Diskussioun:Leerlaf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Am ëmgedréinte Sënn, d.h. wann Deeler vun der Maschinn sech dréinen, a vum Motor duerch en Dispositiv lassgekoppelt sinn, schwätzt ee vun engem Fräilaf.": En ëmgedréite Sënn huet hei iwwerhaapt näischt verluer. Dësen Artikel heescht "Leerlaf"!!! An: "schwätzt ee vun engem Fräilaf" Hei schwätzt iwwerhaapt keen! Och net "een". De Lemma Leerlaf gëtt hei op eng genësslech Manéier illustréiert. --Cornischong 21:13, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

"(Blabla ërem dran bis ee mer mat Argumenter bäbréngt firwat dat blabla soll sinn": Wéi heidriwwer schonns geschriwwe gouf, ginn hei d'Lemmata getrennt behandelt. Hei, beispillsweis ass den Artikel mat senger Diskussiounssäit vum Lemma "Leerlaf". Blabla iwwer "Fräilaf" ass am Artikel "Fräilaf" ze sichen. Dat liicht net jidderengem direkt an. Riicht dech am beschten un ee vun de siwen aktiven Adminstrateuren fir Eenzelheeten. Gär geschitt. --Cornischong 21:55, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

An de Lemma Fräilaf ass iwwerhaapt net illustréiert.

Wat ass un där Ausso vum Fräilaf an dësem Artikel falsch?

Les Meloures 21:50, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Léiwe Benotzer. Dësen Artikel heescht "Leerlaf". (steet driwwer). Déi interessant Ausso iwwer de Fräilaf huet schonns een an en neien Artikel gesat, dee "Fräilaf" heescht (steet driwwer). --Cornischong 21:58, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech hunn deen héich intressanten Artikel gelies. Merci fir déi super komplett Informatioun iwwer de Fräilaf. Les Meloures 22:16, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

"d'Tourenzuel vum Motor an de Ralenti fält.": Wéi kann eng Tourenzuel an de Ralenti falen? Resp. Bei wéivill Touren ass de Ralenti do? --Cornischong 22:04, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Bei wéivill Touren datt de Ralenti do ass kanns de am Artikel Ralenti kucken, awer nëmme just am Fall wou een et fäerdeg bréngt, en eenegermosse kompletten Artikel ze schreiwen. Les Meloures 22:14, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Villmools Merci fir déi opschlossräich Äntwert. Vläicht fënnt ee vun de siwen aktiven Administrateuren emol d'Zäit fir eng Schabloun mat "Iwwer dëse Lemma huet nach keen et fäerdeg bruecht, en eenegermosse kompletten Artikel ze schreiwen; kuck dat léiwer an der däitschsproocheger Wikipedia no". Hiewe mer also Gedold. --Cornischong 06:09, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Wat soll dat Gebraddels do.

Wëll de erëm Leit dru kréien déi Artikelen ze schreiwen déi där an de Krom passen oder fir déi s du elo stantepede gären eng Explicatioun häss.

Et gëtt fir den Ament eppes iwwer 5.000 Lemmata déi als roude Link op der lb:Wiki stinn. Solle mer an all déi eng Schabloun setze goen dat se nach net geschriwwe sinn, an datt een op der däitscher Wiki soll kucken oder op iergendenger anerer?

Wat sollen e sou Veréckheeten?

Hei liesen ech:

Bei Autoen ass am Leerlaf kee Gank (Motor) ageluecht. Ass dat d'Definitioun vum Leerlaf beim Auto.

Bei der Turbinn ass de selwechte Fall. Do gëtt et e Lafrad dat rotéiert, a kee Mënsch gëtt gewuer, wéi déi rotatioun zustane kënnt. Gëtt dat Lafrad vun engem Motor ugedriwwen?

Du hues et anscheinend méi liicht bei Artikelen déi aner Benotzer ufänken, Boboe sichen ze goen, wéi déi déi s de selwer schreifs eennegermosse richteg ze definéieren.

Les Meloures 08:40, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Standby ?[Quelltext änneren]

Heiansdo gëtt och den Ausdrock "Standby" benotzt. Gëtt op englesch fir "Leerlaf" net "idle" oder "idle-speed" benotzt?--Fliedermaus 11:13, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut. Dach, dee Link stoung vun Ufank un dran. Mat Standby huet et natierlech näischt ze dinn. --Cornischong 11:20, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
Aus der en:wiki
Idle speed is the minimum operating speed (generally measured in revolutions per minute, or rpm, of the crankshaft) of a combustion engine. At idle speed, the engine generates enough power to run reasonably smoothly and operate its ancillaries (water pump, alternator, and, if equipped, other accessories such as power steering), but usually not enough to perform useful work, such as moving an automobile. For a passenger-car engine, idle speed is customarily between 600 rpm and 1,000 rpm.
Deemno wier mat idle speed de Ralenti gemengt.
Dofir gouf deen engleschen Interwiki idle speed och hei eraus geholl, a bei de Ralenti gesat.
Les Meloures 15:43, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


De standby gouf erausgeholl, gëtt héchstens an der Elektronik gebraucht. Les Meloures 16:08, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]