Referendum vum 7. Juni 2015

De Referendum vum 7. Juni 2015 war e Referendum zu Lëtzebuerg, wou 3 eenzel Froe gestallt goufen iwwer méiglech Ännerungen an der Verfassung. All dräi Froe goufe mat grousser Majoritéit ofgeleent.
Dës Froe sinn:[1]
Inhaltsverzeechnes
Froen[änneren | Quelltext änneren]
- Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d'Lëtzebuerger, déi tëschent 16 an 18 Joer al sinn, d'Recht kréien, sech fakultativ an d'Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei de Wale fir d'Chamber, d'Europaparlament an de Gemengerot souwéi bei de Referende kënne matzemaachen?
- Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d'auslännesch Matbierger d'Recht kréien, sech fakultativ an d'Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwale kënne matzemaachen, an dat ënnert der besonnescher duebeler Bedéngung, datt si op d‘mannst zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawalen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?
- Sidd Dir mat der Iddi averstanen, d'Zäit, während där eng Persoun ouni Ënnerbriechung an der Regierung däerf sinn, op maximal 10 Joer ze begrenzen?
Ursprénglech war nach eng véiert Fro virgesinn:
- [4.] Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt de Stat net méi d'Verflichtung huet, d'Paien an d'Pensioune vun de Geeschtlechen a Laienhelfer vun den unerkannte Glawensgemeinschaften ze iwwerhuelen?
Dës gouf awer hifälleg, wéinst dem Accord, deen den 19. Januar 2015 mat de Kierche fonnt gi war.[2]
De Referendum war konsultativ, dat heescht, d'Resultat gëtt beim Entworf vun enger neier Verfassung berücksichtegt, mee huet als solches keng Gesetzeskraaft.
Resultater[änneren | Quelltext änneren]
Et goufen 246.974 ageschriwwe Wieler. 214.835 Wieler hunn e Stëmmziedel ofginn vun deenen der 211.013 gëlteg waren, 2.187 goufe wäiss ofginn a 1.635 waren ongëlteg. 18.837 Wieler hu per Bréifwal gewielt.
D'Resultat war dat hei:[3]
Fro 1: Reduktioun vum Walalter op 16 Joer[änneren | Quelltext änneren]
Jo: 19,13 %; Nee: 80,87 %.
Fro 2: Aféierung vum Auslännerwalrecht[änneren | Quelltext änneren]
Jo: 21,98 %; Nee: 78,02 %.
Fro 3: Begrenzung vun der Mandatsdauer fir Ministeren[änneren | Quelltext änneren]
Jo: 30,07 %; Nee: 69,93 %.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Referendum. Forum, Heft 349, Mäerz 2015.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Referendum vum 7. Juni 2015 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- referendum.lu, de Site vun der Chamber zum Referendum.
- Ein Referendum - drei Fragen. Dossier am Tageblatt.
- Dossier zum Referendum am Luxemburger Wort.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Offiziell Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Referendum." rtl.lu, Leschten Update: 31.10.2014, 18:30:05.
- ↑ "Verhältnis Staat a KierchenReferendumsfro fält wech, Accord iwwer neie Reliounsartikel." rtl.lu, leschten Update: 21.01.2015, 13:47:54.
- ↑ "Résultats" op elections.publc.lu.