Diskussioun:Fändel vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A propos: Eng blöd Fro: ass scho mol engem opgefall datt an enger vun den Duplo-Reklammen op der Televisoun e Schëff mam Lëtzebuerger Fändel (de roude Léiw) opdaucht? Ech froe mech wisou? Myriam 20:41, 29 Juni 2006 (UTC)

Ferrero[Quelltext änneren]

Ech kennen déi Reklamm net, kinnt awer dës Léisung proposéieren: Ferrero huet eng grouss Fabrik zu Arel an der Provënz Lëtzebuerg (Duplo gëtt, mengen ech, do gemaach). An deeër hire Fändel ass: richteg, de Roude Léiw, e bëssen anescht formatéiert. --Zinneke 12:07, 1 Juli 2006 (UTC)

Ech mengen och net datt déi Reklamm nach leeft, hunn se schonn eng Zäit laang net méi gesinn. Souwäit ech weess huet Ferrero Lëtzebuerg (an do leeën ech mech lo wäit aus der Fenster, well ech dat net richteg weess) d'Gestioun iwwert verschidde Siten an Europa, mee komesch ass et trotzdeem datt se dann de lëtzebuergeschen, oder wéi den Zinneke seet en ofgewandelte Fändel, benotzen. Ech mengen si identifizéiere sech jo bestëmmt net iwwert d'"Province" oder Lëtzebuerg. Also misst do jo nach en anere Grond sinn. Mee firwat esouwäit siche goen fir eng "topesch" Reklamm. Villäicht ass dat jo och just Zoufall. Myriam 00:38, 3 Juli 2006 (UTC)
Moien. Ech wees wéi eng reklamm gemengt ass: et ass eng Yacht, iergendwou zu Monaco, St. Tropez oder sou, wou en Typ dolaanscht geet an op der Terrass vun der Yacht e puer jonk Fraaen leien gesäit an hinnen mat der "längster Praline der Welt" beandrocken well... do hängt eben de Letzebuerger Fändel (rout-wäiss mam léiw drop) un der Yacht... iwwregens gesäit een dat dack op der Tele, zum beispill wéi se bei Galileo gewissen hun, wéi se eng 12 Mio. Euro-Yacht an däitschland gebaut hun an se op eng Ausstellung iergendwou aanescht an Däitschland transportéieren wellen. Gleewen awer kaum, datt de besetzer e Letzebuerger waar. Woar also emmer Zoufall, datt "eise" fändel drop houng an huet warscheinlech näischt mat Ferrero an hierer Bezéihung zu Letzebuerg ze dinn. --JimHawk 09:31, 3 Juli 2006 (UTC)
Ob en Besetzer Lëtzebuerger ass oder net spillt keng Roll. Dat greisstent Segelscheff vun der Welt segelt och ennert dem Roude Leif an et geheiert AFAIK engem Englänner. Dat huet einfach eppes mat Steieren ze dinn, dei bei eis jo esou fantastech niddreg sinn. An fier Werbefuzzien huet den Roude Leif och nach zwee Vierdeeler: 1) E gesait schein aus 2) Keen Mensch (ausser 450'000 Lait iergendswou teschent Däitschland, Frankräich an der Belsch) wessen wat dat sollt sinn esou kommen dann och keng dom gedanken ob. Un Zoufall gleewen ech sait der Erfindung vun digitalen Kameraen an Bildverarbechtungsprogrammer net méi. Mee ech geing do elo wierklech net zevill eraninterpretéieren. Grouss Spanish Inquisition 21:38, 10 Juli 2006 (UTC)

Merci fir äer Commentairen, dozou géif ech soen: "Interesting, isn't it?" Wéi gesot, komesch fannen ech et och, wisou sollt een ausgerechent op de lëtzebuerger Fändel kommen - fir eng Reklamm déi hei am Raum leeft -, do ginn et jo nach vill aner déi quasi kee kennt. Mee beloosse mer et derbäi. Myriam 23:11, 10 Juli 2006 (UTC)


Juste nach eng heizou. Ech hunn dei reklam emmer als eng Uspillung ob'd Steierparadies Lëtzebuerg gesinn. Ass dach logësch dass hei nemmen "Pralinen" giess ginn, an Duplo as hallt "die längste Praline der Welt"... Ech schätzen an nächster zait waerte mer mei iwwert de Roude leiw heieren mam Wolter senger Idee (sinn der geint aus genau deem selweschte Grond wei d'Commission Héraldique deemols schon).--Caranorn 12:42, 5 Oktober 2006 (UTC)

Ech fannen dat mer den Léiw als eisen Fändel sollen anféieren. An eisen Aalen den Hollänner schenken. Op mer keng aner Problemer am Land hun? Konstitutioun war och schon vun Frankräich an Holland nitt ratifizéiert ginn, mir hun awer een Referendum missten machen? An wat huet dat kascht?!? Fir dat se elo irgendwou an engem Tirang zu Bréissel leit! Knolle

Falschen Roude Léif?[Quelltext änneren]

An dem offiziellen Gesetzestext [1] ass en liicht aaneren Fändel ze gesinn ewéi deen deen hei ob der Wiki gewisen get. Den Roude Léif ob deser Säit huer nämlech keen gespleckten Schwanz, waat AFAIK nemmen am Woopen vun der Staadt Lëtzebuerg fierkennt. Den Roude Léif am offiziellen Gesetzestext huet allerdengs en gesplecktenen Schwanz. Ech fannen dat sollt en änneren. Vive d'Kaffisbounerestzenséeer. --Spanish Inquisition 13:56, 11 Juli 2006 (UTC)

Bemierkung: Daat richtegt Bild gouf an der Tëschenzäit agesaat (den 30. Juli 2006). Les Meloures 10:12, 7 Oktober 2006 (UTC)

Fändel oofstamung vu Limburg...[Quelltext änneren]

Wouhier stammt des Théorie dei keen senn gett? Limburg as den Ursprong vum Lëtzebuerger Wope, net vum roud-waiss-blo Fändel. Leider schengen dei meescht Wikipedia artikelen zu desem Thema dei Idee vun enger Limburger origine obzegraifen an ech kann net erausfannen wou dee Fehler fier'd eischt obgetaucht ass. Momentan woen ech et net unzefenken des Artikelen ze verbesseren (ech ka juste soen dass d'Limburger Théorie kee Senn mecht, aawer net waat dann dei wierklech Origine ass).--Caranorn 11:17, 6 Oktober 2006 (UTC)

rouden lëw[Quelltext änneren]

Hallo allersëits, dat hei ass dat eischt wat ech iwerhapt op Wikipedia schreiwen. Ech kann mech weder als Expert fir Wiki oder lëtzebuergescher Orthographie bezeechnen.

Mee, am Haptartikel steet dass den Rouden Lëw direkt vum Groussherzoglechen Wappen oofgeleit ass, desst geif mech an meifacher hinsicht erstaunen:

-den rouden lëw get schon zanter mei frei wei dem 16ten jh mat lëtzebuerg a verbindung bruecht.

-Eis Dynastie; Nassau-Weilburg ass reicht zanter 1890 (Firdrun 1815-1890 Orange-Nassau) regeierend Famill.

-T fawen vum Haus Weilburg Nassau sin orange-blo, esou och hieren Wappen.

Woumat dem Artikel sein wessenschaftlecht Fondament a froo gestallt sin dierft.

Neicht desdotrotz brauchen och meng behaptungen t eischt eng klooer ennermauerung , wouhier ech et hei schreiwen, an net an den haptartikel, ech versichen (wann ech zeit (an t motivatioun) fannen et selwer ze schreiwen. Wann hei awer een mei einfachen access op esou informatiounen huet an ee mei "lëtzebuergecht" lëtzebuergech schreift, wannechglift.

-dei froen iwert dat "ferrero-boot" sin licht ze beaentwerten; aus fiscalen grenn gin scheffer zu letzebuerg ungemellt, wat besoneg bei verschiddenen klassen interessant ass.

--Celiz 09:24, 7 Oktober 2006 (UTC)

Kontrast/ wou steet daat[Quelltext änneren]

Eng wichteg Ännerung an deem Gesetz: déi blo Faarf déi bis dohinner vun donkel bis hellblo konnt variéieren ass op hellblo (am Kontrast zum hollännesche Fändel) festgeluecht ginn.

Ass déi hollännesch Faarw och irgendwou définéiert, a wouhier kënnt déi Behaaptung daas Lëtzebuerg ee bessonnescht Blo gemaach huet fir eise Fändel vun deem Hollänneschen ze ënnerscheeden. Ech fannen daat a kengem legislativen Text. Les Meloures 10:24, 7 Oktober 2006 (UTC)

1972er Gesetz mengen ech. Woubei grad an der deitscher wiki (ob meng Ufro) e puer aennerungen an den Artikel koumen wou och schons ob en hellbloe Letzebuerger Fändel an der Belscher Revolutioun higedait gett. Ech kann daat selwer net besteetegen (juste dass effektiv de roud-waiss-bloe Fändel souwait ech daat desinn aus der revolutionärer Zait staamt).--Caranorn 12:46, 7 Oktober 2006 (UTC)

Wat ass "blo"?[Quelltext änneren]

Hei geet Rieds vu "blo" "donkelblo", "hellblo"? D'Faarwe sinn alleguer kloer definéiert, do misste mer eis schonn e bësse méi däitelch ausdrécken. De Faarfcode vu Pantone wier schonn emol net schlecht. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Pantone) soulaang et dat hei net gëtt. --Cornischong 10:36, 7 Oktober 2006 (UTC)

Déck op d'Tromm[Quelltext änneren]

"Déi eenzeg politesch Partei déi séch fier des Initiativ ausgesprach huet ass d'populistesch an nationalistesch ADR." - Kann et sinn, datt dat en "net gutt iwwerluechte" Saz ass? --Cornischong 22:14, 27 Oktober 2006 (UTC)

Filaicht nët ganz neutral, hunn en aawer vun der englëscher wikipedia (vu mier sëlwer geschriwwen) iwersaat wou ëch du nach iwwerprëift hunn dass d'ADR Säit och effektiv seet dass d'Partei als populistesch an nationalistesch ass (kéint sinn dass ëch daat och an deem Artikel béigesaat haat, méngen aawer nëtt). Waat aawer sécher ass, den ADR ass déi eenzeg Partei (zu deem Zaitpunkt wou ech den éischte Kommentar geschriwwen hunn) waar déi sech geschlossen fier déi Äennerung ausgeschwaat haat (an och nach elo méngen éch).--Caranorn 13:06, 28 Oktober 2006 (UTC)

E Vollek vun Analphabeten?[Quelltext änneren]

Fir den ADR (ech sinn do net Member!) ze beschäisse geet et nach duer, mee fir en hallef valabelt Lëtzebuergesch ze schreiwen, dat iwwerfuerdert séier. Et ass net un der Wikipedia fir eng ëffentlech Meenung duerch de Schäiss ze schleefen, mengt de --Cornischong 09:10, 30 Oktober 2006 (UTC)

Cornichong do muss ech dech elo mol obklären. Aus polit-wëssentschaftlecher Sicht as den ADR: 1) Populistesch, 2) Am riechtsen Spektrum an 3) Nationalistesch. Et handelt séch also nët em en duerch den Dréck ze zéien mee ebe grad neutral informatiounen. Dofier ginn éch och nët uerchterd déi verschidde Wikien äennere wann do steet déi Lénk (dër ech jo ugehéieren) wier socialistesch och wa mier daat ob quasi all Kongress oofgeleent hunn. Et handelt séch dobei em eng Wessenschaftléch Définitioun. Waat méi Lëtzebuergesch ugeet ass daat jo wuel bekannt. Fier eierlesch ze sinn ginn ech nëmme méi duergerneen waat ech méi probéiere Korrekt ze schréiwen. Wéi een daat jo wuel a ménger äennernder Schreiwweis an dem lëschte Mound gesi kann.--Caranorn 11:57, 30 Oktober 2006 (UTC)
Schäiss seet een net, Madame.
A wann een hei säi Pefferkär bäileet a Manéieren huet, dann "ënnerschreift" een. Souguer wann een zu München op der Uni sëtzt. Et sief, et ass een e Feigling. --Pecalux 09:41, 6 Juli 2007 (UTC)