Cour de cassation (Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Cour de cassation | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Um Spaweck | https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/cour-superieure-justice/cour-cassation.html |
D'Cassatiounsgeriicht ((fr) Cour de cassation) gehéiert zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet an ass d'Revisiounsgeriicht am Lëtzebuerger Justizsystem. Seng Aufgab ass et, fir d'Decisioune vun de Geriichter an den Appellsgeriichter z'iwwerpréiwen (ze reviséieren). Et entscheet net iwwer d'Faiten, mä just iwwer d'Recht oder d'Uwennung vum Recht.
D'Cassatiounsgeriicht besteet aus engem President a fënnef permanente Conseilleren, déi och nach den Titel vun „Vizepresident vum Ieweschte Geriichtshaff“ ((fr) vice-président de la Cour supérieure de justice) hunn.
Kompetenz
[änneren | Quelltext änneren]D'Cour de cassation ass ë. a. zoustänneg fir:
- d'Annulatioun oder d'Cassatioun vun Urteeler déi vun de verschiddene Kummere vun der Cour d'appel oder a leschter Instanz gesprach goufen;
- d'Demande fir Cassatioun géint Urteeler vun der Chambre du conseil vun der Cour d'appel;
- d'Demande fir Cassatioun an den anere Fäll, déi vum Gesetz virgesi sinn;
- d'Revisioun vun Urteeler vum Militärgeriichtshaff;
- …
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Cassatiounsgeriicht
- D'Cour de cassation am Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Justiz