Op den Inhalt sprangen

Fred Keup

Vu Wikipedia
Fred Keup
Gebuertsnumm Frederic Keup
Gebuer 15. Mee 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg,
Lycée Michel-Rodange
Aktivitéit Aktivist, Lycéesprofesser, Politiker, Geograph
Partei ADR
Fonctioun Deputéierten
Member vun Actioun Lëtzebuergesch, Déi Lénk, CSV, FC Kehlen

De Frederic[1], genannt Fred Keup, gebuer de 15. Mee 1980, ass e lëtzebuergeschen Enseignant a Politiker (ADR).

Liewen a Karriär

Nom Secondaire am Lycée Michel-Rodange huet de Fred Keup Geographie um Centre Universitaire de Luxembourg an op der Universitéit Stroossbuerg studéiert. Hien ass haut Geographiesprofesser am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette[2].

Hie war fréier fir kuerz Zäit Member bei Déi Lénk, war do awer ni aktiv an huet och "ideologesch net harmonéiert"[3]. Am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 huet de Fred Keup sech fir den „Nee zum Auslännerwalrecht“ bei Chamberwalen agesat an dofir zesumme mam Steve Kodesch an der Rita Figus den 10. Abrëll 2015 de Veräin Nee zum Auslännerwahlrecht gegrënnt[1]. Bei dëser Initiativ huet alles mat enger Internetsäit ugefaangen, déi dunn eng Facebook Säit gouf, a séier Honnerte vu „Likes“ krut. Déi Entwécklung huet dozou bäigedroen datt de Fred Keup och an der "realer" Welt aktiv gouf, sou datt hien un Debatten deelgeholl a Fluchblieder ausgedeelt huet. An Zäit vun e puer Woche gouf hien e Politikaktivist.

Wärend der Referendumscampagne huet hien als Porte-parole du camp du « non » gegollt[4] respektiv als der führende Kopf der Nein-Kampagne[3]. Ee vun den Héichpunkte vun der Campagne war de Face-à-face Laura Zuccoli[5] - Fred Keup op RTL Radio Lëtzebuerg[6]. Nom Referendum huet hien erkläert sech wëllen zeréckzezéien. Schlussendlech huet en de 25. Februar 2018 säi Veräin a Wee2050 ëmbenannt[1][7] . Zanterhier beschäftegt hie sech an de soziale Medie mat Theeme wéi der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an dem staarke Bevëlkerungswuesstem.[8] De Fred Keup gesäit sech selwer als "Vertrieder vun der politescher Mëtt".[9]

Seng Positioune sinn ëmstridden, a ginn dacks kontrovers diskutéiert.[10]

Den 2. Mäerz 2018 huet d'ADR zesumme mam Fred Keup, op enger Pressekonferenz eng Kooperatioun fir d'Chamberwalen 2018 annoncéiert. D'ADR stellt der Initiativ bis zu aacht Plazen op hire Lëschten zur Verfügung. Dat erlaabt et dem Fred Keup fir op sou enger Lëscht ze kandidéieren.[11] [12] Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war hie Kandidat op der Lëscht vun der ADR am Süden. Hien ass Drëttplazéierten op der Lëscht ginn an de 14.Oktober 2020, nom Récktrëtt vum Gaston Gibéryen, als Deputéierten an der Chamber vereedegt ginn.[13]

Den 19. Mäerz 2022 gouf hien um Nationalkongress vun der Partei zu Réiser als Nofollger vum Jean Schoos zum neie Parteipresident gewielt.[14]

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien als Deputéierten erëmgewielt[15].

Virun der Kooperatioun mat der ADR war hie Member bei der CSV.[16]

Donieft ass de Fred Keup President vum FC Kehlen.[3] Hien ass ee vun de Comitésmembere vun der Actioun Lëtzebuergesch.[17]

Hien ass mat der Rita Figus bestuet, an ass Papp vun 2 Kanner.[18]

Literatur

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. 1,0 1,1 1,2 F10369 - Wee2050 asbl op lbr.lu.
  2. Archive copy Archivéiert de 24.07.2017. Gekuckt den 11.05.2017.
  3. 3,0 3,1 3,2 http://www.woxx.lu/fred-keup-der-biedermann/
  4. http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/fred-keup-porte-parole-du-camp-du-non/
  5. Presidentin vun der ASTI
  6. http://radio.rtl.lu/emissiounen/face-a-face//633670.html/rss/
  7. Archive copy Archivéiert den 03.01.2018. Gekuckt den 03.03.2018.
  8. Archive copy Archivéiert den 21.06.2017. Gekuckt den 11.05.2017.
  9. Archive copy Archivéiert den 20.12.2017. Gekuckt den 03.03.2018.
  10. http://www.tageblatt.lu/headlines/fred-keup-kandidiert-auf-adr-liste-kooperation-zwischen-adr-und-wee2050/
  11. http://www.rtl.lu/letzebuerg/1144043.html
  12. Archive copy Archivéiert den 01.07.2018. Gekuckt den 03.03.2018.
  13. https://adr.lu/je-le-jure-ech-schwieren-et-fred-keup-vereedegt/
  14. "Fred Keup ass neien ADR-Parteipresident." 100komma7.lu, 20. Mäerz 2022.
  15. (fr) Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
  16. https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/de-fred-keup-war-member-vun-der-csv De Fred Keup war Member an der CSV
  17. http://www.woxx.lu/adr-wee-2050-actioun-letzebuergesch/
  18. Archive copy Archivéiert den 10.07.2017. Gekuckt den 11.05.2017.