Organisatioun vum Nordatlantik-Traité

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Memberstaate vun der NATO
Memberstaate vun der NATO an Europa

Als NATO (North Atlantic Treaty Organisation, och: Organisatioun vum Nordatlantik-Traité, op Franséisch l'Organisation du Traité de l'Atlantique Nord an op Spuenesch Organización del Tratado del Atlántico Norte, ofgekierzt OTAN) gëtt d'Institutioun bezeechent, déi den Nordatlantikvertrag, e militärescht Bündnis vun europäeschen an nordamerikanesche Staaten, ëmsetzt.

De Sëtz vum Nordatlantikrot, dem Haaptorgan vun der NATO, ass zanter 1967 zu Bréissel.

Member-Staaten[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Grënnungsmemberen, déi zanter 1949 an der NATO sinn, zielen d'Belsch, Dänemark, Frankräich, Island, Italien, Kanada, Lëtzebuerg, Holland, Norwegen, Portugal, d'Vereenegt Staate vun Amerika a Groussbritannien.

Am Joer 1952 sinn d'Tierkei a Griicheland der Organisatioun bäigetrueden an zanter 1955 ass d'Bundesrepublik Däitschland Member vun der NATO. Spuenien ass dem Bündnis 1982 bäigetrueden an 1990 huet d'Ausbreedung vum NATO-Vertrag ganz Däitschland mat abezunn.

Am Zuch vun der NATO-Osterweiderung sinn 1999 d'Tschechesch Republik, Polen, Ungarn an 2004 nach Estland, Lettland, Litauen, Bulgarien, Rumänien, d'Slowakei, a Slowenien NATO-Membere ginn. 2009 koumen Albanien a Kroatien dobäi.

Frankräich war vun 1966 bis Mäerz 2009 net méi an d'Militärstrukture vun der NATO integréiert. Genee sou ware Griicheland an der Zäit vun 1974 bis 1981 a Spuenien vun 1986 bis 1999 aus dëse Strukture kuerzfristeg ausgescheet. E Sonnerfall ass Island, dat keng eegen Arméi huet a sech dofir awer zu medezinescher Hëllefleeschtung verflicht huet.

Inhalt vum Nordatlantik-Traité[änneren | Quelltext änneren]

Den eigentlechen Nordatlantik-Traité gesäit en Defensivbündnis ouni automatesch militäresch Bäistandsflicht vun de Membere vir. Déi éischt Artikele vum Traité verflichten d'Memberen zur friddlecher Konfliktbäileeung a frëndschaftlecher Gestaltung vun internationale Relatiounen. Och d'Erhale vun der westlech-liberaler Gesellschaftsuerdnung mat politescher, economescher, sozialer a kultureller Zesummenaarbecht an Unerkennung vun demokratesche Prinzipien ass Bestanddeel dovun.

Fir de Fall vun engem bewaffneten Ugrëff op ee vun den NATO-Staate verflicht den Traité déi aner Memberen zu der sougenannter kollektiver Selbstverdeedegung.

Fir d'Ëmsetze vun den duerch den Traité virgeschriwwene Mechanismen a Verpflichtungen ass d'Grënnung vun der Organisatioun vum Nordatlantik-Traité, aus dem Nordatlantikrot an den nogelagerte Stellen, virgesinn.

Opbau an Organer[änneren | Quelltext änneren]

Nato-Sommet 2002.

D'NATO ass eng méistufeg a komplex Organisatioun, dei souwuel militäresch wéi och zivil Verwaltungsstrukturen huet. All Entscheedunge bannent der Organisatioun ginn nom Konsensprinzip getraff.

Den ieweschte Gremium vun der NATO ass den Nordatlantikrot mat Sëtz zu Bréissel, déi eenzeg Institutioun vun der NATO, déi explizit am Nordatlantik-Traité genannt gëtt. Dëse befaasst sech mat alle Beräicher vun der Büdnispolitik – mat Ausnam vun der Verdeedegungsplanung an der Nuklearpolitik.

Den Nordatlantikrot kënnt wéinstens eemol pro Woch um Niveau vun de permanente Vertrieder, den Ambassadeure vun alle Member-Staaten zesummen, all halleft Joer um Niveau vun den Aussen- an Verdeedegungsministeren an all dräi Joer um Niveau vun de Staats- a Regierungsministeren. Autoritéit an Entscheedungsbefugnesser sinn awer onofhängeg vum Niveau, an de Rot huet ëmmer deselwechte Stellewäert an déiselwecht Gëltegkeet.

Leedent Exekutivorgan ass de Generalsekretär, dee vun de Regierunge vun de Member-Staaten ernannt gëtt. Hien ass President vum Nordatlantikrot a vun allen aneren héichrangege Comitéen, a verantwortlech fir d'Fërderung an d'Steiere vum Konsultatiouns- an Entscheedungsfindungsprozess am Bündnis. Aktuelle Generalsekretär ass zanter dem Januar 2004 den Hollänner Jaap de Hoop Scheffer.

Déi wichtegst Comitée sinn de Verdeedegungsplanungscomité an d'Nuklear Planungsgrupp, déi all halleft Joer um Niveau vun de Verdeedegungsministere beienee kommen.

De Militärausschoss ass den ieweschte militäresche Gremium vun der NATO. En ënnersteet dem Nordatlantikrot, dem Verdeedegungsplanungsausschoss souwéi der Nuklearer Planungsgrupp a beréit dës a Froen zur Militärpolitik a –strategie. En trëfft sech eemol pro Woch um Niveau vun den nationale militäresche Vertrieder, souwéi dräimol d'Joer um Niveau vun den État-majoren.

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

Déi am Nordatlantik-Traité formuléiert Ziler hu sech am Laf vum sengem Bestoen net geännert an den Traité u sech ass a sengem Wuertlaut zanter 1949 onverännert. Allerdéngs goufen d'Aufgabe vun der NATO u verännert sécherheetspolitesch Situatiounen ugepasst a ginn aktuell anescht interpretéiert.

Während der Zäit vum Kale Krich huet d'Haaptaufgab vun der NATO dora bestanen, d'Fräiheet an d'Sécherheet vun de Member-Staaten duerch Ofschreckung, Oprüstung a stänneg Ofwierbereetschaft ze garantéieren.

D'Vereenegung vun Däitschland, den Zerfall vum Warschauer Pakt a vun der UdSSR souwéi d'Demokratiséierung vun den Ostblock-Länner waren d'Ausléiser vun enger grondleeënder Ännerung vum sécherheetspoliteschen Ëmfeld an Europa.

D'Aufgabe vun der NATO goufen un déi nei Lag ugepasst a geméiss dem Nordatlantik-Traité sinn d'Ofschreckung a Verdeedegung zwar Haaptaufgabe bliwwen, an dach sinn se éischter an den Hannergrond geréckelt. Et gouf méi op Dialog an Zesummenaarbecht mat den ‘ale Géigner’ gesat a verschidde Partnerschaftsprogrammer si schliisslech op d'NATO-Osterweiderung erauskomm.

Um Washingtoner Sommet de 24. Abrëll 1999 gouf dat derzäitegt strategescht Konzept ugeholl. Et beschreift Ziler an Aufgaben, analyséiert d'sécherheetspolitesch Lag a leet dovu strategesch Perspektiven an Aufgaben of. Duerch d'Bestoen an d'Stärkung vun der transatlantescher Bindung soll eng méiglechst enk transatlantesch Bindung d'Sécherheet vun Europa an Nordamerika verknäppen. Mat der Oprechterhalung a Weiderentwécklung vun effektive militäresche Fäegkeete gëtt d'Verdeedegungsbereetschaft vun de Member-Staate séchergestallt. Wichtegst Ännerung ass awer d'Feststellung, datt fir d'Konfliktverhiddung an d'Krisebewältegung och militäresch Operatioune “baussent dem NATO-Gebitt” zur prophylaktescher Geforenofwier méiglech si sollen (soug. „Out-of-Area-Asätz“). Des Weidere behält sech d'NATO fir, och ouni Mandat vun der UNO a Krisegebidder z'intervenéieren (soug. Out-of-United-Nations-Asätz“, kuckt Kosovo 1998). NATO-Agrëffer an international Konflikter, bei deene kee Member-Staat onmëttelbar als Konfliktpartei bedeelegt ass, ginn iwwer den uersprüngleche Verdeedegungsoptrag eraus a ginn dohier och dacks als „Out-of-defense-Asätz” bezeechent.

Geschicht an Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Enn vum 2. Weltkrich goufen séier d'Géigesätz zwëscht de fréieren Alliéierten, der UdSSR op der enger an de westlechen Gewënnermuechten Groussbritannien an den USA, genee sou wéi Frankräich op där anerer Säit, offekënneg. Säit dem Bréisseler Vertrag vum 17. März 1948 hu sech déi westeuropäesch Länner wéi Frankräich, Groussbritannien, Holland, Belsch a Lëtzebuerg zu engem Bündnis fir wirtschaftlech, sozial a kulturell Zesummenaarbecht souwéi zur kollektiver Eegeverdeedegung zesumme gedoen. Während dësem Bündnis nach, gouf mat der Berlinblockad an dem Prager Fréijoer d'Siicht op d'sowjetesch Expansioun geleet.

An der weiderer Entwécklung koum et amplaz zu enger eesäiteger Garantie vun den USA fir déi europäesch Alliéiert aus dem Zweete Weltkrich zu engem wiesselsäitegen Ofkommes, dem Nordatlantik-Traité, deen de 4. Abrëll 1949 duerch d'Grënnungsmemberen ënnerschriwwe gouf, an de 24. August datselwecht Joer a Kraaft getrueden ass.

Entwécklung vun 1949 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

An den éischte Jore steet d'Gemeinschaft ënner dem Androck vun der Berlin-Blockad an dem Korea-Krich; als Grondsaz gëllt an dëser Zäit d'Ofwier vun engem Ugrëff duerch d'Rout Arméi méiglechst wäit am Osten.

Duerch d'Ënnerzeechnung vun de Paräiser Traitéen am Joer 1954 gouf d'Bundesrepublik Däitschland zum Bäitrëtt agelueden an de 6. Mee 1955 Member an der NATO.

Den 19. Mee 1955 gëtt wéinst dem Bäitrëtt vun der BRD an d'NATO de Warschauer Traité gegrënnt.

Bei de Walen am Dezember 1965 gëtt a Frankräich de President Charles de Gaulle a sengem Amt bestätegt an huet mat enger Ännerung vu senger Verdeedegungspolitik ugefaangen. Mat der éischter franséischer Atomdétonatioun den 13. Februar 1960 ass d'Land an de Krees vun den Nuklearmuechte getrueden. Zanterhier war d'Selbstbewosstsin vun der "Grande Nation" stänneg gewuess, déi zum Deel demütegend Behandlung duerch d'Aliiéiert während dem Zweete Weltkrich erëm an d'Erënnerung zréckgeruff ginn. Sou huet den „de Gaulle“, deen déi undauernd Dominanz vun den USA an der NATO net akzeptéiere wollt, verlaangt datt déi alliéiert Truppen (US-Amerikaner a Kanadier), déi a Frankräich stationéiert waren, ënner franséische Kommando sollte kommen. Dat huet d'US Regierung awer aus dem bekannte Prinzip refuséiert. Dowéinst huet de franséische President de Februar 1966 den Ofzuch vun den alliiéierten Truppen a vun den NATO-Haaptquartéiere gefuerdert, mat der Begrënnung, „Frankräich géif elo déi voll Ausübung vu senger Souveränitéit ustriewen, déi duerch d'stationéiere vu friemen Sträitkräften op sengem Buedem net garantéiert wier“, an huet gläichzäiteg de Réckzuch vu sengen Truppen aus der militärescher Integratioun vun der NATO erkläert. 30.000 friem Zaldoten hu Frankräich misse verloossen, de SHAPE gouf op Casteau an d'Belsch, d'EUCOM op Stuttgart an d'AFCENT op Brunssum an Holland verluecht. De 16. Oktober 1966 hunn d'Membere vum NATO-Rot op Drock vun den USA och eestëmmeg d'Deplacement vun hirem ieweschte politeschen Organ op Bréissel decidéiert. Dat hat den de Gaulle net gefuerdert.

Bis 1966 gëtt d'Stratégie vun der massiver Vergeltung verfollegt; als Reaktioun op den Ofbau vum sowjeteschen Atomwaffepotential gëllt d'Premisse: Fir all ofgeschosse Sowjet-Rakéit äntwert d'NATO mat villfachen eegenen Atomrakéiten, déi op d'Sowjetunioun ofgeschoss ginn.

Wéinst dem 1967 verëffentlechten Harmel-Bericht kënnt d'Strategie vun der ofgestuufter Reaktioun (Flexible Response) zur Uwennung. Och fir d'Verréngerung vu nukleare Risike gëllt net méi de Motto vun der massiver Vergeltung, mä d'NATO besënnt sech op hir konventionell Sträitkräften an déi nei entwéckelt taktesch Nuklearwaffen. An de Joren duerno baut d'NATO en neit Selbstverständnes op: D'Triade vu konventionellen, taktesch-nuklearen a strategesch-nukleare Potentialer an d'Motto Sécherheet = Verdeedegung an Entspaanung, féiert zu neien Usätz tëscht der NATO aa dem Warschauer Pakt.

Den 1. August 1975 gouf de KSZE-Schlussakt ënnerschriwen, deen en éischte Schrëtt zu partnerschaftlecher a friddlecher Zesummenaarbecht an Europa duerstellt.

Den NATO-Duebelbeschloss aus dem Joer 1979 ass bis haut ëmstridden, well d'Norüstung vu Mëttelstreckerakéiten an Europa an déi gläichzäiteg Verhandlungsoffer un d'UdSSR féieren net direkt zur erhoffter Entspaanung. Den Duebelbeschloss gouf vu Friddensaktivisten a ganz Europa während den Ouschtermärsch schaarf kritiséiert. Op dës erneit Wettrüstung den Zesummebroch vum Ostblock matveruersaacht huet oder op dës Länner och sou virum wirtschaftlechen Kollaps stoungen, ass bis haut ëmstridden.

Entwécklung vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

Mat de friddlëche „Volleksrevolutiounen” um Gebitt vum Warschauer Pakt ass d'Haaptbedrohung fir d'NATO-Staaten ewech gefall. An der Iwwergangszäit duerno sinn nei Iddien a Strukturen entstanen, wéi zum Beispill d'Partnerschaft fir de Fridden. Mat dësem zu Bréissel 1994 ausgehandelte Programm huet d'NATO interesséierte mëttel- an osteuropäesche Staaten Zesummenaarbecht a militäreschen a sécherheetspolitesche Froen an am Hibléck op eng Bäitrëttsperspektiv opgemaach. Doraus ass bei engem Sommet 1997 zu Madrid d'Invitatioun zum NATO-Bäitrëtt vu Polen, Ungarn an der Tschescher Republik erfollegt.

1997 ass och zu Paräis d'Grondakt mat Russland vereinbart ginn, déi en Enn vun der Géignerschaft vun NATO a Russland virgesinn huet. Intern gouf beschloss, d'NATO vun enger militärescher zu enger méi politescher Organisatioun ëmzewandelen.

Zu den „neien Iddien“ zielt och déi 1992 vun der NATO vereinbart Bereedschaft zu den „Out-of-Area“-Asätz. No Ermächtegung duerch den UN-Sécherheetsrot ware vun do un och Asätz baussent dem NATO-Territoire méiglech, zum Beispill a Jugoslawien oder Afghanistan.

Fir séier kënnen a Krisegebidder z'intervenéieren, well d'Iddi vun der bipolare Bedrohungsgedanken net méi gi war, a well méi eng grouss Flexibilitéit néideg war, koum zum Ëmbau an de Féierungsniveauen an den institutionellen Opbaute vun der NATO an zu der Grënnung vun enger Reaktiounstrupp (d'NATO Response Force, NRF) mat Land-, Loft- an Séisträitkräften fir séier Asätz.

D'Folleg vun dësem Beschloss waren déi aktiv Krichsasätz vun der NATO mat de Loftugrëffer géint Jugoslawien während dem Kosovo-Krich.

Entwécklung zanter 1999[änneren | Quelltext änneren]

Konferenz vun de Verdeedegungsministeren zu Nice, 2005

Der Gefor duerch den internationalen Terrorismus zanter dem 11. September 2001 huet d'NATO nach wéineg entgéintzesetzen gehat. Traditionell huet sech d'Organisatioun als e Bündnis vu Staate géint d'Ugrëffer vun anere Staate verstanen. Domat gouf et schwéier dësen Terrorugrëff – dee vu wéinegen extremistesche Persounen ouni Krichserklärung vun engem ugräifende Land gemaach gouf – anzeuerdnen.

Obwuel d'Memberen am Ugrëff op den World Trade Center e bewaffneten Ugrëff gesinn hunn, deen de Bündnisfall ausgeléist huet, sou koum et zu deelweis ënnerschiddlechen Aschätzungen, wat fir Konsequenzen ze zéie wieren.

D'USA a Groussbritannien hu vun de Vereenten Natiounen d'Ermächtegung fir en Ugrëff op den Irak gefuerdert, mä dëst gouf vun den aneren NATO-Memberstaaten (ë. a. Frankräich an Däitschland), déi am UN-Sécherheetsrot vertruedene waren, refuséiert.

Am Kader vun de Virbereedunge vun den Irak-Invasiounspläng vun den USA koum et dann an der NATO zu enger schwéierer Kris: Bei der Fro, ob der Tierkei preventiv Ofwiersystemer (däitsch Patriot-Loftofwierrakéiten) bereet gestallt solle ginn, datt se sech, am Fall vun engem Ugrëff op den Irak, géint eventuell Géigen-Ugrëffer verdeedege kéint, hu Frankräich an d'Belsch e Veto ageluecht. Däitschland huet sech dem Veto spéider ugeschloss (dëst allerdéngs eréischt no Fristoflaf, reng formell gesinn ass dëse Veto dofir ongëlteg, politesch war et allerdéngs dofir net manner brisant). Dëst huet zu enger Verstäerkung vun den transatlantesche Verstëmmunge gefouert, déi et scho virdrun, tëscht dëse Länner a Russland op der enger Säit an den USA a Groussbritannien op der anerer Säit gouf. Onkloer ass, wéi sech dëse Rëss duerch d'Bündnis op seng laangfristeg Perspektiv, als aus Siicht vun den USA relevant Militärbündnis, auswierkt.

Den 2. Abrëll 2004 sinn Estland, Lettland, Litauen, der Slowakei, Slowenien, Bulgarien a Rumänien der NATO bäigetrueden.

Den 1. Abrëll 2009 goufen Albanien a Kroatien Member.

Generalsekretäre
Numm Land Zäitraum
1 Hastings Lionel Ismay Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien 4. Abrëll 195216. Mee 1957
2 Paul-Henri Spaak Flag of Belgium (civil).svg Belsch 16. Mee 195721. Abrëll 1961
3 Dirk Stikker Flag of the Netherlands.svg Holland 21. Abrëll 19611. August 1964
4 Manlio Giovanni Brosio Flag of Italy.svg Italien 1. August 19641. Oktober 1971
5 Joseph Luns Flag of the Netherlands.svg Holland 1. Oktober 197125. Juni 1984
6 Peter Carington Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien 25. Juni 19841. Juli 1988
7 Manfred Wörner Flag of Germany.svg Däitschland 1. Juli 198813. August 1994
8 Sergio Balanzino Flag of Italy.svg Italien 13. August 199417. Oktober 1994
9 Willy Claes Flag of Belgium (civil).svg Belsch 17. Oktober 199420. Oktober 1995
10 Sergio Balanzino, Flag of Italy.svg Italien 20. Oktober 19955. Dezember 1995
11 Javier Solana Flag of Spain.svg Spuenien 5. Dezember 19956. Oktober 1999
12 George Robertson Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien 14. Oktober 19991. Januar 2004
13 Jaap de Hoop Scheffer Flag of the Netherlands.svg Holland 1. Januar 200431. Juli 2009
14 Anders Fogh Rasmussen Flag of Denmark.svg Dänemark vum 1. August 2009 un

Lëtzebuerg an der NATO[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No der Ofschafung vum obligatoresche Militärdéngscht am Joer 1967, nodeem de “GTR” (Groupement tactique régimentaire, 1954-1959) an d'“Bataillon d'Artillerie” (1959-1967) an déi ”8. US-Infanterie Divisioun” déi zu Baumholder stationéiert war, integréiert ginn ass, ass doraus dat ”1. NATO Infanterie-Batailloun” entstanen. Dëst Battailloun, dat vum CIM (Centre d'Instruction Militaire) opbruecht ginn ass, huet sech zesummengesat aus enger Kommando- a Service-Unitéit, zwou Infanterieskompanien an enger Opklärkompanie, d. h. am Ganzen 366 Fräiwëlleger a Kader. Zanter 1968 ass dëst Battailloun en Deel vun der “ACE Mobile Force (LAND)” kuerz AMF(L) vun der NATO an huet am September 1969 fir d'éischt un engem Manöver an Dänemark deelgeholl.

D'AMF (L) war eng multinational, konventionell a mobil Sträitkraaft, déi direkt beim Optriede vu bewaffnete Konfliktsymptomer an der bedrohter Regioun agesat konnt ginn. Dës Sträitkraaft huet dofir éischter eng, mat geziilt ofschreckender Wierkung, politesch Roll gespillt. Dës Roll kéint een als e “Show the Flag” bezeechnen. Am Joer 2002 huet d'AMF(L) sech opgeléist.

Aktuell[änneren | Quelltext änneren]

Militär-Transportfliger A400M

Zanter 1996 hëlt d'Lëtzebuerger Arméi un ënnerschidlechen Operatioune vun der NATO deel, wéi SFOR, KFOR oder ISAF. Lëtzebuerg bedeelegt sech och un multinationalen Programmer wéi den A400M (Airbus Militär-Transportfliger).

D'Lëtzebuerger Arméi gesäit vir, fir an absehbarer Zäit mat Sträitkräften un der Schnell-Réaktiouns Initiativ vun der NATO (NATO Response Force NRF) an de (Groupements tactiques) vun der Eurpäescher Unioun deelzehuelen.

D'NAMSA, e logistesche Stëtzpunkt vun der NATO, besteet zanter 1958 zu Lëtzebuerg mat Sëtz zu Kapellen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johannes Varwick / Wichard Woyke (Hg.), Die Zukunft der NATO. Transatlantische Sicherheit im Wandel. Opladen: Leske und Budrich 2000.
  • Johannes Varwick (Hg.), Die Beziehungen zwischen NATO und EU. Leverkusen: Budrich 2005.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Organisatioun vum Nordatlantik-Traité – Biller, Videoen oder Audiodateien