Anders Fogh Rasmussen
Ausgesinn
| Anders Fogh Rasmussen | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 26. Januar 1953 |
| Nationalitéit | Dänemark |
| Educatioun | Aarhus University |
| Aktivitéit | Ekonomist, Politiker |
| Fonctioun | Premierminister vun Dänemark |
| Gielercher | Robert-Schuman-Medail, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen, Lettescht Verdéngschtkräiz, Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne, Ordre de Léopold |
| Bestuet mat | Anne-Mette Rasmussen |
|
| |
Den Anders Fogh Rasmussen [ˈanɐs fɔ ˈʁasmusn̩], gebuer de 26. Januar 1953 zu Ginnerup, Jütland, ass en dänesche Politiker.
De Rasmussen gouf mat 25 Joer fir d'éischt an de Folketing, d'dänescht Parlament, gewielt. Vun 1987 bis 1990 war e Minister fir Steieren an der Regierung vum Poul Schlüter, vun 1990 un zousätzlech Wirtschaftsminister. 1992 huet en als Minister, wéinst "Dysfonctionementer" an der Comptabilitéit vu sengem Ministère zerécktriede missen.
Hie war vun 1998 bis 2009 President vun der rietsliberaler Venstre-Partei a vun 2001 bis 2009 Ministerpresident vun Dänemark. Vum 1. August 2009 bis den 30. September 2014 war hie Generalsekretär vun der NATO. Den 1. Oktober 2014 gouf hie vum Jens Stoltenberg ofgeléist.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Anders Fogh Rasmussen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Homepage (da)
- Biographie (en)
- Gunnar Herrmann: Rasmussen im Potrait. Der Bündnis-Experte"; Süddeutsche Zeitung vum 7. Mäerz 2009
