Schwäert

Vu Wikipedia
Dräi ënnerschiddlech Schwäerter

E Schwäert ass eng Waff mat enger eng- oder zweeschneideger Kléng oder Limmecht a mat engem Grëff. D'Schwäert gëtt an enger Scheek gedroen. Et ass souwuel geduecht fir ze schneide wéi och fir ze schloen an ze picken. En Deegen ass dogéint op d'Picken ausgeluecht.

Schwäerter waren an Europa an der Antiquitéit an am Mëttelalter, mä och am Orient an am ostasiatesche Kulturraum verbreet. Haut hu si als Waff bal keng Bedeitung méi. D'Schwäert huet sech an der Bronzezäit aus dem Dolch eraus entwéckelt; déi eelst Exemplaire ginn op 1600 virun eiser Zäitrechnung datéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwäerter – Biller, Videoen oder Audiodateien