Diskussioun:Fred Keup

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Fred Keup ass weder Member bei déi Lenk nach bei der ADR nach bei der CSV.

Hei stinn all d'Parteien opgezielt an deenen hie Member ass oder war. Ass dat sou schwéier ze verstoen. De Keup gëtt hei behandelt wéi all déi aner. Et ass net der Wikipedia hier Schold wann hien d'Partei all zweeten Dag wiesselt.
--91.177.163.10 20:44, 30. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

ihm wird vorgeworfen[Quelltext änneren]

"Him gëtt virgehäit sech engem populisteschen Discours ze bedéngen, a Stëmmung géint d'Auslänner ze maachen." - Dëse Saz aus dem Tageblatt ass Spekulatioun, an gehéiert dofir net hei hin. De Fred Keup ass mat enger Auslännerin bestued.

Mat weem den Här Keup bestuet ass, wees ech net, ma Dir hutt recht, dass deen Artikel seng Ausso am Passiv net beleet. Ech huelen en eraus; et wäert sech scho mat der Zäit eng aner Quell fannen. --Zinneke (Diskussioun) 07:35, 31. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
De Fred Keup ass mat enger Auslännerin bestued.
Dann ass seng Fra jo lo frou datt hien dergéint ass, datt si däerf wiele goen. ?? Lëschteg Situatioun am Stot. :-) :-) --91.177.163.10 12:12, 31. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
De Fred Keup ass mat enger Auslännerin bestued.
Hei gëtt dann natierlech net gesot datt si Lëtzebuergerin ass. Mä dat schéngt Keupemanéier ze sinn fir sech ni sou richteg festzeleeën. Wéini ass een nämlech Auslänner???? Huet do een d'Definitioun vum Auslänner verpasst oder déi vum Lëtzebuerger. --Nilrom (Diskussioun) 16:49, 3. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

De Keup huet, mat engem Gläichgesënnten, ee politescht Pamphlet 2022 publizéiert[Quelltext änneren]

Fred Keup & Tom Weidig: Mir gi Lëtzebuerg net op; 2022.

Dat gehéiert sécher op seng Säit!

Gréiss, V. B. 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 17:02, 7. Jul. 2022 (UTC)[äntweren]