.