Conseil de prud'hommes (Lëtzebuerg)
Conseil de prud'hommes | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
De Conseil de prud'hommes war e Geriicht am Justizsystem zu Lëtzebuerg. Et gouf am Dezember 1937 an d'Liewe geruff an ass 1989 ofgeschaaft ginn.
De Conseil de prud'hommes gouf provisoresch mam Gesetz vum 27. Dezember 1937 geschaaft[1], mat deem d'Kompetenz vun der Exekutiv ausgedeent gouf. D'Regierung konnt dunn iwwer Verwaltungsreglementer ë. a. d'Organisatioun an de Fonctionnement vun de Conseil-de-prud'homme reglementéieren, fir Streidereien tëscht de Patronen an den Aarbechter ze klären. E Joer méi spéit, am Dezember 1938, ass de Conseil de prud'hommes dunn definitiv per Arrêté grand-ducal agefouert ginn[2].
Et goufen dräi Conseil-de-prud'hommen am Land: een an der Stad, een zu Esch-Uelzecht an een zu Dikrech. Hir geographesch Kompetenz war déi selwecht wéi déi fir d'Friddensgeriichter. Se waren zoustänneg fir Streidereien am Zesummenhang mam Aarbechtskontrakt, mat Ufroe fir d'Restitutioun vu Cautionnementer, Certificaten, Akten, Geschier, Aarbechtsgezei oder aner Objeten, mat der Ausféierung vun den Aarbechtskontrakter, asw.
An Affäre mat engem Sträitwäert bis zu 12.000 Frang gouf et kee Recours, driwwer war en Appell um Ieweschte Geriichtshaff méiglech
Ënner anerem fir eng méi séier Veraarbechtung vun den Affären z'erméiglechen, sinn d'Conseil-de-prud'hommen – an d'Schidsgeriichter – 1989 mam Aarbechtsgeriicht ersat ginn[3][4].
Zesummesetzung vum Geriicht
[änneren | Quelltext änneren]An all Conseil de prud'hommes souz de Friddensriichter vum zoustännege Geriichtsbezierk a jee ee Vertrieder vum Patron a vum Aarbechter.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 27 décembre 1937 concernant l'extension de la compétence du pouvoir exécutif Art. 1, Punkt 4°. data.legilux.public.lu (27.12.1937). Gekuckt de(n) 21.12.2024.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 31 décembre 1938, ayant pour objet la création de Conseils de Prud'-hommes. legilux.public.lu (31.12.1938). Gekuckt de(n) 21.12.2024.
- ↑ Vera Fritz, « La mise à jour d'une organisation judiciaire héritée du 19e siècle (1980–2020) ». Histoire de la Justice au Luxembourg (1795 à nos jours) S. 246. Vera Fritz, Denis Scuto, Elisabeth Wingerter. München; De Gruyter Oldenbourg (2022). Gekuckt de(n) 21.12.2024.
- ↑ (fr)Loi du 6 décembre 1989 concernant la juridiction du travail. data.legilux.public.lu (06.12.1989). Gekuckt de(n) 21.12.2024.
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Pierre Majerus a Marcel Majerus. « L'État luxembourgeois », 5e édition, S. 271-272, Luxembourg: Service Information et Presse, 1983. Print.