Dréchemauer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dréchemauer zu Amel-sur-l'Étang.

Eng Dréchemauer ass eng Mauer déi aus graff gehaenen Natursteng ouni Speis, nëmmen duerch geschéckt openeen Tässele vum Steematerial, gebaut gëtt.

Dréchemauere sinn Zeie vun enger traditioneller, zanter Joerhonnerte praktizéierter Bautechnik, déi hautdesdaags nach am Landschaftsbau gebraucht ginn.

Dréchemaueren am Wäibau[änneren | Quelltext änneren]

Dréchemauere si fréier dacks a Wäibaugebidder fir d' Stabiliséierung vun den Terrasse gebaut ginn an hunn d'Drauwe beim Zeideg ginn, duerch d'Hëtzt déi se dagsiwwer gespäichert hunn an nuets un d'Riewen ofginn hunn, ënnerstëtzt. Duerch hir Fouen a Lächer ass eng Dréchemauer waasserduerchlässeg, schützt allerdéngs virun Erosioun. D'Schafe vun enger manner géier Pente duerch Terrassementer, huet fréier d'Handaarbecht am Wéngert vereinfacht. Allerdéngs hënneren Dréchemaueren hautdesdaags dacks bei der haiteger Mechaniséierung, wouduerch e groussen Deel vun hinnen duerch Remembrement, wéi ufanks den 1970er Joren op der Musel, verschwonnen ass.

Liewensraum Dréchemauer[änneren | Quelltext änneren]

Dréchemauere bidden eng wäertvoll ökologesch Nisch fir Planzen- an Déierenaarten, déi d'Hëtzt appreciéieren. An dësem vu Mënschenhand geschafene Liewensraum mat sengen typesche Charakteristike vun intensiver Sonnenastrahlung, wéinege Waasserreserven a groussen Temperaturënnerscheeder tëscht Dag an Nuecht, fannen zum Beispill Asselen, Schlaangen, Spannen, den décke Schleek (Helix pomatia), Feieromes (Podarcis muralis) awer och Vullen an de ville Splécken a Lächer e Refuge. Nieft hinne ginn dacks dës Naturmauere vun echten Iwwerliewenskënschtler, wéi z. B. vum Moukekraut (Sedum album) an dem Mëlzfar (Ceterach officinarum) bewuess. E wichtegt Zil vum Naturschutz ass et dëse menacéierte klenge Liewensraum z'erhalen, deen dacks duerch Moossname vum Remembrement verluer geet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dréchemaueren – Biller, Videoen oder Audiodateien