Op den Inhalt sprangen

Immateriellt Kulturierwen

Vu Wikipedia
Den UNESCO-Logo vum immaterielle Kulturierwen

Als immateriellt Kulturierwen bezeechent d'UNESCO Bräich, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirer kultureller Ierfschaft ugesinn. Mat derzou gehéieren och d'Saachen an d'Plazen, d'Geschier an d'Gezei, déi ee brauch, fir déi Traditiounen um Liewen z'erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt déi Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.

UNESCO-Lëscht

[änneren | Quelltext änneren]

Op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg stinn:

National Lëscht

[änneren | Quelltext änneren]

Um nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwe stinn:

Kategorie: Gesellschaftlech Bräich, Riten, a Festlechkeeten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. d'Iechternacher Sprangpressessioun
  2. d'Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch
  3. d'Éimaischen
  4. d'Oktav zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg
  5. den Niklosdag
  6. de Léiffrawëschdag
  7. d'Klibbere goen
  8. de Bäerbelendag
  9. d'Trauliicht brennen
  10. d'Kënnbakesteeën
  11. d'Liichte goen

Kategorie: Kënschtleresch Ausdrocksforme viru Publikum

[änneren | Quelltext änneren]
  1. d'Haupeschbléiser
  2. d'Lëtzebuerger Volleksdänz

Kategorie: Mëndlech Iwwerliwwerungen an Ausdrocksweisen

[änneren | Quelltext änneren]
  1. d'Haus- a Flouernimm

Kategorie: Wëssensschätz a Bräich, déi d'Natur an den Universum betreffen

[änneren | Quelltext änneren]
  1. d'Hiewanskonscht – d'Konscht vun der Gebuertshëllef
  2. d'Fléizen – déi landwirtschaftlech Technik fir Grief unzeleeën, fir d'Wisen ze bewässeren
  3. d'Wanderschéiferei
  4. d'Louschläissen – déi traditionell Technik fir d'Schuel (d'Lou) vun de jonken Eechen erofzeschielen („ze schläissen“)
  5. d'Kultur vun de Bongerten

Kategorie: Geschécklechkeete vum traditionellen Handwierk

[änneren | Quelltext änneren]
  1. d'Konscht vum Dréchemauerbauen
  2. d'Fäschemaachen - déi traditionell Geschécklechkeet, op der Hand Geäschts zu Botten ze bannen.