Josée Hansen
Josée Hansen | |
---|---|
Gebuer |
20. Februar 1968 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Université de Provence Aix-Marseille I, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Journalist |
D'Josée Camille Hansen, gebuer den 20. Februar 1968 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Journalistin[2].
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Josée Hansen huet Kommunikatioun op der Université de Provence Aix-Marseille[3] an zu Paräis op der Université Panthéon Assas studéiert. No zwee Joer bei RTL Radio Lëtzebuerg huet si vun 1996 bis 2020[4] beim Lëtzebuerger Land geschafft. 2015 bis 2019 huet si do de Kulturressort geleet, a vun Abrëll 2019 bis Juli 2020 war si d'Chefredaktesch vun där Zeitung.
Dono war si gutt 4 Joer laang Direktesch vum Département de la création et de la promotion artistiques vum Kulturministère.
Vum Mäerz 2025 un ass si Direktesch vum Service culture vun der Stad Esch-Uelzecht.[5]
Vun 2004 bis 2014 war d'Josée Hansen ausserdeem Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Rockhal[6] a vu Februar 2016[7] bis Oktober 2016[8] Member vum Verwaltungsrot vum MUDAM[9].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)[www.lbr.lu Centre de musiques applifiées (J47) - Immatriculation]. Luxembourg Business Registers (06.08.2012). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
- ↑ D'Josée Hansen op der Websäit vum Conseil de presse
- ↑ Josée Hansen, nouvelle rédactrice en chef du Land op paperjam.lu den 12. Abrëll 2019
- ↑ (lb)Josée Hansen verléisst d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land". rtl.lu (07.07.2020). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
- ↑ "Josée Hansen wird Leiterin des „Service culture.“ tageblatt.lu [€], 07.01.2025.<
- ↑ https://lu.linkedin.com/pub/jos%C3%A9e-hansen/35/60/321
- ↑ MUSÉE D'ART MODERNE GRAND-DUC JEAN (G58) - Membres du conseil d'administration. Luxembourg Business Registers (26.02.2016). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
- ↑ (fr)MUSÉE D'ART MODERNE GRAND-DUC JEAN (G58) - Réquisition de mofification. Luxembourg Business Registers (04.07.2018). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
- ↑ Josée Hansen quitte le CA du Mudam den 12. Oktober 2016 op paperjam.lu