Op den Inhalt sprangen

Militäresch Geriichtsbarkeet (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

D'militäresch Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg ass zoustänneg fir Verstéiss géint Militärgesetzer a -reglementer ze bestrofen. Zu de Verstéiss zielen ë. a. Verrot, Spionage, Befeelsverweigerung, Revolt, Gewalt a Beleidegung, Desertéieren, Hannerzéiung, Verkaf an Déifstall vu militäreschem Eegentum oder grav Verstéiss géint militäresch Flichten.

Ënner d'militäresch Geriichtsbarkeet falen d'Persoune vun der Force publique an déi, déi mat den Zaldote gläichgesat ginn. Dozou zielen absënns Beruffszaldoten, Fräiwëlleger vun der Arméi fir d'Dauer vun hirem Engagement a Membere vun der Police wärend dem Déngscht. Verstéiss géint dat allgemengt Recht, och wa se vun Zaldoten o. ä. begaange ginn, falen awer ënnert déi uerdentlech Geriichtsbarkeet.

Zur militärescher Geriichtsbarkeet gehéieren: