Cour d'appel militaire (Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Cour d'appel militaire | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
D'Militär-Appellsgeriicht ((fr) Cour d'appel militaire) gehéiert zur militärescher Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg a jugéiert als Appellsgeriicht an éischter a leschter Instanz iwwer Urteeler vum Krichsrot:
- fir all Offizéier vun der Force publique an engem Rang iwwer dem Kapitän;
- fir d'militäresch Membere vum Krichsrot fir Verstéiss wärend der Ausféierung vun hire Funktiounen.
D'Militär-Appellsgeriicht besteet aus dräi Memberen:
- e President deen e Magistrat vun der uerdentlech Geriichtsbarkeet ass an de Rang vu Conseiller op der Cour d'appel huet,
- e „Magistrat dee sëtzt“ ((fr) magistrat du siège) deen op d'mannst de Rang vum Riichter huet,
- en Offizéier deen op d'mannst de Rang vum Majouer huet.
De Geriichtsschreiwer ass vum Ieweschte Geriichtshaff.
De Ministère public gëtt vum Procureur général d'État vertrueden, deen den Titel Auditeur général dréit.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Loi du 31 décembre 1982 concernant la refonte du code pénal militaire
- Loi du 31 décembre 1982 concernant la refonte du code de procédure militaire
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Loi du 31 décembre 1982 concernant la refonte du code de procédure militaire