Conseil supérieur de la sécurité sociale (Lëtzebuerg)
Conseil supérieur de la sécurité sociale | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Um Spaweck | https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-sociales.html |
Den Ieweschte Rot vun de Sozialversécherungen ((fr) Conseil supérieur de la sécurité sociale, gekierzt CSSS) ass d'Appellsgeriicht géint Entscheedunge vum Schidsgeriicht vun de Sozialversécherungen zu Lëtzebuerg.
De Sëtz vum CSSS ass an der Stad Lëtzebuerg.
Kompetenz
[änneren | Quelltext änneren]Den Ieweschte Rot vun de Sozialversécherungen ass, als Appellsgeriicht, fir all Affäre mat engem Sträitwäert vu méi wéi 1.250 Euro, an déi d'Affiliatioun, d'Cotisatiounen, d'administrative Geldstrofen an d'Prestatioune betreffen, zoustänneg.
Fir d'Cassatioun ass d'Cour de cassation (déi am Fong zur zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet gehéiert) zoustänneg.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]Den CSSS besteet aus engem President an zwéin Assesseur-Magistraten déi vun der Cour d'appel delegéiert ginn. Do dernieft gëtt et nach zwéin Assesseuren déi net aus der Magistratur sinn, Vertrieder vun de Versécherten an dem Patronat, déi alleguer vum Minister fir Sozialversécherung fir eng Period vu fënnef Joer ernannt ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Ieweschte Rot vun de Sozialversécherungen
- Droit de la sécurité sociale 2024, Inspection générale de la sécurité sociale, ISBN 978-2-495-23264-7, S. 104 ff