Tribunal du travail (Lëtzebuerg)
Tribunal du travail | |
---|---|
D'Aarbechtsgeriicht zu Esch-Uelzecht | |
Land | Lëtzebuerg |
Um Spaweck | https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/justices-paix/tribunal-travail.html |
D'Aarbechtsgeriicht ((fr) Tribunal du travail) ass eent vun den Tribunaler vun all Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg.
D'Aarbechtsgeriicht ass – ouni datt et eng Limitt beim Sträitwäert gëtt – an éischter Instanz zoustänneg fir Kontestatioune géint:
- Aarbechtsverträg
- Léierverträg
- Zousazpensiounen an
- Insolvenzversécherungen
E Recours géint en Urteel vum Aarbechtsgeriicht gëtt virun der Cour d'appel vum Ieweschte Geriichtshaff verhandelt.
Territorial Kompetenz
[änneren | Quelltext änneren]Déi geographesch Kompetenz vum Aarbechtsgeriicht ass vum Gesetz festgeluecht[1].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg).
Uruffe vum Geriicht
[änneren | Quelltext änneren]En Requête virum Aarbechtsgeriicht ka vum Employé oder dem Patron gestallt ginn; se muss un d'Geriichtsschreiwerei vum Friddensgeriicht dat territorial fir d'Aarbechtsplaz zoustänneg ass, adresséiert ginn.[2]
Verhandlung
[änneren | Quelltext änneren]D'Erschénge vun de Parteie viru Geriicht ass net obligatoresch, mä wann de Beschëllegten net untrëtt, kann d'Geriicht en Urteel par défaut huelen, ouni datt de Beschëllegten seng Argumenter virbrénge kann.
Virum Aarbechtsgeriicht sinn d'Parteien net verflicht sech vun engem Affekot vertrieden ze loossen. Si kënne perséinlech untrieden, sech assistéieren oder vertriede loosse vun:
- engem Affekot;
- dem Mann / der Fra oder dem Partner;
- den Elteren oder engem Familljemember an direkter Linn;
- engem Familljemember a kollateraler Linn bis an den drëtte Grad (Elteren, Grousselteren, Urgrousselteren, Kand, Kandskand, Urenkel, Brudder / Schwëster, Monni / Tatta, Neveu/ Niess);
- Persounen, déi en exklusiv perséinlechen oder beruffleche Lien hunn.
Wärend der Verhandlung presentéiert als éischt de Demandeur seng Requête an duerno kann de Beklote sech verdeedegen. De Beklote kann och, wann en dat wëllt, eng Géigefuerderung géint den Demandeur maachen (z.B. eng prozedural Entschiedegung ufroen).
Fir d'Debatten ofzeschléissen, erkläert de President datt de Fall ënner Berodung geholl gëtt an e setzt den Datum fest op deem d'Urteel gesprach gëtt.
Um Dag dee festgehale gouf, gëtt d'Urteel verkënnegt an d'Parteie kréien eng Kopie vum Urteel geschéckt.[2]
Kompositioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Aarbechtsgeriicht besteet aus engem Friddensriichter deen d'Affäre presidéiert an aus zwéin Assesseuren, woubäi een dovun Employeur an deen anere Salarié ass. D'Assesseure ginn aus enger Lëscht vu Kandidate gewielt, déi vun den jeeweilege Beruffschamberen proposéier ginn. All Assesseur kritt e Mandat fir fënnef Joer, dat erneiert ka ginn.
D'Geriichtsschreiwerei vum Aarbechtsgeriicht gëtt vun de Greffiere vum Friddensgericht assuréiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- D'Aarbechtsgeriicht op der Säit vun der Justizverwaltung
- D'Aarbechtsgeriicht am Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Justiz
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Chapitre I. - Des justices de paix - Art. 1er. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Convocation au tribunal du travail - Procédure. justice.public.lu. Gekuckt de(n) 05.12.2024.