Helen Buchholtz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Helen Buchholtz op enger Foto vum Charles Bernhoeft vun 1905

D'Charlotte Helena Buchholtz, gebuer de 24. November 1877 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 22. Oktober 1953 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Komponistin.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

D'Helen Buchholtz huet aus der Escher Famill Buchholtz-Ettinger gestaamt. Hire Papp war Besëtzer vun enger Quincaillerie a Grënner vun der Brauerei Buchholtz. Si hat scho ganz jonk d'Méiglechkeet Musek ze studéieren. No der Primärschoul huet se an engem Meederchespensionat zu Lonkech weider studéiert wat hir erméiglecht huet mat dem Museksstudium weider ze fueren.

No hirer Hochzäit den 2. Abrëll 1914 mat dem däitschen Dokter Bernhard Geiger ass se mat hirem Mann op Wiesbaden gaangen. 1921, nom Doud vun hirem Mann ass se nees an d'Heemecht zréckkomm an huet sech an der Stad Lëtzebuerg um Boulevard Paul Eyschen niddergelooss.

Si huet sech hir Kenntnesser an der Kompositioun gréisstendeels autodidaktesch ugëeegent. Se huet awer och am Laf vun der Zäit mat verschiddene Museker an Dichter zesummegeschafft, wéi de Batty Weber an de Willy Goergen. Mat dem Gustave Kahnt war se vu Wiesbaden aus schrëftlech a Kontakt. Hien huet hir Kompositiounen, déi se him gescheckt huet, nogekuckt a mat schrëftleche Korrekturvirschléi zréckgeschéckt. 1923 ass och de Gustave Kahnt gestuerwen. Duerno huet se mam Jean-Pierre Beicht zesummegeschafft. Wéi och deen 1925 gestuerwen ass, huet se mam Fernand Mertens, dem deemolegen Dirigent vun der Militärmusek an Enseignant um Stater Conservatoire, zesummegeschafft.

Bei hire Vertounungen hat si eng Virléift fir Texter vum Nik Welter a vum Willy Goergen.

Wéi si 1953 kuerz virun hirem 76. Gebuertsdag gestuerwen ass, huet se iwwer 200 Noutemanuskripten hannerlooss, dorënner

Zu Liefzäiten hat si just 16 Kompositioune publizéiert. Déi aner wieren no hirem Doud, wéi hir Wunneng geraumt gouf, bal zerstéiert ginn, wa se net a leschter Minutt vun hirem Neveu gerett gi wieren, dee s'an zwou Valisse bei sech doheem versuergt huet, a wou se 45 Joer dono erëmentdeckt goufen.

Am Joer 2000 ass an der Bibliothéik vum Cid-Femmes den Helen-Buchholtz-Archiv mat der kompletter musikalescher Ierfschaft vun der Helen Buchholtz opgaangen.

No der Helen Buchholtz benannt[änneren | Quelltext änneren]

  • eng Strooss, rue Helen Buchholtz, (PLZ 4048) zu Esch-Uelzecht am Quartier Al Esch (de 24. November 2006 benannt).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Roster, D: "Nur noch in Tönen atmen... Die Escher Komponistin Helen Buchholtz. Eine Würdigung." In: 100 Joer Esch. 1906-2006, Esch-Alzette 2005, S.374-381.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

Enn 2003 huet den Euterpe Fraemuseksforum am Centre d'information et de documentation des femmes (Cid-femmes) en CD mat 24 Lidder vun de lëtzebuergesche Komponistinnen Helen Buchholtz a Lou Koster produzéiert. Beim CD läit en 32 Säite-Bichelchen mat den Originaltexter vun alle Lidder an Informatiounen iwwer déi zwou Komponistinne vun der Musekologin Danielle Roster. D'Lidder gi vun der Mady Bonert (Sopran) a vum Claude Weber (Piano) interpretéiert.

2011 ass beim Label cpo eng weider CD mat Pianoswierker vun der Helen Buchholtz erauskomm. Dës Opnam gouf vum Marco Kraus agespillt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helen Buchholtz – Biller, Videoen oder Audiodateien