Michel Majerus - Next Step
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Lëtzebuerg |
| Première | 2021 |
| Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
| Ekipp | |
| Regie | Anne Schiltz |
| Dréibuch | Anne Schiltz |
| Produzent | Anne Schroeder (Samsa Film) |
| Schauspiller | |
| keng (Documentaire) | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Michel Majerus - Next Step ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vun der Anne Schiltz.[1].
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film ass e Portrait vum lëtzebuergesche Moler Michel Majerus, deem seng international Karriär 2002 abrupt duerch de Luxair-Fligeraccident bei Nidderaanwen op en Enn koum. E geet och der Fro no, wéi een d'Erënnerung un an d'Wierk vun engem Këschtler no deem sengem Doud 'lieweg' hale kann.
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]Interviewt goufen ë. a.: Bastian Krondorfer, Jean Majerus, Edith Majerus, Burkhard Riemschneider, Tim Neuger, Heike-Karin Föll, Albrecht Kastein, Wawrzyniec "Wawa" Tokarski, Christian Boros, Friedrich Meschede, Bettina Friedli, Barbara-Brigitte Mak, Susanne Küper, Christiane Rekade, Susanne Kleine, Klaus vom Bruch.
De Film krut e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong.
Kritik
[änneren | Quelltext änneren]Michel Majerus - Next step gouf mam Lëtzebuerger Filmpräis 2023 als beschten Documentaire-Laangfilm ausgezeechent.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Trailer op vimeo.com
