Luxembourg City Film Festival

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Discovery Zone)

Luxembourg City Film Festival, am Logo als Lux Film Fest ofgekierzt, ass e Filmfestival, dee vun der Stad Lëtzebuerg mat anere Partneren am Prinzip all Joers organiséiert gëtt.

En huet zanter 2007 e puermol säin Numm a säi Konzept gewiesselt. A senger aktueller Form existéiert en zanter 2015.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

2007 huet d'Stad Lëtzebuerg, zesumme mam CNA, e Festival ënner dem Numm DirActors Cut - Luxembourg City International Film Festival lancéiert, deen 2009 an DirActors International Film Festival Luxembourg City ëmbenannt gouf. Dëse Festival, dee vun der Stad Lëtzebuerg an dem CNA (via 2 Asblen) organiséiert gouf, war op Filmer spezialiséiert, bei deenen et Schauspiller sinn, déi Regie gefouert hunn.

Déi éischt Editioun war vum 10. bis den 13. Oktober 2007. Schauspiller-Regisseuren, déi um Festival dobäi waren, waren ë. a. de Guillaume Canet, d'Jane Birkin, den Dani Levy, d'Sophie Marceau, den Nils Tavernier an d'Maria de Medeiros. Bei sougenannte Carte-blanchen hu si mam Public iwwer hire Film, de Choix, selwer Filmer ze maachen, asw. diskutéiert.

Déi zweet Editioun war vum 15. bis den 19. Oktober 2008. Invitéiert waren déi Kéier de Martin Walz, d'Emmanuelle Béart, de Martin Provost, de Fabrice du Welz, den Dominique Abel an d'Fiona Gordon, de Pol Cruchten, de Luc Feit, d'Maud Linder, den Achim Von Borries, de Robin Renucci, d'Sandrine Bonnaire, d'Laetitia Colombani, d'Nicolette Krebitz, d'Marion Laine an de Safy Nebbou.

Vum 15. bis den 19. Oktober 2009 war déi drëtt Editioun. Ënner den Invitéë war dës Kéier d'Carole Bouquet, de Luc Picard, de Samir Guesmi an deLionel Baier.

2010 gouf et kee Festival.

2011, vum 28. Abrëll bis de 5. Mee, gouf de Festival ënner enger neier Form, an ënner dem Numm Discovery Zone - Luxembourg Filmfestival eng éischt Kéier organiséiert. D'Iddi war, besonnesch der Evolutioun vun der Lëtzebuerger Filmzeen, virun allem der jonker Generatioun, Rechnung ze droen, andeems op der enger Säit Filmer virgestallt a gewise ginn, an op der anerer Säit de Public d'Méiglechkeet huet, d'Filmwelt duerch Workshopen an Ateliere méi no kennen ze léieren. Déi zweet Editioun war vum 1. bis den 9. Mäerz 2012, déi drëtt vum 28. Februar bis den 8. Mäerz 2013 an déi véiert vum 28. Februar bis den 9. Mäerz 2014.

Zanter der fënnefter Editioun, 2015, huet de Festival den aktuellen Numm Luxembourg City Film Festival.

Déi 10. Editioun, déi vum 5. bis de 15. Mäerz 2020 hätt sollten daueren, huet misse wéinst der COVID-19-Pandemie ofgebrach ginn. 2021 war déi 11. Editioun, nach ëmmer am Schiet vun der Pandemie, vum 4. bis de 14. Mäerz; d'Filmer goufen deels am Kino deels online gewisen.[1]

Déi 12. Editioun war vum 3. bis den 13. Mäerz 2022[2], déi 13. vum 2. bis den 12. Mäerz 2023[3] an déi 14. vum 29. Februar bis den 10. Mäerz 2024.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxembourg City Film Festival – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Ouverture vum LuxFilmFest." 100komma7.lu, 04. Mäerz 2021 - 07:45.
  2. "Iwwer 100 Filmer bei der 12. Editioun vum LuxFilmFest." rtl.lu, 07.02.2022.
  3. "De Programm vun der 13. Editioun vum Luxembourg City Film Festival steet fest." rtl.lu, 09.02.2023.