Cello Tales
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Cello tales)
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 4. Mäerz 2003 |
Dauer | 75 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Englesch Franséisch Däitsch Italieenesch |
Ekipp | |
Regie | Anne Schiltz |
Dréibuch | Anne Schiltz |
Schnëtt | Pia Dumont |
Produzent | Anne Schroeder |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Cello Tales ass en Documentaire vun der Lëtzebuerger Regisseurin Anne Schiltz. En hat de 4. Mäerz 2013 Première um Festival Discovery Zone a koum den 10. Abrëll 2013 an de Kino.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film dokumentéiert d'Bezéiung vu Museker zu hirem Instrument, engem Cello, an och, wéi déi Instrumenter gebaut ginn.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Um portugisesche Festival de Cinema de Avanca krut de Film den "Televisiounspräis" (Premió Televisão), zesumme mam hollänneschen Documentaire Guerrilla Grannies vum Ike Bertels.[1]
Um italieenesche Mediterraneo Video Festival krut de Film d'Mention spéciale fir "d'narrativ Sprooch an d'technesch Qualitéit vun den Audio- a Videoopnamen".[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ tvi24.iol.pt: «Eastalgia» vence prémio principal do festival de Avanca (29. Juli 2013)
- ↑ martinlubenov.eu: Mediterraneo Video Festival winner... (net datéiert, gekuckt den 3. Dezember 2021)