Cour administrative (Lëtzebuerg)
Cour administrative | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gegrënnt | 7. November 1996 |
Um Spaweck | https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-administratives.html |
De Verwaltungsgeriichtshaff[1] ((fr) Cour administrative) gehéiert zur Administrativer Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg. D'Cour administrative gouf an der Folleg vun der Verfassungsrevisioun vum 12. Juli 1996[2] mam Gesetz vum 7. November 1996 geschaf[3].
Kompetenz
[änneren | Quelltext änneren]De Verwaltungsgeriichtshaff ass an zweeter a leschter Instanz als Appellsgeriicht zoustänneg fir:
- Appeller géint all d'Urteeler vum Verwaltungsgeriicht, ausser fir:
- Affäre vun der internationaler Protektioun;
- Affären am Kader vun der Covid-19 Gesetzgebung.
Géint d'Decisioune vum President vum Verwaltungsgeriichtshaff am Kader vum Référé administratif kann allerdéngs keen Appell gemaach ginn.
An e puer seelene Fäll ass de Verwaltungsgeriichtshaff direkt zoustänneg[4]:
- Appeller vun enger Gemeng géint eng staatlech Decisioun,
- Asproch am Kontext vun engem Referendum deen op d'Initiativ vu Wieler zeréckgeet.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]De Verwaltungsgeriichtshaff besteet aus enger eenzeger Kummer, an där dräi 3 Magistrate siegéieren.
Eegenaart
[änneren | Quelltext änneren]An der administrativer Geriichtsbarkeet (Tribunal administratif a Cour administrative) gëtt e kee Ministère public.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vun der Administrativer Geriichtsbarkeet
- La justice en chiffres 2023, XI. Juridictions administratives, Service communication et presse de la justice (SCPJ), 08.08.2024, S. 73 ff
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (lb)Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg. legilux.public.lu Art. 112 (5). Gekuckt de(n) 18.12.2024.
- ↑ (fr)Loi du 12 juillet 1996 portant révision de l'article 95 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (12.07.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.
- ↑ (fr)Loi du 7 novembre 1996 portant organisation des juridictions de l'ordre administratif. data.legilux.public.lu (07.11.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.
- ↑ (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu IX. Juridictions administratives – A. Cour administrative, S. 73. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 18.12.2024.