Helle Thorning-Schmidt

Vu Wikipedia
Helle Thorning-Schmidt
Funktioun
Premierministesch vun Dänemark
3. Oktober 2011 - 28. Juni 2015
Virgänger Lars Løkke Rasmussen
Nofollger Lars Løkke Rasmussen
Europadeputéiert
20. Juli 1999 – 13. Juli 2004
Partei Sozialdemokraten
Biographie
Gebuer 14. Dezember 1966
Rødovre
Educatioun Universitéit vu Kopenhagen,
Collège d'Europe
Bestuet mat Stephen Kinnock
Papp Holger Thorning-Schmidt
Kanner Johanna Kinnock, Camilla Kinnock


D'Helle Thorning-Schmidt, gebuer de 14. Dezember 1966 zu Rødovre, ass eng dänesch Politikerin. Si war vum 3. Oktober 2011 bis den 28. Juni 2015 Premierministesch an Dänemark, an domat déi éischt Fra an där Fonctioun.

Si ass Presidentin vun der dänescher Sozialdemokratescher Partei Socialdemokraterne.

Zanter dem 8. Februar 2005 ass si Member vum Dänesche Parlament, dem Folketing. Virdru war si 5 Joer laang Deputéiert am Europäesche Parlament. Den 12. Abrëll 2005 gouf si zur Presidentin vun hirer Partei gewielt. Bei de Wale vum November 2007 war d'Walbündnis vun hirer Partei ("roude Block") deem vum "Rietsblock" (Haapt Mann: de Anders Fogh Rasmussen) ënnerleeën, mä bei de Wale vum 15. September 2011 huet de "Roude Block" eng knapps Majoritéit vun de Stëmme kritt, soudatt si Cheffin vun der neier Regierung gouf.

D'Helle Thorning-Schmidt ass mam Stephen Kinnock, dem Jong vum Neil Kinnock, bestuet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helle Thorning-Schmidt – Biller, Videoen oder Audiodateien