Helleg Bäerbel

Vu Wikipedia
Helleg Bäerbel
D'Helleg Bäerbel-Statu
Gebuer 273 jul.
Nikomedia
Gestuerwen 306 jul.
Nikomedia
Doudesursaach Käppen
Aktivitéit Thaumaturg, Gefaangenen

E bësschen iwwer d'Legend[änneren | Quelltext änneren]

D'helleg Barbara, och nach helleg Bäerbel oder Boarbel, ass eng historesch net beluecht chrëschtlech Märtyrerin. Si soll am Joer 273[1] zu Nikomedia, dem haitegen Izmit an der Tierkei, gebuer sinn an do gelieft hunn.

D'Bäerbel huet an der Zäit vun der Chrëschteverfollgung gelieft a war Märtyrerin ënner dem Galerius Valerius Maximinus, genannt Daja. Si ass eng legendär Figur, an trotzdeem eng vun deene bekanntste chrëschtlechen Hellegen.

D'Bäerbel soll net nëmmen eng Schéinheet, mä och e schlaut Meedche gewiescht sinn. Si huet sech zum Chrëschtentum bekannt an déi heednesch Gëtterbiller futtigemaach. Wéi de Papp op eng Rees war, huet hatt um Tuerm vum elterleche Besëtz eng drëtt Fënster (wéinst der Dräifaltegkeet) ubrénge gelooss.

Säi räichen an heednesche Papp huet d'Bäerbel doropshin an den Tuerm agespaart. Der So no gouf d'Bäerbel vum "Johannes dem Deefer", deen him erschéngen ass, gedeeft.

Fir säi Meedche vum Glawen ofzehalen, huet säi Papp hatt stänneg schloe gelooss, a wéi näischt méi gehollef huet, huet en d'Bäerbel dem réimesche Statthalter Marcianus ausgeliwwert. De rachsüchtege Papp soll selwer d'Urteel vollstreckt, a säi Meedche am Joer 306[1] mat dem Schwäert ëmbruecht hunn. - Kuerz drop ass hie vum Blëtz getraff ginn a verbrannt!

D'Statue vun der helleger Bäerbel hunn nieft sech ëmmer en Tuerm mat dräi Fënsteren, des Weideren och e Schwäert oder e Kielech, eng Fakel oder e Kanounerouer.

Eng kleng Reliquie vun der helleger Bäerbel läit an der Wallfaartskierch "St. Hildegard und St. Johannes des Täufers" zu Eibingen am Rheingau an Däitschland. Dës Reliquie gehéiert zum Eibinger Reliquieschatz, deen d'Hildegard vu Bingen zesummegedroen huet.

Den 30. November 2022 gouf de Bäerbelendag op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl.

Gedenkdag[änneren | Quelltext änneren]

Der helleger Barbara hire Gedenkdag ass traditionell de 4. Dezember. Zanter 1969 gëtt dësen Dag net méi am Festkalenner vun der réimesch-kathoulescher Kierch gefouert, well d'Bäerbel als eng legendär Figur ouni historeschen Hannergrond gëllt.

Brauch zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Uertschaften an deene Bäerbelendag nach aktiv gefeiert gëtt :

Bäerbelen- oder och Boarbelendag[änneren | Quelltext änneren]

A ville Géigenden, wou Biergbau bedriwwe gëtt oder gouf, gëtt d'Bäerbel de 4. Dezember oder de Sonnden duerno gefeiert. Dacks gëtt e Cortège gemaach, wou d'Hellegefigur vun de Biergleit oder haut och dacks vun de Pompjeeën duerch d'Duerf bis bei d'Kierch gedroe gëtt.

Traditionell gëtt den Ëmzuch mat Knupperte begleet, déi un d'Sprengungen an de Minièren erënnere sollen.

Zu Téiteng koum am Joer 2019 d'Iddi op, fir de Bärbelendag an d'Unesco-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen androen ze loossen[2].

Patréinesch[änneren | Quelltext änneren]

D'Barbara ass eng vun de 14 Nouthellegen a gëtt ugebiet bei Donnerwieder, bei Feiergefor, bei Féiwer a Pescht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helleg Bäerbel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 4. Dezember: Heute ist "Boarbelendag" um Spaweck
  2. Barbarafeier für Unesco-Label im Gespräch um Spaweck