Lars Løkke Rasmussen

Vu Wikipedia
Lars Løkke Rasmussen
Gebuer 15. Mee 1964
Nationalitéit Dänemark
Educatioun Universitéit vu Kopenhagen
Aktivitéit Politiker, Jurist
Partei keng

De Lars Løkke Rasmussen, gebuer de 15. Mee 1964 zu Vejle an Dänemark, ass en dänesche Politiker. Hie war vum 28. Juni 2015 bis de 27. Juni 2019 Premierminister vun enger minoritärer rietsliberaler Regierung.

Hie war schonn eng Kéier, tëscht dem Abrëll 2009 a September 2011, Ministerpresident vun Dänemark. Virdru war hie vun 1998 bis 2001 Buergermeeschter vu Frederiksborg Amt, a gouf dann noenee Innen-, Gesondheets- a Finanzminister an de Regierungen ënner dem Premier Anders Fogh Rasmussen. Wéi deen zum Nato-Generalsekretär ernannt gouf, gouf de Lars Løkke Rasmussen a senger Plaz zum Ministerpresident ernannt.

De Lars Løkke Rasmussen war vun 1998 bis 2009 Vizepresident a gouf 2009 President vun der rietsliberaler Partei Venstre.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lars Løkke Rasmussen – Biller, Videoen oder Audiodateien