Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) LCGB)
Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond
Ofkierzung LCGB
Zweck Gewerkschaft
Grënnungsdatum 23.12.1921
Memberen 39.000
Sëtz 11, Rue du Commerce
L-1351 Lëtzebuerg
President Patrick Dury
Websäit www.lcgb.lu

De Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaft, déi den 23. Dezember 1921 vu kathouleschen Aarbechter aus dem 1903 gegrënnte Luxemburger katholischer Volksverein eraus gegrënnt gouf. Als Gewerkschaft baséiert den LCGB seng gewerkschaftspolitesch Aktioune sou op der chrëschtlecher Sozialléier. Dëst spigelt sech och erëm am Motto vun der Gewerkschaft: De Mënsch am Mëttelpunkt.

Den LCGB ass, mat eppes iwwer 39.000 Memberen[1], nom OGB-L déi zweetgréisst Gewerkschaft zu Lëtzebuerg. Den LCGB ass nieft dem OGB-L an der CGFP eng vun den dräi national representative Gewerkschaften an ass an där Qualitéit bei den Tripartitesëtzungen derbäi, verhandelt mat de Patronsfederatioune Kollektivverträg oder Accorden an ass an de Gremie vun der Gesondheetskeess, der Pensiounskeess an dem Conseil économique et social (Lëtzebuerg) (CES) vertrueden.

Den LCGB ass zanter 2011 Member vum Nationalen Aktiounskommitee géint Atomkraaft an Deel vun der Initativ Making Luxembourg (Solidaritéit amplaz Rassismus), déi 2012 lancéiert gouf.

Den LCGB war 2001 zesumme mat der chrëschtlecher Eisebunnsgewerkschaft Syprolux Matgrënner vun der Mobbing asbl.

Den LCGB huet säi Siège am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg.

Gewerkschaftsorganer

[änneren | Quelltext änneren]

Den LCGB setzt sech aus 5 Haaptorganer zesummen[2],[3]: dem Nationalkongress, dem Gewerkschaftsrot, dem Zentralcomité, dem Exekutivcomité an dem Koordinatiounscomité. All dës Organer ënnerstinn der Kontroll vun der Iwwerwaachungskommissioun.

Den Nationalkongress

[änneren | Quelltext änneren]

Den Nationalkongress ass den ieweschte Gremium vum LCGB. Den Nationalkongress gëtt op Decisioun vum Zentralcomité aberuff.

Déi stëmmberechtegt Membere vum Nationalkongress setze sech zesummen aus den:

  • Membere vum Zentralcomité;
  • Membere vun deenen 3 Bezierkscomitéen (Norden, Osten/Zentrum, Süden);
  • Delegéiert aus de Comitéë vun de Beruffsfederatiounen;
  • Delegéiert aus de Comitéë vun de spezifeschen iwwerbetribleche Strukturen;
  • Delegéiert aus de Comitéë vun de Lokalsektiounen.

D'Membere vun der Iwwerwaachungskommissioun siegéiere mat berodender Stëmm am Nationalkongress.

Den Nationalkongress kënnt all 5 Joer zesummen. Tëscht zwéin Nationalkongresser kann an urgente Fäll op Decisioun vum Zentralcomité en extraordinären Nationalkongress zesummegeruff ginn. Dee leschten ordinären Nationalkongress war den 20.-21. November 2009 zu Stroossen.

Den Nationalpresident gëtt um Nationalkongress vun de Membere vum Zentralcomité gewielt.

De Gewerkschaftsrot

[änneren | Quelltext änneren]

De Gewerkschaftsrot ass an deenen 5 Joer tëscht zwéin Nationalkongresser dat iewescht Gremium vum LCGB. Et kënnen an dësem Intervall sou vill Gewerkschaftsréit wéi néideg aberuff ginn. De Gewerkschaftsrot gëtt op Decisioun vum Zentralcomité aberuff.

Déi stëmmberechtegt Membere vum Gewerkschaftsrot setzen sech zesummen aus den:

  • Membere vum Zentralcomité;
  • Membere vun deenen 3 Bezierkscomitéen (Norden, Osten/Zentrum, Süden);
  • Delegéierten aus de Comitéë vun de Beruffsfederatiounen;
  • Delegéierten aus de Comitéë vun de spezifeschen iwwerberuffleche Strukturen.

D'Membere vun der Iwwerwaachungskommissioun sëtze mat consultaltiver Stëmm am Gewerkschaftsrot.

De Gewerkschaftsrot gëtt mat Aktualitéitssujete befaasst an hëlt sou d'Decisiounen iwwer dem LCGB seng Positioun zu wichtege sozialpoliteschen an ekonomeschen Theemen.

Den Zentralcomité

[änneren | Quelltext änneren]

Den Zentralcomité leet d'Gewerkschaft op Basis vum LCGB senge Statuten an den Decisioune vum Nationalkongress an de Gewerkschaftsréit.

Déi stëmmberechtegt Membere vum Zentralcomité setzen sech zesummen aus:

  • dem Nationalpresident;
  • dem Generalsekretär;
  • den 3 bäigeuerdente Generalsekretären;
  • de Presidenten an de Gewerkschaftssekretäre vun de Bezierker, de Beruffsfederatiounen an de spezifeschen iwwerberuffleche Strukturen;
  • de gewielte Vertrieder aus de Bezierker an de Beruffsfederatiounen.

Fir kënne stëmmberechtegte Member vum Zentralkommitee ze sinn, muss een zanter mindestens 2 Joer Member vum LCGB sinn.

Den Zentralcomité wielt fir eng Dauer vu 5 Joer ënner dem haaptamtleche Gewerkschaftspersonal de Generalsekretär an déi 3 bäigeuerdent Generalsekretären. Donieft wielt den Zentralcomité fir eng Dauer vu 5 Joer ënner dem niewenamtleche Gewerkschaftspersonal déi 2 Vizepresidenten an all déi aner Membere vum Exekutivcomité.

Den Exekutivcomité

[änneren | Quelltext änneren]

Den Exekutivcomité këmmert sech ëm déi lafend Geschäfter vum LCGB a preparéiert d'Sëtzunge vum Zentralcomité.

Den Exekutivcomité setzt sech aus 15 stëmmberechtegte Memberen zesummen:

  • 5 haaptamtlech Memberen, dorënner den Nationalpresident; de Generalsekretär an déi 3 bäigeuerdent Generalsekretären;
  • 10 niewenamtlech Memberen:
  • déi 3 Bezierkspresidenten;
  • 5 ënner de Presidente vun de Beruffsfederatioune vum Zentralcomité gewielte Memberen;
  • 2 ënner de Membere vun de Bezierkscomitéen, de Beruffsfederatiounen an de spezifeschen iwwerberuffleche Strukture gewielte Memberen

Den Zentralcomité wielt déi 2 Vizepresidente vum LCGB ënner deenen 10 niewenamtleche Membere vum Exekutivcomité.

De Koordinatiounscomité

[änneren | Quelltext änneren]

De Koordinatiounscomité bereet d'Sëtzunge vum Exekutivcomité vir.

Den Exekutivcomité setzt sech zesummen aus:

  • dem Nationalpresident;
  • dem Generalsekretär;
  • deenen 3 bäigeuerdente Generalsekretären;
  • dem Aumônier.

Organisatioun vun der Gewerkschaft

[änneren | Quelltext änneren]
De Lokalbüro zu Déifferdeng.

National, lokal a regional Strukture vum LCGB

[änneren | Quelltext änneren]

Op nationalem a regionalem Niveau sinn dem LCGB seng Memberen organiséiert an:

  • 3 Circonscriptiounen (Norden, Osten-Zentrum, Süden);
  • 76 Lokalsektiounen zu Lëtzebuerg a 4 Sektioune fir Frontalieren (Lonkech, Rheinland-Pfalz, Saarland, Diddenuewen);
  • 4 Betribssektiounen (AVL, Heintz van Landewyck, P&T, RTL)
  • 12 Beruffsfederatiounen (Bau an Handwierk, Ëffentlechen Déngscht, Conseil National du Gardiennage et de la Sécurité, Gemengebeamten, Handel, Industrie, Privatschoulen, Santé a sozioedukativ Beruffer, SEA - Syndicat des employés dans le secteur de l'aviation, SESF - Syndicat des employés du secteur financier, SESM - Syndicat des employés de la sidérurgie et de la métallurgie, Transport);
  • 2 spezifesch Beruffsstrukturen (ACAP - Association des chauffeurs d'autobus privés, ASG - Association des Salariés du Secteur des Garages)
  • 4 spezifesch iwwerbetriblech Strukturen (Fraekommitee, Kommissioun vun den Auslännesche Matbierger, LCGJ - Lëtzebuerger Chrëschtlech Gewerkschaftsjugend, Rentnerkommitee);
  • 3 Frontalierskommissiounen (Belsch Grenzgängerkommissioun LCGB-CSC, Franséisch Grenzgängerkommissioun, Däitsch Grenzgängerkommissioun).

INFO-CENTER Büroe vum LCGB

[änneren | Quelltext änneren]

Den LCGB bitt senge Memberen an 3 Bezierksbüroen (Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Ettelbréck), 3 Lokalbüroen (Déifferdeng, Diddeleng a Waasserbëlleg) an 2 Frontaliersbüroen (Merzig, Diddenuewen) Rot an Hëllef un.[4],[5] Dës Büroe goufen am Laf vum Joer 2012 an INFO-CENTER ëmbenannt. An dësem Kader gouf och eng INFO-CENTER Hotline ageriicht.

Internationales, Europa a Groussregioun

[änneren | Quelltext änneren]

Um internationale respektiv europäeschem Niveau ass den LCGB Member vum Internationale Gewerkschaftsbond (IGB) a vum Europäesche Gewerkschaftsbond (EGB).

Op regionalem Niveau ass den LCGB Member vum IGR Saar-Lor-Lux/Trier-Westpfalz, vum IRS 3 Frontières a vun der Plate-forme syndicale de la Grande Région (PSGR). An deem Kontext sinn och zwéin EURES-Conseilleren am LCGB aktiv.

Lëscht vun den Nationalpresidenten

[änneren | Quelltext änneren]

Thematesch Schwéierpunkten (2009 bis haut)

[änneren | Quelltext änneren]

Dem LCGB säin Aarbechtsprogramm fir d'Joren 2009-2014 gouf den 20-21. November 2009 um 58. Nationalkongress ugeholl. Schwéierpunkte sinn ënner anerem d'Kollektivvertragspolitik, d'Aarbechtsrecht, d'Gläichbehandlung, de Beschäftegungserhalt, de Sozialdialog an de Betriber, de Kafkraafterhalt mam Schwéierpunkt Index a Frontalieren.[7],[8]

Zanter dem 58. Nationalkongress huet den LCGB 3 thematesch Gewerkschaftsréit organiséiert:

  • Den 13. Mäerz 2010 war d'Theema d'Demokratisatioun vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg. Méi wéi 500 Delegéiert hunn op deem Gewerkschaftsrot dem LCGB seng Positioun zum Sozialdialog an de Betriber ugeholl[9],[10], dëst am Hinbléck op déi vun der Regierung geplangt Reform vun de Cogestiounsgesetzer am Virfeld vun de Sozialwalen 2013. Bis dato läit heizou nach kee Projet de loi vir.
  • De 16. Oktober 2010 war d'Theema Liewen a Schaffen an der Groussregioun. Dëse Gewerkschaftsrot huet sech domat beschäftegt fir erauszefanne mat wéi enge Mobilitéitshemnisser déi däitsch a franséisch Frontalieren confrontéiert sinn. D'Resultat ass eng Opstellung vun den Haaptmobilitéitshemmnisser an de Beräicher Beschäftegung, Sozialversécherung, Steierrecht, Zivilrecht a Mobilitéit an d'Opzeechne vu Léisungspiste fir déi eenzel Hemmnisser.[11],[12]
  • De 17. November 2012 huet sech alles em de Startschoss vun der LCGB-Campagne fir d'Sozialwalen 2013 gedréint. Nieft engem éischten Iwwerbléck vun den Haaptstéchdatumer fir d'Joer 2013, gouf och déi definitiv Versioun vum LCGB senger Charte fir d'Sozialwalen an d'Missioune vum LCGB virgestallt. Den LCGB geet mat 10 Engagementer an d'Sozialwalen 2013 an huet déi fir d'éischt Kéier op dësem Gewerkschaftsrot presentéiert.[13]

Ee Sujet deen den LCGB zanter 2010 beschäftegt ass den Dossier vun de Studiëbäihëllefen. Wéi d'Regierung no der gescheiterter Tripartite 2011 ugekënnegt huet, datt si d'Gesetz iwwer d'Familljenzoulagen an d'Studiëbäihëllefen ännere géif andeems all Schüler a Student no 18 Joer net méi an de Genoss vun de Familljenzoulage kënnt (bis dohi goufen d'Familljenzoulage fir Schüler a Studente bis 27 Joer ausbezuelt) dofir awer d'Studiëbäihëllefe fir all Residente géifen no uewen ugepasst ginn, huet den LCGB direkt seng Oppositioun zu dësem Projet markéiert well hei d'Kanner vu Frontalieren zu Lëtzebuerg diskriminéiert ginn. D'Gesetz gouf trotzdeem vun der Chamber gestëmmt an den LCGB huet eng Plainte bei der Europäescher Kommissioun agereecht well dëst Gesetz der Gewerkschaft no net conforme mam EU-Recht vun der fräier Mobilitéit ass. Donieft huet den LCGB all Frontalieren dozou opgeruff trotz dem neie Gesetz eng Demande fir Studiëbäihëllefe beim CEDIES anzereechen. Déi schrëftlech Refuse goufe vum LCGB gesammelt fir eng Plainte beim Tribunal administratif anzereechen. Déi Plainte gouf den 12. Januar 2012 un den Europäesche Geriichtshaff verwise wou elo tranchéiert muss ginn ob d'Frontalieren effektiv duerch dat neit Gesetz diskriminéiert ginn oder net. Nodeem d'Avocate générale vum Europäesche Geriichtshaff de 16. Februar 2012 an engem änleche Fall géint den hollännesche Staat d'Conclusioun gezunn huet, datt eng Residenzklausel am Kontext vu Studiëbäihëllefen eng Diskriminatioun duerstellt, huet d'Europäesch Kommissioun de 27. Februar 2012 an hirem Avis motivé un d'Lëtzebuerger Regierung och am Dossier Studiëbäihëllefen zu Lëtzebuerg vun enger Diskriminatioun geschwat. D'Lëtzebuerger Regierung huet elo 2 Méint Zäit fir op dësen Avis motivé z'äntweren a kann duerno eventuell vun der Kommissioun um Europäesche Geriichtshaff verklot ginn.

E weidere Sujet deen den LCGB zanter 2011 beschäftegt huet war d'Gesondheetsreform, déi dat Joer virdrun an der Chamber gestëmmt gouf. Den LCGB war an deem Kontext déi dreiwend Kraaft fir d'Ofschafe vun der "taxe polyclinique" vun 2,50 €, well et hei ze vill Abusen zum Nodeel vun de Patiente kéint féieren, an den administrativen Opwand am Endeffekt d'Mesuren net gerechtfäerdegt huet. Donieft mëscht den LCGB sech och vill Suergen ëm den Dateschutz am Kader vun der Aféierung vum elektronesche Patientendossier.

Am Hierscht 2011 huet den LCGB fir d'éischt Kéier de Projet vu senger Charta fir Sozialwahlen 2013 presentéiert.[14],[15] Dës LCGB-Charta fousst op 5 thematesche Schwéierpunkter:

  • Eng modern Kollektivvertragspolitik déi jiddwerengem déi selwecht Chancen a Perspektive bitt;
  • Eng besser Informatioun vun de Salariéen an hir Bedeelegung un de Betribsresultater - awer nëmme wann déi positiv sinn;
  • Eng verstäerkt Employabilitéit vun de Salariée duerch eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung, souwuel an der Schoul, wéi am Beruffsliewen;
  • Den Erhalt vun der Kafkraaft an domat verbonnen d'Verdeedegung vum Indexsystem;
  • D'Garantie vun enger stabeler an nohalteger Existenz fir d'Salariée vum Privatsecteur an hir Familljen.

Op senger Neijoerschreceptioun 2012 hat den LCGB-Nationalpresident Patrick Dury ugekënnegt, datt den LCGB sech wäert verstäerkt fir d'Ofsécherung vun den Existenze vun de Salariéen aus dem Privatsecteur asetzen. Well d'Salariéen am Privatsecteur just iwwer eng eenzeg Garantie verfügen, nämlech den Erhalt vun hirer Kafkraaft via den Indexsystem, muss d'Regierung alles ënnerhuele fir d'Existenze vun dëse Salariéen ofzesécheren. Kann oder wëll d'Regierung keng Moossnamen an d'Richtung vun enger Ofsécherung vun der Existenz huelen, da muss d'Regierung de Salariéen aus dem Privatsecteur all Mount eng speziell Risikoprimm ausbezuele fir de Risiko vum Aarbechtsverloscht, mat deem dës Salariéen all Dag liewe mussen, Rechnung ze droen.[16],[17] Déi detailléiert Iwwerleeunge vum LCGB zur Ofsécherung vun den Existenze vun de Salariéen aus dem Privatsektor goufen am Mäerz 2012 als Broschüre publizéiert.

En zweete Sujet deen den LCGB 2012 an Ugrëff geholl huet, war dee vum Jugendchômage an domat verbonnen eng Analys vun der Problematik ronderëm d'Léier zu Lëtzebuerg. Den LCGB fuerdert hei zanter Hierscht 2012 d'Aféiere vun engem spezifeschen CIE (contrat d'initiation-emploi) fir weineg qualifizéiert Jonker. Zanter Januar 2013 setzt sech den LCGB och dofir an datt d'Léierbud vun ArcelorMittal zu Déifferdeng am Fall vun enger Verstaatlechung ëmfunktionéiert gëtt an eng national Beruffsschoul fir Industrieberuffer. Dëst géif et nees erméiglech zeréck zum dualen Ausbildungssystem (Schoul-Betrib) ze goen.

En drëtte Sujet deen den LCGB dat ganzt Joer 2012 beschäftegt hat, war d'Pensiounsreform. Den LCGB huet an deem Kontext gefuerdert, datt de Lëtzebuerger Pensiounssystem allen Assuréeën déi selwecht Rechter, Flichten a Perspektive bitt. Dem LCGB huet an dësem Kontext ënner anerem gefuerdert:

  • Eng Harmonisatioun vum Kotisatiounsplafong tëscht dem privaten an dem ëffentleche Secteur;
  • Keng Modulatioun vum Rentenajustement ouni Cotisatiounsupassung;
  • D'Aféierung vun engem reelle Recht op eng progressiv Preretraite;
  • D'Urechne vun de Studiëjore wéi cotiséiert Joren (an net wéi bis dato just als assimiléiert Joren).[18],[19]

Den LCGB huet an dësem Kontext och de 16. Oktober 2012 zu Niederanven manifestéiert fir ee Pensiounssystem deen allen Assuréeën déi selwecht Rechter, Flichten a Perspektive bitt. Ronn 900 Leit hunn un dëser LCGB-Manifestatioun Deel geholl.

Traditionell Gewerkschaftsfeieren

[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Mee organiséiert den LCGB nach als eenzeg Lëtzebuerger Gewerkschaft en traditionellen 1. Mee Ëmzuch mam Nidderleeë vun enger Gerbe. Héichpunkt vun all 1. Mee-Feier ass d'Ried vum Nationalpresident an där sozialpolitesch Aktualitéitssujeten thematiséiert ginn. Dem LCGB seng 1.Mee-Feiere sinn ëmmer am Turnus tëscht deenen 3 Bezierker. D'1. Mee-Feier 2013 fënnt zu Zolwer statt.[20]

Bäerbelendag

[änneren | Quelltext änneren]

An der Minett gëtt traditionell all Joer de 4. Dezember de Bäerbelendag, d'Fest vun der Helleger Barbara, der Patréinesch vun de Biergaarbechter an de Pompjeeën, gefeiert. D'Héichpunkte vun dëser Feier sinn de Cortège mat enger Statu vun der helleger Barbara beim Musée national des mines, d'Nidderleeë vun enger Gerbe beim „Monument des Mineurs“ an d'Celebratioun vun enger Mass an der Minière Walert. Den LCGB bedeelegt sech all Joer mat senger Lokalsektioun Rëmeleng un dëse Festivitéiten.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Den LCGB ass Editeur vun enger Rei vu reegelméissege Publikatiounen:

  • D'Gewerkschaftszäitschrëft Soziale Fortschrëtt (6 Nummere pro Joer)[21];
  • Den elektroneschen Newsletter Spotlight (jee no Aktualitéit)[22];
  • Rapidos mat de Sozialparametern op Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch an Italieenesch (ëmmer wann d'Sozialparameteren ugepasst ginn).

Nieft dëse reegelméissege Publikatiounen editéiert den LCGB och Informatiounsmaterial wéi Tracten (LCGB-Info) a Broschüren (dorënner e Guide fiscal am Februar[23],[24], e Formatiounskatalog am Hierscht[25] an neierdéngs och INFO-CENTER Broschüren).

Webpresenz an nei Medien

[änneren | Quelltext änneren]

Den LCGB ass zanter e puer Joer och verstäerkt am Beräich vun den neien Medien aktiv.

Nieft dem LCGB senger offizieller multilingualer Websäit (d'Haaptsprooche sinn Däitsch a Franséisch, d'Sektiounssäite si relativ dacks op Lëtzebuergesch a jee no Secteur gëtt och Englesch a Portugisesch benotzt), gëtt et och spezifesch Internetsäite fir Frontalieren an en offizielle Blog.

Den LCGB ass ausserdeem op Facebook mat enger offizieller Säit present[26], huet en Youtube-Channel fir seng offiziell Videoen[27] a bitt och eng gratis iPhone App LCGB News un.

Commons: Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Offiziell Statistik déi op der Neijoerschreceptioun vu Januar 2013 genannt gouf LCGB Youtube Channel
  2. "Dem LCGB seng Statuten (op Franséisch)." LCGB.lu, 21.09.2009.
  3. "Dem LCGB seng Statuten (op Däitsch)" LCGB.lu, 21.09.2009.
  4. "Dem LCGB seng Büroen (op Franséisch)." LCGB.lu
  5. "Dem LCGB seng Büroen (op Däitsch)." LCGB.lu
  6. "Patrick Dury, président du LCGB nouveau." paperjam.lu, 21.11.2011.
  7. "LCGB-Aktiounsprogramm 2009-2014 (franséisch Originalversioun)." Brochure du LCGB.
  8. "LCGB-Aktiounsprogramm 2009-2014 (däitsch Iwwersetzung)." LCGB-Broschüre.
  9. "La démocratisation du monde du travail. Un engagement pour une cogestion moderne des salariés." Brochure du LCGB.
  10. "Die Demokratisierung der Arbeitswelt. Einsatz für eine moderne Mitbestimmung der Arbeitnehmer." LCGB-Broschüre.
  11. "Vivre et travailler dans la Grande Région." Brochure du LCGB.
  12. "Leben und Arbeiten in der Großregion." LCGB-Broschüre.
  13. "Elections sociales 2013" LCGB.lu
  14. "Rentrée syndicale (Automne 2011)." LCGB.lu, 04.10.2011.
  15. "Gewerkschaftliche Rentrée (Herbst 2011)." LCGB.lu, 04.10.2011.
  16. "Réception de Nouvel An du LCGB (2012)." LCGB.lu, 10.01.2012.
  17. "Neujahrsempfang des LCGB (2012)." LCGB.lu, 10.01.2012.
  18. "Réforme de notre système de pensions: Communiqué de presse du LCGB." LCGB.lu, 09.01.2012.
  19. "Rentenrefom: Pressemitteilung des LCGB" LCGB.lu, 09.01.2012.
  20. "LCGB-Agenda" LCGB.lu
  21. "Online-Archiv Soziale Fortschrëtt." LCGB.lu
  22. "Online-Archiv Spotlight." LCGB.lu
  23. "Guide fiscal LCGB (2011)." LCGB.lu
  24. "LCGB-Steuerratgeber (2011)." LCGB.lu
  25. "LCGB-Formatiounskatalog 2012 (däitsch-franséisch)." LCGB.lu
  26. "Den LCGB op Facebook." Facebook.com
  27. "Den LCGB op Youtube." Youtube.com