Fléiz (Waasserbau)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Reschter vun engem Fléizwier bei Lellgen um Flouer Wanaal

E Fléiz ass am Éislek a Waassergruef deen ugeluecht gouf fir Wisen ze bewässeren. Bis an d'Nokrichszäit goufen a villen Deeler vum Éislek, grad sou wéi an aneren Deeler vu Mëtteleuropa Wise bewässert.

Sou Wise gouf et am Siegerland, an der Pfalz, um ieweschte Rhäin an am Schwarzwald.

Déi bekanntst Beispiller a Mëtteleuropa sinn d'Anlagen am Val Venosta a Südtiroul déi do Waale genannt ginn an d'Suonen am Valais an der Schwäiz.