Lëtzebuerger Pavillon maritime



De Lëtzebuerger Pavillon maritime, offiziell (fr) pavillon de la batellerie et de l'aviation, ass de Pavillon deen op de Waasser- an de Loftgefierer gebraucht gëtt, déi zu Lëtzebuerg enregistréiert sinn.
Metonymesch gëtt den Ausdrock Lëtzebuerger Pavillon maritime awer och gebraucht fir all d'Schëffer ze bezeechnen, déi zu Lëtzebuerg enregistréiert sinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vum lëtzebuergesche Pavillon huet ugefaangen, wéi et mat der Banneschëfffaart op der Musel lassgaangen ass, nodeem déi vun 1958 bis 1964 kanaliséiert gi war.
Well et keng spezifesch gesetzlech Bestëmmunge gouf, a well de Fändel vu Lëtzebuerg an dee vun Holland sech ze vill geglach hunn a verwiesselt konnte ginn, hunn d'Schëffsleit deemools decidéiert, als Pavillon eng kleng Versioun vum Lëtzebuerger Wopen amplaz vum rout-wäiss-bloe Fändel ze benotzen[1].
Dës de facto Situatioun gouf eréischt mam Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwer d'National Symboler vu Lëtzebuerg gesetzlech verankert[2].
„Le pavillon de la batellerie et de l'aviation se compose d'une laize de tissus aux proportions de 7 à 5 comportant un burelé d'argent et d'azur de dix pièces au lion rampant de gueules, orienté vers la hampe, couronné, armé et lampassé d'or, la queue fourchue et passée en sautoir. La description du revers correspond à celle de l'avers“
Gesetz vum 23. Juni 1972 – Art. 4
Firwat de Lëtzebuerger Pavillon maritime geschaf gouf
[änneren | Quelltext änneren]Op Basis vum Artikel 90 vun der Konventioun vun de Vereenten Natiounen iwwer d'Séirecht vun 1982[3][4] huet Lëtzebuerg – mat virop de Ministere Robert Goebbels a Jeannot Krecké[5] – 1990 decidéiert, säin eegene Pavillon maritime ze schafen, an deem Sënn, datt Héichséischëffer zu Lëtzebuerg kéinten enregistréiert ginn.
„Jiddwer Staat, egal ob Küstestaat oder Landstaat, huet d'Recht, Schëffer, déi säi Pavillon droen, um oppene Mier fueren ze loossen“
UN-Konventioun vum 10. Dezember 1982 iwwer d'Séirecht – Art. 90
Zu där Zäit gouf et eng kleng Kris an der europäescher Séifaartswelt wéinst ëmmer méi haarder Konkurrenz an de Frachtpräisser déi ëmmer méi séier gefall sinn. Dofir hunn ëmmer méi Schëffsbesëtzer decidéiert, sech ënner engem „bëllege Pavillon“ ((fr) pavillon de complaisance, (de) Billigflagge) anzeschreiwen a sou Käschten ze spueren. Well Lëtzebuerg sech fir eng modern Wirtschaft ouni ze vill Aschränkungen agesat huet, iwwerdeems de Staat staark op d'Sécherheet oppasst, seng Schëffer iwwerwaacht a verlässlech Immatrikulatiounssystemer ubitt, hu vill Schëffsbesëtzer decidéiert, hir Schëffer zu Lëtzebuerg anzedroen, wat dozou bäigedroen huet, datt manner europäesch Flotten an d'exotesch Ausland geflücht sinn.
Frankräich, a besonnesch d'Belsch, hu staark gehollef,de Lëtzebuerger Pavillon matopzebauen.
Mam Gesetz vum 9. November 1990 gouf de Regëster geschaaft, an deem all d'Schëffer, déi ënner dem Lëtzebuerger Pavillon fueren, agedroe ginn[6]. Dëse Regëster ass mam Gesetz vum 23. September 1997 och op Booter vun der Sportschëfffaart ((fr) bâteaux de plaisance) ausgedeent ginn[7].
Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, dat ouni Zougang zum Mier friem Schëffer registréiert. Och d'Schwäiz huet hiren eegene Pavillon. Länner wéi Frankräich sinn derzou iwwergaange fir friem Schëffer an engem neien internationale Regëster anzedroen a fir duerch erliichtert Konditiounen d'Konkurrenzfäegkeet vun de Schëffer, déi ënner hirem internationale Pavillon fueren, ze verbesseren.
Lëtzebuerger Schëffsflott
[änneren | Quelltext änneren]Schëffer déi no den Donnéeë vum lëtzebuergesche Commissariat aux Affaires maritimes zu Lëtzebuerg enregistréiert sinn:
| Joer | Zuel | Tonnage |
|---|---|---|
| 2013[8] | 251 | 2.815.917 |
| 2023[9] | 201 | |
| 2024[9] | 207 | 1.422.796 |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bernard Thomas: "Hinterland." d'Lëtzebuerger Land Nr. 33, 15. August 2014, S. 10.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lëtzebuerger Pavillon maritime – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Säit vum Commissariat aux Affaires maritimes Lëtzebourg
- De Lëtzebuerger Schëffsregëster op maritime.public.lu
- Säit vum Cluster maritime Lëtzebuerg
- Synopsis vum Lëtzebuerger Pavillon nom Cambridge Business Center (engl.) (archivéiert Versioun)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ « La question s’est posée de savoir s’il fallait choisir pour le pavillon de la batellerie le drapeau national ou un autre emblème. Selon les usages internationaux, les pavillons de la marine marchande sont de préférence aux couleurs nationales. Or, en se conformant à cet usage, on aurait exposé notre batellerie à être confondue avec la batellerie néerlandaise. Comme, pour cette raison, les bateliers luxembourgeois ont déjà adopté un autre pavillon en s’inspirant des armoiries d'État, le projet de loi ne fait que consacrer la situation existante. » - Projet de loi n° 1333 - Exposé des motifs - Pavillon de la batellerie et de l'aviation.
- ↑ (fr) Loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux. data.legilux.public.lu (23.06.1972). Gekuckt de 17.06.2025.
- ↑ (fr) Convention des Nations Unies sur le droit de la mer (avec annexes, acte final et procès-verbaux de rectification de l'acte final en date des 3 mars 1986 et 26 juillet 1993). – Conclue à Montego Bay le 10 décembre 1982 (PDF). www.un.org (10.12.1982). Gekuckt de 17.06.2025.
- ↑ idem, Iwwersetzung op Däitsch
- ↑ cf. Bernard Thomas: Hinterland (an der Literatur)
- ↑ (fr) Loi du 9 novembre 1990 ayant pour objet la création d’un registre public maritime luxembourgeois. data.legilux.public.lu (09.11.1990). Gekuckt de 17.06.2025.
- ↑ (fr) Loi du 23 septembre 1997 portant réglementation de la navigation de plaisance et portant modification de certaines autres dispositions légales. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/1997/09/23/n1+(23.09.1997).+Gekuckt de 17.06.2025.
- ↑ Stand vum Regëster de 4.November 2013
- 1 2 (fr) Rapport d'activité 2024. Commissariat aux affaires maritimes (02.2025). Gekuckt den 18.06.2025.