Schwarzwald

Vu Wikipedia
Typesch Blummenarrangementer un engem Schwarzwaldhaus

De Schwarzwald ass eng Landschaft vu mëttelhéije Bierger an déi gréisst vun zesummenhängende mëttelhéije Bierger an Däitschland, a läit am Weste vu Baden-Württemberg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Schwarzwald ass dominéiert vu Bëscher an erstreckt sech vum Dräilännereck (SchwäizFrankräichDäitschland), laanscht de sougenannten Oberrheinesche Gruef (däitsch: Oberrheinische Tiefebene), 160 km no Norden. Am Süden ass de Schwarzwald 60 km breet, am Norden awer nëmmen 30 km.

Lëscht vun den héchste Bierger[änneren | Quelltext änneren]

Touristenuertschaften am Schwarzwald[änneren | Quelltext änneren]

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Guckucksauer aus dem Schwarzwald

Eng gouss Importenz huet am Schwarzwald weiderhin d'Forst- an d'Holzwirtschaft an alles wat domat zesummenhänkt. Och d'Glaasbléiserei an d'Auerenindustrie haten an der Zäit am Schwarzwald eng grouss Bedeitung. Seng schéi Landschaften zéien awer virun allem den Tourist un.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Séielandschaften
  • Bierger an Touren
    • Aussiichtsbierger sinn ausser dem Feldberg virun allem de Belchen, de Kandel an de Schauinsland, an och am Nordschwarzwald d'Hornisgrinde, de Schliffkopf den Hohloh an d'Teufelsmühle. Do gëtt et iwwerall och schéi Spazéierweeër.
  • Schlässer a Kléischter
    • Benediktinerklouschter St. Blasien
    • Klouschter Sankt Trudpert
    • Klouschter St. Peter
    • Klouschter St. Märgen
    • Klouschter Alpirsbach
    • Klouschterruin zu Calw-Hirsau
  • Wantersportplazen
    • De Schwarzwald bitt vill Méiglechkeete fir Wantersport ze bedreiwen. Bekannt si Schiplaze wéi de Feldberg, Kniebis, Ruhestein a Schliffkopf.
  • Muséeën
    • De Fräiliichtmusée Um Vogtsbauerenhaff zu Gutach mat senge reconstruéierte Bauerenhäiser vu fréier gëtt e gudden Abléck an d'Liewe vun de Schwarzwaldbaueren am 16. a 17. Joerhonnert.
    • Den Däitschen Aueremusée zu Furtwangen gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vun der Auerenindustrie.
    • De Schüttesäge-Musée zu Schiltach vermëttelt Informatioun iwwer d'Holzwirtschaft, an d'Fléisserei am Kinzigtal an och iwwer déi fréier Aktivitéite vun de Gierwer.
    • De Schwarzwälder Trachtemusée zu Haslach am Kinzigtal stellt Truechten aus dem ganze Schwarzwald aus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cornelia Ziegler: Südlicher Schwarzwald. 4. Auflage. Reise Know-How Verlag, Bielefeld 2004, ISBN 3-8317-1257-3
  • Horst Friedrich Vorwerk (Text), Erich Spiegelhalter (Abb.): Der Schwarzwald. Eine deutsche Kulturlandschaft in Geschichte und Gegenwart. Herder, Freiburg im Breisgau [u. a.] 1992, ISBN 3-451-22658-8
  • Kurt Klein: Verborgener Schwarzwald. Unbekanntes aus Volkskunde und Geschichte. Morstadt, Kehl [u. a.] 1988 (Edition Morstadt, Band 18), ISBN 3-88571-172-9
  • Max Scheifele: Aus der Waldgeschichte des Schwarzwaldes. Die Trift von Brenn- und Kohlholz. Wenn Grenzsteine reden. Schriften der Landesforstverwaltung Baden-Württemberg. DRW-Verlag, Stuttgart 2004, ISBN 3-87181-010-X
  • Hasel, K., Schwartz, E. (2006): Forstgeschichte – Ein Grundriß für Studium und Praxis, Verlag Kessel www.forstbuch.de; 406 Seiten, ISBN 3-935638-26-4

Fotogallerie iwwer de Schwarzwald[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Schwarzwald Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen
Commons: Schwarzwald – Biller, Videoen oder Audiodateien