Op den Inhalt sprangen

Cour d'assises (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Den Assisen-Geriichtshaff ((fr) Cour d'assises) war e Geriicht am Justizsystem zu Lëtzebuerg. Et gouf tëscht 1795 an 1814, wéi Lëtzebuerg ënner dem Numm Département des Forêts un déi franséisch Republik ugeschloss war, an d'Liewe geruff an ass 1987 ofgeschaaft ginn[1].

Den Assisen-Geriichtshaff war zoustänneg fir Urteeler an Affären déi als Verbriechen ((fr) crime) klasséiert waren ze spriechen. D'Particularitéit am Verglach mat anere Geriichter war, datt op den Assisen d'Schicksal vum Ugekloten an den Hänn vun enger biergerlecher Jury, de Geschwuerenen, louch. D'Participatioun vun de Bierger sollt garantéieren, datt d'Urteel vum Vollek gesprach gëtt a fir déi Ugeklot esou virun enger méiglecher Willkür vun de Magistraten ze schützen.

Mä, zu Lëtzebuerg, grad ewéi am ganzen deemolegen Holland, huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. d'biergerlech Jury, nëmmen e puer Joer nodeem se agefouert gouf, nees ofgeschaaft. D'Cour d'assises war deemno praktesch ëmmer mat beruffleche Magistrate besat. Déi speziell feierlech Prozedur vum Geriicht ass iwwerdeems bäibehale ginn, bis dëse Ritual an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert ass als iwwerholl ugesi gouf.

1973 huet de Staatsrot fonnt, datt « la procédure d’assises, archaïque, un peu théâtrale et pleine d’embuches, nécessite une refonte complète »[2]. Véierzéng Joer duerno ass den Assisen-Geriichtshaff ganz einfach ofgeschaaft ginn[1] an d'Verbrieche sinn dunn an d'Verantwortung vun de correctionnelle Kummere vun de Bezierksgeriichter gefall, wou och schonn d'Delikter verhandelt goufen.

Mat dëser Ännerung kruten déi Ugeklot vun deem Moment un och d'Méiglechkeet op der Cour d'appel géint en Urteel an Appell ze goen, wat virdrun op der Cour d'assises net méiglech war.

Mam Ofschafe vum Assisen-Geriichtshaff goufen och d'Strofen – déi gréisstendeels zënter 1879 am Code pénal virgesi waren – ugepasst; ë. a. gouf d'Strof vun der Zwangsaarbecht ((fr) travaux forcés) ofgeschaaft.

Zesummesetzung vum Geriicht

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (fr)Loi du 17 juin 1987 portant suppression de la cour d ́assises et modifiant la compétence et la procédure en matière d ́instruction et de jugement des infractions. data.legilux.public.lu (17.06.1987). Gekuckt de(n) 20.12.2024.
  2. Avis vum Staatsrot vum 8 Mee 1973 betreffend de « projet de loi ayant pour objet la modification des dispositions préliminaires du code d’instruction criminelle »