Conseil national de la justice
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Conseil national de la justice | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Adress | Cité judiciaire |
Gegrënnt | 23. Januar 2023 |
Den nationale Justizrot, offiziell Conseil national de la justice, gekierzt CNJ, ass en onofhängegt Organ zu Lëtzebuerg dat fir e gudde Fonctionnement vun der Justiz am Respekt vun hirer Onofhängegkeet suergt[1].
An der Folleg vun der Verfassungsrevisioun 2021-2023 gouf d'Basis vum nationale Justizrot am Artikel 107 verankert an den CNJ ass du mam Gesetz vum 23. Januar 2023 an d'Liewe geruff ginn. En ass zanter dem 1. Juli 2023 operationell[2].
Den CNJ ass provisoresch an der Cité judiciaire ënnerbruecht, bis en eege Büroe kritt.
Kompetenz
[änneren | Quelltext änneren]Den CNJ ass zoustänneg fir:
- e reiwungslosen Oflaf an eng onofhängeg Justiz; en däerf weeder direkt nach indirekt an enger Geriichtsaffär intervenéieren an och net d'Rechtméissegkeet vun enger geriichtlecher Decisioun a Fro stellen[3];
- d'Ernennung vun de Riichter a Procureuren, ouni datt de Justizminister dozou e Wuert matschwätze kann;
- Disziplinaraffäre bannent der Justiz, andeems en deontologesch Reegele fir d'Magistratur ausschafft an iwwerwaacht ob se agehale ginn.
Attributiounen a Bezuch zu de Magistraten
[änneren | Quelltext änneren]Den CNJ këmmert sech ëm de Rekrutement, d'Formatioun, d'Nominatioun, d'Deontologie, d'Disziplin, d'Feelen, d'Congéen an d'Pensioun vun de Magistraten[4].
Ufroe vun de Bierger
[änneren | Quelltext änneren]Den CNJ ass d'Kontaktorgan wann e Bierger géint eng Onreegelméissegkeet an enger Geriichtsprozedur oder géint d'Verhale vun engem Magistrat reklaméiere wëll.
- All Persoun ka sech mat enger Doleance iwwert de Fonctionnement vun der Justiz un den CNJ adresséieren. Net recevabel sinn Doleancen iwwert eng Decisioun vum Geriicht, Doleancen déi iwwert en Appell viru Geriicht kënne gekläert ginn oder Doleancen déi schonn traitéiert goufen, ouni datt en neit Element am Dossier derbäi komm ass[5];
- Wann de Bierger der Meenung ass, datt an enger Geriichtsaffär d'Verhale vun engem Magistrat him géintiwwer net ubruecht war, kann hien eng Reklamatioun un den nationale Justizrot adresséieren[6].
Den CNJ kann den Dossier zoumaache wann en net recevabel ass oder eng vu follgenden Aktiounen ausféieren:
- eng Enquête an d'Weeër leeden;
- Recommandatiounen ausspriechen;
- eng Disziplinarmoossnam géint e Magistrat an d'Weeër leeden;
- den Dossier un de Chef vun der Verwaltung zeréckginn.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]Den nationalen Justizrot besteet aus néng Memberen, déi all vum Groussherzog nominéiert ginn. Et sinn dat sechs Magistrate souwéi dräi Persounen, déi baussent der Magistratur schaffen. Dovunner ass een Affekot, an zwéin Membere vun der Zivilgesellschaft, déi op Grond vun hirer berufflecher Kompetenz vun der Chamber bestëmmt ginn. All Member muss déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, iwwert déi zivil a politesch Rechter verfügen an déi néideg Éierenhaftegkeet hunn.
De Memberen hiert Mandat gëllt fir véier Joer a kann eng Kéier verlängert ginn[7].
Membere vum CNJ[8]
[änneren | Quelltext änneren]Numm | Vertrieder als / vun… | Fonctioun | Nominatioun[9] | Mandat bis[9] |
---|---|---|---|---|
Alain Thorn | Magistrat vun der Cour supérieure de justice | Vizepresident[10] | 22.05.2023 | 30.06.2027 |
Sylvie Conter | Magistrat vum Tribunal d'arrondissement oder Friddensgerricht | |||
Martine Solovieff | Magistrat vum Parquet général | Presidentin[10] | ||
Laurent Seck | Magistrat vum Parquet | |||
Francis Delaporte | Magistrat vun der Cour administrative | |||
Michèle Stoffel | Magistrat vum Tribunal administratif | |||
Valérie Dupong | Affekot | |||
Viviane Ecker | externe Member | Vizepresidentin[10] | ||
Jean-Jacques Rommes | externe Member |
Fir als Affekot Member am Conseil ze sinn, muss en entweder Bâtonnier um Geriicht an der Stad oder zu Dikrech sinn oder gewiescht sinn.
Kommunikatioun
[änneren | Quelltext änneren]Virum 15. Februar vun all Joer muss den CNJ der Chamber en Aktivitéitsrapport presentéieren a publizéieren[11].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Kommt Zeit, kommt Rat, land.lu den 29.11.2019, gekuckt den 08.07.2023
- „Es geht um die Unabhängigkeit der Justiz“, wort.lu den 30.12.2021, gekuckt den 08.07.2023
- Parlament: Gesetz für Justizrat verabschiedet, Reporter.lu den 21.12.2022, gekuckt den 08.07.2023
- Background am Gespréich vum 8. Juli 2023, Gespréich tëscht der Michèle Sinner mat der Martine Solovieff, Valerie Dupong an dem Jean-Jacques Rommes op rtl.lu den 08.07.2023
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Artikel 107 vun der Constitutioun
- ↑ (fr)Loi du 23 janvier 2023 portant organisation du Conseil national de la justice. data.legilux.public.lu (23.01.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.
- ↑ Artikel 16 vum Gesetz vum 23.01.2023
- ↑ idem, Artikel 17
- ↑ idem, Artikel 18
- ↑ idem, Artikel 9
- ↑ idem, Artikel 4
- ↑ idem, Artikel 1
- ↑ 9,0 9,1 (fr)Arrêté grand-ducal du 22 mai 2023 portant nomination des membres du Conseil national de la justice. data.legilux.public.lu (22.05.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.
- ↑ 10,0 10,1 10,2 (lb)Conseil national de la justice: Procureur Général d'Etat Martine Solovieff als nei Presidentin vereedegt. www.rtl.lu (30.06.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.
- ↑ idem, Artikel 28