Fändel vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Zeechnung vum Lëtzebuerger Fändel
De Lëtzebuerger Fändel
Versioun mam Monogramm vum Grand-Duc Henri am Kader vum Nationalfeierdag

De Lëtzebuerger Fändel besteet aus dräi horizontale Sträifen an de Faarwe rout, wäiss a blo an ass a senger haiteger Form mam Gesetz vum 23. Juni 1972 agefouert ginn[1][2]. En ass bal mam hollännesche Fändel identesch, ausser datt d'Verhältnes Längt/Breet en anert ass an déi blo Faarf méi hell ass.

De Fändel[änneren | Quelltext änneren]

Proportioun an Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

3:5 (oder 1:2) horizontal, dräi Sträifen: rout, wäiss, hellblo.

Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

De Règlement Grand-Ducal vum 27. Juli 1993 leet d'Faarwe follgendermoosse fest[3]:

offiziell Faarfcode vum Lëtzebuerger Fändel
Faarf Pantone Code Bemierkung
Rout 032C
Blo 299C
Giel 116C just um Roude Léiw

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Faarwe vum lëtzebuergesche Fändel si méiglecherweis fir d'éischt wärend der belscher Revolutioun (1830-1839) opgedaucht. Se si vum Wope vum Heinrich V., Jong vun der Gräfin Ermesinde a vun hirem zweete Mann, aus dem Haus Limburg, iwwerholl ginn: zu roude Léiw op engem sëlwerege Feld (→ wäiss Faarf) sinn nach blo Sträifen derbäikomm, fir ze weisen, datt den Heinrich V. net den Eelsten am Haus Limburg war. Déi horizontal dräifaarweg Andeelung ass den 12. Juni 1845 festgehale ginn.

Et huet bis den 23. Juni 1972 gedauert, ier d'Gesetz iwwer de lëtzebuergesche Fändel agefouert gouf. Doranner goufen och de Fändel/Schëld fir Schëffer a Fliger preziséiert.

Hallefmast[änneren | Quelltext änneren]

Fir beim Doud vu wichtege Staatsleit oder bei villbeuechten Evenementer mat Doudegen d'Trauer auszedrécken, kann de Fändel op Hallefmast gesat ginn, d. h. e gëtt just an d'Hallschent vun der Fändelsstaang opgezunn.

Wéini d'Fändelen op offizielle Gebaier op Hallefmast gesat ginn, ass net gesetzlech festgehalen, mä gëtt vu Fall zu Fall vum Premier decidéiert. Bei internationalen Evenementer gëtt d'Decisioun z. B. opgrond vun den historeschen oder diplomatesche Bezéiungen, der Aart vum Evenement oder der Funktioun vun der betraffener Persoun getraff[4][5].

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vu Lëtzebuerg ass eng Adaptatioun vum Wope vum Herzogtum vu Limburg. Dësen hat aus engem wäisse/sëlwer Schëld an engem roude Léiw bestanen. Den Heinrich V. vu Lëtzebuerg, Jong vum Walram III. vu Limburg, huet dësen dann, fir e vu sengem Papp a sengem Hallef-Brudder hiren z'ënnerscheeden, verännert andeems e warscheinlech[6] d'Faarwe vum Banner (giel a rout Sträifen) vun den ale Grofe vu Lëtzebuerg ëmgeännert a mat dem roude Léiw kombinéiert huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wope vu Lëtzebuerg.

De Roude Léiw[änneren | Quelltext änneren]

De Roude Léiw
De Wope vu Lëtzebuerg - Autocollant mam Roude Léiw

De Roude Léiw ass zanter 1972 den offizielle Fändel (Pavillon) fir all Schëffer (ob se op engem Floss, Kanal oder um Mier fueren) a Fliger, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. En ass direkt ofgeleet vum Wope vun der groussherzoglecher Famill. De Roude Léiw um Wope vun der Stad Lëtzebuerg gesäit e bëssen anescht aus, deen huet kee gespléckte Schwanz an och keng gëlle Krallen an Zong.

De Roude Léiw als Fändel?[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Oktober 2006 huet den Deputéierte Michel Wolter eng Gesetzpropositioun[7] an der Chamber agereecht fir den aktuellen Nationalfändel (rout-wäiss-blo) duerch de Pavillon maritime (Roude Léiw) z'ersetzen. En argumentéiert, datt den aktuelle Fändel reegelméisseg mat dem hollännesche Fändel verwiesselt géif an datt de Roude Léiw anerersäits méi populär, méi ästheetesch an historesch méi bedeitend wier. Vill national Politiker (dorënner Leit un der Spëtzt vum Wolter senger eegener Partei CSV) a Perséinlechkeeten hu sech an der Press verwonnert gewisen, wat d'Noutwennegkeet an den Zäitpunkt vun dëser Ännerung ugeet. Déi eenzeg politesch Partei, déi sech fir dës Initiativ ausgesprach huet, war d'ADR.

De 24. Oktober huet eng privat Initiativ mam Numm Initiativ Roude Léiw op enger Pressekonferenz erkläert, dem Michel Wolter säi Projet op enger net-politescher Basis z'ënnerstëtzen. Hir éischt Aktioune sollten d'Verdeele vu Roude-Léiw-Autocollante sinn, an dat op eng Petitioun an enger Internet-Ëmfro hin.

Zanterhier goufen eng Zuel Parodië vun dëser Initiativ mat méi oder manner Erfolleg kreéiert, zum Beispill d'Initiativ Schwaarzt Rëndvéi.

Méi seriö gemengt war d'Initiativ Roud-Waiss-Blo déi fir den Erhalt vun der Trikolor agetrueden ass.

Den 12. Februar 2007 huet d'Initiativ Roude Léiw dem Chamberpresident Lucien Weiler hir Petitiounslëscht mat 26.600 Ënnerschrëften iwwerreecht, déi zanter dem 23. Oktober 2006 iwwer Internet oder Lëschten am ganze Land gesammelt goufen.

Et koum schlussendlech zu engem Gesetzprojet, deen déi zwéi Fändelen als Nationalfändel virgeséich, deen awer vum Staatsrot staark kritiséiert gouf. Zanterhier ass et roueg ginn ëm de Projet, wéi och ëm déi ganz Initiativ. De Michel Wolter ass zanter dem 15. Abrëll 2009 Administrateur vun der "net-politescher" Initiativ Roude Léiw a "sicht no roude Léiwen an der ganzer Welt"[8],[9].

D'Kokard vun der Militäraviatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kokard vun der Militäraviatioun

Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 15. Februar 1982[10] ass eng Kokard fir d'Militäraviatioun festgeluecht ginn.

D'AWACS Loftopklärer vun der NATO, déi zu Lëtzebuerg immatrikuléiert sinn droen dës Kokard.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Loutsch, Jean-Claude: Armorial du pays de Luxembourg; Luxembourg, Imprimerie Saint Paul, 1974

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Fändelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux. legilux.lu (23.06.1972). Gekuckt de(n) 04.10.2022.
  2. Texte coordonné du 16 septembre 1993 de la loi modifiée du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux. legilux.lu (16.09.1993). Gekuckt de(n) 04.10.2022.
  3. Règlement grand-ducal du 27 juillet 1993 précisant la composition chromatique des couleurs du drapeau national luxembourgeois et du pavillon de la batellerie et de l'aviation. legilux.lu (27.07.1993). Gekuckt de(n) 04.10.2022.
  4. Simone Asselborn-Bintz, Dan Biancalana, Question écrite n° 6838 - Sujet : Mise en berne des drapeaux nationaux. chd.lu (14.09.2022). Gekuckt de(n) 04.10.2022.
  5. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d'Etat, Réponse écrite à la Question écrite n° 6838. chd.lu (04.10.2022). Gekuckt de(n) 04.10.2000.
  6. Jean-Claude Loutsch: Armorial du Pays de Luxembourg
  7. Proposition de loi Nr 5617 Dossier mam Avis vum Conseil d'état
  8. Initiativ Roude Léiw Wéi geet et weider? (Versioun 15. Mee 2011)
  9. Dem Michel Wolter seng Kollektioun Gearchiveerd op 2012-03-03. Gekuckt de(n) 2011-05-15.
  10. Règlement grand-ducal du 15 février 1982 concernant les drapeaux et emblèmes militaires. legilux.lu (15.02.1982). Gekuckt de(n) 04.10.2022.