Friddensgeriicht (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
D'Gebai vum Friddensgeriicht, am Süde vun der Cité judiciaire.

D'Friddensgeriicht (Justice de paix) ass eng vun de Geriichtsinstitutioune vun der Lëtzebuerger Justiz.

Et gëtt Friddensgeriichter an der Stad Lëtzebuerg, zu Dikrech an zu Esch, deenen hir Kompetenz geographesch ass. Vu 1795 bis 1972 gouf et där awer souguer an all Kanton.

Déi warscheinlech gréisst Eegenaart vum Friddensgeriicht ass, datt een do keen Affekot brauch. Et gëtt och kee Riichterkollegium, et sëtzt ëmmer nëmmen een eenzege Riichter. D'Verhandlunge sinn alleguer mëndlech.

Tribunaler um Friddensgeriicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt um Friddensgeriicht 3 verschidden Tribunaler:

  • De Friddenstribunal, deen der Institutioun den Numm gëtt, ass am Prinzip fir all d'Affären zoustänneg vun engem Wäert ënner 15.000 €. Donieft huet de Friddensriichter eng Rei exklusiv Kompetenzen déi d'Gesetz him gëtt (z. B. Ordonnances de paiement, an Affäre wou et ëm Bail à loyer, Saisie-arrêten, oder Pensions alimentaires baussent Scheedungs- oder Trennungsprozedur geet). Bei engem Sträitwäert bis zu 2.000 € gëtt et ausser a Spezialfäll kee Recours, driwwer ass den Appel um Bezierksgeriicht.
  • D'Aarbechtsgeriicht ass fir all d'Affären zoustänneg an deenen et ëm en Aarbechtsverhältnes geet. Nieft dem Riichter sëtzen do och zwéin Assesseuren. Am sougenannte Référé Travail sëtzt de President vum Aarbechtsgeriicht nees eleng a ka verschidde provisoresch Mesuren ordonéieren. Bei engem Sträitwäert bis zu 1.250 € gëtt et kee Recours, driwwer ass den Appel op der Cour.
  • D'Policegeriicht ass virun allem fir Verstéiss, mä och fir verschidden Delikter zoustänneg.

Geographesch Kompetenzen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zoustännegkeete vun de Friddensgeriichter