Leerlaf

Vu Wikipedia

Leerlaf ass en Ausdrock aus dem Maschinnebau, deen den Zoustand vun enger Maschinn oder engem Apparat beschreift, deen a Betrib ass, awer keng Aarbecht ze leeschten huet oder net belaascht gëtt.

Beispiller:

  • En Auto bei deem de Motor leeft, awer de Motor net mat den Tranmissiounselemeter gekoppelt ass, sief et datt kee Gank ageluecht ass, oder op soss eng Manéier dovun ofgekoppelt ass, wéi z. B. duerch eng Kupplung.
  • En elektresche Motor deen ageschalt ass, awer näischt unzedreiwen huet.
  • Bei engem elektresche Grupp wann de Motor leeft, ouni datt de Generator Stroum produzéiert.

Per Analogie gëtt den Ausdrock och bei Persoune gebraucht, z. B.: En Employé deen näischt ze dinn huet, leeft am Leerlaf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]