Revisioune vun der Lëtzebuerger Constitutioun 2021-2023

Vu Wikipedia
Informatiounsbroschür vun der Chamber

Als Revisioune vun der Lëtzebuerger Constitutioun tëscht 2021 an 2023 ass d'Reform vun der Lëtzebuerger Constitutioun ze verstoen, déi a véier Voleten duerchgefouert gouf. All Volet entsprécht enger eenzeler „Proposition de révision“ fir déi en duebele Vott an der Chamber virgesinn ass.

Enn Dezember 2022 waren déi véier Propositioune fir d'Verfassungsrevisioun mat de Stëmme vun den dräi Regierungsparteien (LSAP, DP, Déi Gréng) an der CSV mat de Piraten ugeholl. D'Deputéiert vun Déi Lénk hu sech enthalen an d'ADR huet dergéint gestëmmt. Déi nei Bestëmmunge goufen de 17. Januar 2023 vum Groussherzog ënnerschriwwen an den 18. Januar am Mémorial publizéiert[1][2][3][4]. Déi nei Constitutioun gëllt zanter dem 1. Juli 2023.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2009 gouf no jorelaanger Virbereedungsaarbecht d'Revisiounspropositioun 6030[5] an der Chamber deposéiert un där d'Institutiounekommissioun duerno nach weider dru geschafft huet.

De Konsens deen 2018 bestanen huet fir eng „nei Verfassung” ze schreiwe gouf duerno a Fro gestallt an et ass sech dunn drop gëeenegt gi fir éischter eng substantiell Reform vun der aktuell gëlteger Verfassung ze maachen. Am Dezember 2019 huet d'Kommissioun dem Staatsrot du matgedeelt, datt d'Propositioun 6030 net weider a Betruecht geholl géif, ma datt den Avis vum Staatsrot iwwer d'Amendementer Bestand hätt fir déi zukünfteg Aarbechten am Revisiounsdossier.

Op Basis vun engem politeschen Accord vun enger Majoritéit vun de Parteien, gouf dunn ë. a. festgehalen, datt :

  • de Status quo keng Optioun ass an datt de Verfassungstext aktualiséiert misst ginn ;
  • an de Moderniséierungsvirschléi d'Aarbecht vun de leschte 15 Joer grad ewéi d'Stellungnamen déi iwwer d'Biergerconsultatioun ("Är Virschléi") erakoumen, gréisstendeels berécksiichtegt sollte ginn;
  • eng Revisioun vun der aktueller Constitutioun an Etappen duerchgeféiert sollt ginn, an dat op Basis vun de Prioritéiten déi vun der Institutiounekommissioun virgi géif.

Revisioun vum Kapitel VI[6][änneren | Quelltext änneren]

D'Kapitel VI. iwwer d'Justiz ass dat, dat als éischt reforméiert gëtt, absënns well et a leschter Zäit schonn zwou Ännerungen am Kontext mam Verfassungsgeriicht gouf[7][8].

Follgend grouss Prinzippie ginn an deem neie Verfassungstext verankert:

  • D'Justiz ass onofhängeg;
  • d'Riichter kënnen net suspendéiert oder ofgesat ginn;
  • de Parquet ass onofhängeg, wann en enquêtéiert an eenzel Strofverfolgunge mécht. D'Regierung behält awer d'Recht, fir déi grouss Linne vun der Strofrechtspolitik festzeleeën;
  • Riichter a Parquet si getrennt.

Garantië fir d'Bierger virun der Justiz[änneren | Quelltext änneren]

D'Justitia

Follgend Prinzippie stinn am neien Text vun der Constitutioun:

  • D'Audiencë vun de Geriichter fannen an ëffentlecher Sëtzung statt;
  • d'Urteeler musse begrënnt ginn. Déi rechtlech a faktesch Grënn, déi zur Decisioun geféiert hunn, ginn erkläert;
  • d'Urteeler ginn an ëffentlecher Sëtzung gesprach;
  • d'Riichter sinn onparteiesch;
  • d'Prozesser si fair a gerecht a lafen an engem räsonabelen Delai;
  • béid Säite mussen an engem Prozess gehéiert ginn an d'Rechter vun der Defense gi respektéiert.

An och Follgendes gëtt an der Constitutioun festgeschriwwen:

  • d'Présomption d'innocence, dat heescht, datt eng Persoun, déi wéinst enger Strofdot ugeklot ass, esou laang als onschëlleg unzegesinn ass, wéi se net definitiv vun engem Geriicht schëlleg gesprach gouf,
  • de Prinzip vun der Legalitéit vun de Strofen, wat bedeit, datt nëmmen déi strofrechtlech Sanktioune verhaange kënne ginn, déi och an engem Gesetz virgesi sinn.

Conseil national de la justice[änneren | Quelltext änneren]

Mat deem neien Text gëtt en neit Organ, den Nationale Justizrot, geschaaft. Seng Missioun ass et, fir de gudde Fonctionnement vun der Justiz ze suergen, dat am volle Respekt vun där hirer Onofhängegkeet. Dee Conseil ass un der Nominatioun vun de Magistraten (Riichter a Membere vum Parquet) bedeelegt an intervenéiert am Fall vun disziplinaresche Moossnamen.

Erweiderung vun de Kompetenze vun der Cour constitutionnelle[änneren | Quelltext änneren]

Deen neien Text hält fest, dass d'Verfassungsgeriicht déi Fäll reegelt, wou et tëschent de Geriichter Konflikter doriwwer gëtt, wien zoustänneg ass.

Prozedur[änneren | Quelltext änneren]

D'Propositioun 7575 mat der Verfassungsännerung vum Kapitel VI. ass de 5. Mee 2020 an der Chamber deposéiert ginn.

Propositioun 7575[9]
Vott Datum Jo Nee Enthalung Net gestëmmt
1. Vott 20. Oktober 2021 50 4 (ADR) 2 (Déi Lénk) 2
2. Vott 21. Dezember 2022 48 3 (ADR) 2 (Déi Lénk) 7

Revisioun vun de Kapitelen I, III, V, VII, IX, X, XI an XII[änneren | Quelltext änneren]

D'Ännerunge betreffen d'Kapitelen iwwer den Territoire an de Groussherzog (Kapitel I), d'souverän Muecht (Kapitel III), d'Regierung vum Groussherzogtum (Kapitel V), d'ëffentlech Muecht (Kapitel VII), d'Gemengen (Kapitel IX), d'ëffentlech Ariichtungen (Kapitel X), d'Allgemeng Bestëmmungen (Kapitel XI) an d' Iwwergangs- an zousätzlech Bestëmmungen (Kapitel XII).

Den neie Verfassungstext ass nei strukturéiert fir datt e méi lieserlech a besser ze verstoen ass.

Lëtzebuerger Sprooch, Fändel, Nationalhymn an europäesch Integratioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Fändel
D'Melodie vun der Heemecht

D'Basis vum fréieren Text bleift déi selwecht: De Grand-Duché ass eng constitutionell Monarchie, déi sech op d'Prinzippie vum Rechtsstaat an de Respekt vun de Mënscherechter baséiert. Nei an den Text opgeholl goufen d'Symboler vum Staat, d'Sproochereegelung an déi europäesch Integratioun. D'Staatssymboler sinn d'Sprooch (Lëtzebuergesch), de Fändel (rout-wäiss-blo), de Wopen an d'Nationalhymn („Ons Heemecht“). D'Sproochereegelung war net an der „aler“ Constitutioun festgehalen, mee an engem Gesetz vun 1984 ze fannen[10]. Dat Gesetz beseet, dass d'Lëtzebuergescht d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger ass. D'Fro vun der Sprooch koum elo an d'Constitutioun stoen, wou den Text festhält, datt Lëtzebuergesch d'Landessprooch ass. Um Prinzip vun der Méisproochegkeet vum Land gëtt festgehalen.

D'europäesch Integratioun bedeit keng Aschränkung vun der nationaler Souveränitéit. Et gëtt net vun uewen erof diktéiert, datt staatlech Zoustännegkeeten op d'EU iwwerginn. Et ass villméi d'Suite vum Bäitrëtt vun de Staaten zur EU a vun de Verträg, déi an deem Kader ënnerschriwwe goufen. Esou Verträg musse vun der Chamber duerch e Gesetz confirméiert ginn, dat mat qualifizéierter Majoritéit ugeholl gëtt. D'europäesch Integratioun gouf iwwregens och an der franséischer Constitutioun an am däitsche Grundgesetz verankert.

Deen neien Text respektéiert d'Resultat vum Referendum vun 2015 a preziséiert, datt de Prinzip, no deem d'Walrecht per Gesetz op Netlëtzebuerger ausgedeent ka ginn, sech net op d'Chamberwalen applizéiert. Den Text seet ganz kloer, datt ee fir Wieler ze sinn, Lëtzebuerger an op d'mannst 18 Joer al muss sinn.

Grand-Duc a Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg ass eng constitutionell Monarchie. Dat ass elo ausdrécklech am Verfassungstext ernimmt. D'Kompetenze vum Grand-Duc ergi sech aus der Constitutioun an aus de Gesetzer. Déi nei Dispositioune beschreiwen d'Funktioune vum Grand-Duc, sou wéi se an der Praxis ausgeüübt ginn. De Grand-Duc erfëllt d'Funktioun vum Staatschef. Hie schléisst d'international Ofkommessen, an et ass och hien, dee se opkënnegt, en hëlt d'Mesurë fir d'Ausféiere vun de Gesetzer an hien exerzéiert den Exekutivpouvoir zesumme mat der Regierung. D'Gesetzesprojete ginn net méi am Numm vum Grand-Duc an der Chamber deposéiert. D'Chamber eleng verfüügt iwwert de legislative Pouvoir. D'Recht gëtt net méi am Numm vum Grand-Duc gesprach, mee d'Urteeler gi weider a sengem Numm exekutéiert.

De Staat stellt dem Grand-Duc als Staatschef déi néideg Finanzmëttel zur Verfügung, fir datt hie seng Funktiounen an aller Onofhängegkeet a mat deem senge representative Verflichtungen ugemoossenen Opwand kann erfëllen. De Budget heifir gëtt alljoers vun der Chamber gestëmmt. De Grand-Duc organiséiert de Verwaltungsapparat, dee fir seng Besoine gebraucht gëtt. Dës Administratioun gouf am Joer 2020 ënnert dem Numm « Maison du Grand-Duc » – mat vun elo un eegener Rechtsperséinlechkeet – geschaaft, déi awer jidderzäit den Intérêt public am A huet.

Regierung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rei Missioune vun der Regierung, déi et scho goufen, sinn elo och am Text ageschriwwen. Et sinn déi hei:

  • d'Regierung leet déi generell Politik vum Staat;
  • de Premierminister koordinéiert der Regierung hir Aarbecht a suergt fir eng konstant eenheetlech Linn an der Regierungsaarbecht;
  • d'Membere vun der Regierung erfëllen hir Funktiounen entweeder am Regierungsrot oder individuell, do wou se zoustänneg sinn.

Zu den neien Elementer gehéiert, datt d'Regierung, déi virun hirer Ofléisung steet, déi allgemeng Regierungsgeschäfter provisoresch weiderféiert, bis déi nei Regierung untrëtt. Wann de Grand-Duc gestuerwen ass, wann en ofdankt oder wa constatéiert gëtt, datt en den Aufgaben, déi en der Verfassung no huet, net kann nokommen, dann iwwerhëlt d'Regierung d'Funktioun vum Staatschef, bis de Successeur vum Grand-Duc vereedegt ass.

Zesummesetzung vun der Regierung[änneren | Quelltext änneren]

An der „aler“ Verfassung stoung, datt d'Regierung sech aus op mannst dräi Memberen zesummesetzt. Deen neien Text ass elo méi prezis: d'Regierung besteet aus engem Premierminister, Vizepremierministeren, Ministeren a gegeebenefalls delegéierte Ministeren a Staatssekretären .

Responsabilitéit vun der Regierung an de Regierungsmemberen[änneren | Quelltext änneren]

Den alen Text huet just ganz allgemeng festgehalen: „D'Membere vun der Regierung mussen sech veräntwerten“. An deenen neien Dispositioune sinn hir Immunitéit an hir Responsabilitéit elo op follgend Aart a Weis gereegelt:

  • d'Regierungsmemberen hunn eng zivil- a strofrechtlech Immunitéit fir Meenungsäusserungen am Kader vun hirer Funktioun;
  • d'Regierung an hir Membere musse sech géintiwwer der Chamber veräntwerten;
  • d'Regierungsmemberen hunn déi strofrechtlech Responsabilitéit fir Handlungen, déi si am Kader vun hirer Funktioun virhuelen. Nëmmen de Parquet ka geriichtlech Schrëtt géint e Regierungsmember wéinst esou Doten aleeden a weiderféieren. Dat ass och de Fall, wann de Regierungsmember net méi am Amt ass. Ausser am Fall vum Flagrant délit muss eng Arrestatioun vun engem Regierungsmember am Viraus vun der Chamber autoriséiert ginn. Dat ass awer net néideg, wann et ëm d'Exekutioun vun de Strofen, dorënner och Prisongsstrofe geet, déi géint e Regierungsmember verhaange goufen.

Gemengen[änneren | Quelltext änneren]

Den neien Text huet am grousse Ganzen d'Bestëmmungen iwwerholl, déi och virdru scho fir d'Gemenge gegollt hunn. Mat Bléck op déi finanziell Ressourcë vun de Gemenge gouf Verschiddenes preziséiert:

  • d'Gemengesteiere ginn an der Haaptsaach iwwer e Gesetz festgeluecht;
  • d'Taxe fir de Finanzement vun de Gemengeservicer gi vum Gemengerot festgeluecht;
  • de Gemengerot kann ënnert bestëmmte Bedéngunge speziell Steieren decidéieren, déi am Interêt vun der Gemeng néideg sinn.

De Staat muss derfir suergen, datt d'Gemengen iwwert déi néideg Moyene verfügen, fir hir Missiounen ze erfëllen. All Gesetz, dat hinnen nei Missiounen iwwerdréit, muss och de Finanzement heivu virgesinn.

Wat d'Relatiounen tëscht dem Staat a Kierchen a Glawensgemeinschaften ugeet, verankert deen neien Text d'Trennung vu Kierch a Staat. D'Relatiounen tëscht dem Staat an de Kierchen an de Glawensgemeinschafte gi gesetzlech gereegelt. Si kënnen duerch Conventiounen, déi den Accord vun der Chamber musse fannen, méi genee definéiert ginn. De Staat kënnt net fir d'Paien a Pensioune vun de Geeschtlechen op.

Prozedur[änneren | Quelltext änneren]

D'Propositioun 7700 mat der Verfassungsännerung vun de Kapitelen I, III, V, VII, IX, X, XI et XII ass de 17. November 2020 an der Chamber deposéiert ginn.

Propositioun 7700[11]
Vott Datum Jo Nee Enthalung Net gestëmmt
1. Vott 25. Januar 2022 49 4 (ADR) 1 (Déi Lénk) 6
2. Vott 22. Dezember 2022 52 3 (ADR) 1 (Déi Lénk) 4

Revisioun vum Kapitelen II[änneren | Quelltext änneren]

Am drëtte Volet vun der Revisioun goung et ëm de Kapitel II iwwer d'Lëtzebuerger an hir Rechter.

Grondrechter[änneren | Quelltext änneren]

D'Grondrechter stellen d'Grondlag fir d'Zesummeliewen an all Gesellschaft duer, déi sech op d'demokratesch Wäerter an de Respekt vun de perséinleche Fräiheete vun deem Eenzele baséiert. Dës Rechter kënnen net ugetaascht ginn.

Doniewent sinn all déi Grondrechter geschützt, déi garantéiert sinn duerch international Accorden, deene Lëtzebuerg bäigetrueden ass. Follgend Rechter sinn elo festgeschriwwe:

Nei dobäi koum ausserdeem d'Recht op Gedanke-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet.

Biergerrechter[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert de Biergerrechter sinn all individuell a kollektiv Rechter ze verstoen, déi duerch d'Gesetzer an deemno vum Staat garantéiert sinn. Mat deem neien Text goufen nei Biergerrechter ageféiert, dorënner beispillsweis:

  • d'Recht, eng Famill ze grënnen: d'Relatioun vun enger Koppel, déi entweeder bestuet oder gepacst ass oder an enger anerer, net reglementéierter Liewensgemeinschaft zesummelieft. Et geet och ëm d'Relatioun vun esou Koppele mat hire Kanner, grad ewéi och d'Relatioun vun engem elengerzéienden Elterendeel mat senge Kanner. D'Polygamie ass verbueden a gëtt mat fënnef bis zéng Joer Prisong bestrooft. Et gëtt kee politesche Konsens fir eng Legaliséierung vun der Leihmutterschaft, also der Gestation pour autrui (GPA), zu Lëtzebuerg.
  • den Interessi vum Kand[12]: Anescht wéi am alen Text, geet deen neie Verfassungstext op de Schutz vun den Interessen an de Rechter vum Kand an. Dëst ass eent vun de Resultater vun der Biergerconsultatioun;
  • d'Recht op informationell Selbstbestëmmung an op de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën;
  • d'Recht op Asyl.

Staatsziler an der Constitutioun[änneren | Quelltext änneren]

Heibäi handelt et sech net ëm Rechter, mee et sinn Ziler, déi de Staat sech gëtt (Staatsziler). D'Politik ass gefuerdert, alles drunzesetzen, fir dës Ziler ze erreechen. Si kënnen net viru Geriicht ageklot ginn.

Déi hei Ziler fënnt een an enger eegener Sektioun:

Prozedur[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Abrëll 2021 war den Depot an der Chamber vun der Propositioun 7755 mat der Verfassungsännerung vum Kapitel II.

Propositioun 7755[13]
Vott Datum Jo Nee Enthalung Net gestëmmt
1. Vott 3. Mäerz 2022 46 4 (ADR) 2 (Déi Lénk) 8
2. Vott 22. Dezember 2022 52 3 (ADR) 1 (Déi Lénk) 4

Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis[änneren | Quelltext änneren]

Am leschten Deel vun der Revisioun goung et ëm d'Chamber an de Staatsrot.

En neit Instrument: Initiativrecht vun de Bierger[änneren | Quelltext änneren]

D'Bierger hunn elo d'Méiglechkeet, Gesetzestexter ze initiéieren. Hir Propositioune musse begrënnt ginn, vun 125 Wieler agereecht a vun op d'mannst 12.500 Wieler ënnerstëtzt ginn. D'Chamber hëlt an enger ëffentlecher Sëtzung Stellung zu dëse Biergerpropositiounen[12].

Stäerkung vun der Chamber hire Pouvoiren[änneren | Quelltext änneren]

D'Chamber mécht d'Gesetzer a kontrolléiert d'Aarbecht vun der Regierung. Mat Bléck op dës Missioune goufen eng Rei Rechter an d'Constitutioun ageschriwwen, fir datt d'Chamber hiren Aufgaben nokomme kann:

  • Si ka verlaangen, dass een oder méi Regierungsmemberen an d'Chamber kommen;
  • Si kann der Regierung parlamentaresch Froen, och a Form vun Interpellatioune stellen. D'Regierung muss dorop äntweren;
  • D'Regierung ka vun hir opgefuerdert ginn, der Chamber all Informatiounen an Dokumenter zur Verfügung ze stellen, déi fir hir Aarbecht néideg sinn;
  • D'Chamber huet d'Recht, e Vertrauensvott fir oder e Mësstrauensvott géint d'Regierung ze huelen.

Ausserdeem gëtt et nach dës Rechter fir d'Chamber:

  • Ënner aussergewéinlechen Ëmstänn ka si eng Persoun vun der Nofolleg an der Funktioun vum Grand-Duc ausschléissen;
  • Si kritt d'Recht, en neie Staatschef ze ernennen, wann et keen Nofollger fir d'Successioun um Troun gëtt;
  • Den Asaz vun der Lëtzebuerger Force publique am Ausland muss vun der Chamber autoriséiert ginn.

Vereinfachten Zougang zum Droit d'enquête[änneren | Quelltext änneren]

Neierdéngs muss eng Enquêtëkommissioun agesat ginn, wann op d'mannst een Drëttel (20) vun den Deputéierten dat verlaangt. Virdru konnt esou eng Kommissioun eréischt agesat ginn, wa méi wéi d'Hallschent (31) vun den Deputéierten dat gefrot huet.

Ombudsmann[änneren | Quelltext änneren]

Mat deem neien Text gouf den Ombudsmann an der Constitutioun verankert[12]. Den Ombudsmann, deen un d'Chamber rattachéiert ass, gëtt vun der Chamber virgeschloen a vum Grand-Duc genannt.

Prozedur[änneren | Quelltext änneren]

Den Depot an der Chamber vun der Propositioun 7777 mat der Verfassungsännerung vun de Kapitele IV a Vbis war den 29. Juni 2021.

Propositioun 7777 [14]
Vott Datum Jo Nee Enthalung Net gestëmmt
1. Vott 13. Juli 2022 47 4 (ADR) 2 (Déi Lénk) 7
2. Vott 22. Dezember 2022 52 3 (ADR) 2 (Déi Lénk) 3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 17 janvier 2023 portant révision du chapitre VI. de la Constitution. legilux.public.lu (17.01.2023). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  2. Loi du 17 janvier 2023 portant révision des Chapitres Ier, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI et XII de la Constitution. legilux.public.lu (17.01.2023). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  3. Loi du 17 janvier 2023 portant révision du chapitre II de la Constitution. legilux.public.lu (17.01.2023). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  4. Loi du 17 janvier 2023 portant révision des chapitres IV et Vbis de la Constitution. legilux.public.lu (17.01.2023). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  5. Proposition de révision portant instauration d'une nouvelle Constitution. www.chd.lu (21.04.2009). Gekuckt de(n) 25.12.2022.
  6. Quell wou net anescht uginn: Brochure d'information « Révisions de la Constitution », Chambre des Députés, 2022.
  7. Loi du 6 décembre 2019 portant révision de l'article 95ter de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (06.12.2019). Gekuckt de(n) 25.01.2022.
  8. Loi du 15 mai 2020 portant révision de l'article 95ter de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.2020). Gekuckt de(n) 24.01.2022.
  9. Proposition de révision du chapitre VI. de la Constitution. www.chd.lu (21.12.2022). Gekuckt de(n) 25.12.2022.
  10. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. - Legilux. legilux.public.lu (24.02.1984). Gekuckt de(n) 27.01.2022.
  11. Proposition de révision des Chapitres Ier, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI et XII de la Constitution. www.chd.lu (22.12.2022). Gekuckt de(n) 25.12.2022.
  12. 12,0 12,1 12,2 12,3 12,4 12,5 12,6 12,7 dës Bestëmmung ass no der Biergerconsultatioun an d'Propositioune fir den neie Verfassungstext opgeholl ginn
  13. Proposition de révision du chapitre II. de la Constitution. www.chd.lu (22.12.2022). Gekuckt de(n) 25.12.2022.
  14. Proposition de révision des Chapitres IV et Vbis de la Constitution. www.chd.lu (22.12.2022). Gekuckt de(n) 25.12.2022.