André Dziezuk
André Dziezuk | |
---|---|
Gebuer |
1966 Diddenuewen |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Komponist |
Den André Dziezuk, gebuer 1966 zu Diddenuewen[1], ass e franséische Museker a Filmmusek-Komponist.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]No sengem Studium um Metzer Conservatoire huet hien e Capes a Musikologie gemaach, a war duerno eng 20 Joer Museksprof. No der klassescher Musek huet hie sech virun allem fir den Jazz begeeschtert. Zesumme mam Marc Mergen huet hien 1994 d'Band Lingo gegrënnt.
Éischter duerch Zoufall gouf de Frédéric Fonteyne op si opmierksam an huet s'engagéiert, d'Musek fir säi Film Une liaison pornographique ze schreiwen. Dono hu si d'BO fir der Beryl Koltz hire Kuerzfilm Starfly geschriwwen, deen um Festival international du court-métrage de Clermont-Ferrand de Präis fir déi bescht Musek krut.[2]
Zënterhier schreift den André Dziezuk, ufanks zum Deel zesumme mam Marc Mergen, d'Musek vun enger ganzer Rëtsch Filmer, vun deenen déi meescht zu Lëtzebuerg koproduzéiert goufen.[3]
2012 gouf hie mam Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Realisatioun (ex aequo mam Maisy Hausemer a Paul Scheuer) ausgezeechent.
Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" gläich véier Mol nominéiert, an dat fir seng Musek fir d'Filmer Eng nei Zäit, Oorlogsgeheimen, Black Harvest a Colonia.[4]
2021, beim 9. Lëtzebuerger Filmpräis, krut hien de Präis fir déi bescht Musek fir Tel Aviv on Fire. 2023, bei deem dono, war et seng Musek fir Icare, déi em dee Präis abruecht huet.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Spillfimer
[änneren | Quelltext änneren]- 1999: Une liaison pornographique vum Frédéric Fonteyne (zesumme mam Marc Mergen)
- 2008-2009: Maternelle vum Philippe Blasband
- 2009: Nous Trois vum Renaud Bertrand (zesumme mam Marc Mergen)
- 2009 La dernière fugue vun der Léa Pool (zesumme mam Marc Mergen)
- 2010 Illégal vum Olivier Masset-Depasse (zesumme mam Marc Mergen)
- 2010: Avant l'aube vum Raphaël Jacoulot
- 2011: Hot Hot Hot vun der Beryl Koltz
- 2011: Valparaiso vum Jean-Christophe Delpias zesumme (mam Marc Mergen)
- 2011: La vie d'une autre vun der Sylvie Testud
- 2012: J'enrage de son absence vun der Sandrine Bonnaire
- 2012: La traversée vum Jérôme Cornuau
- 2013: Avant l'hiver vum Philippe Claudel
- 2014: Divin Enfant vum Olivier Doran
- 2014: Wiplala vum Tim Oliehoek
- 2014: Oorlogsgeheimen vum Dennis Bots
- 2015: Disparue en hiver vum Christophe Lamotte
- 2015: Coup de chaud vum Raphaël Jacoulot
- 2015: Eng nei Zäit vum Christophe Wagner
- 2015: Colonia vum Florian Gallenberger
- 2016: Egon Schiele:Tod und Mädchen vum Dieter Berner
- 2017: Een echte Vermeer vum Rudolf van den Berg
- 2017: Storm
- 2018: Fritzi (Animatiounsfilm) vum Ralf Kukula a Matthias Bruhn
- 2018: Invisible Sue vum Markus Dietrich
- 2018: Tel Aviv on Fire vum Sameh Zoabi
Kuerzfilmer
[änneren | Quelltext änneren]- 2005: Starfly vun der Beryl Koltz (zersumme mam Marc Mergen)
- 2008-2009 Rose et Violet vum Claude Grosch a Luc Otter (zesumme mam Marc Mergen)
- 2011 Le père, le fils... et Anna vun der Myriam Muller
- 2012 Antoine vum Cyrus Neshvad
- 2013: Serena vum Eric Lamhene
- 2013: Emilie vum Olivier Pesch
- 2013 Le chagrin des ogresses vun der Myriam Muller
- 2015 À quoi bon? vum Thierry Faber
Documentairen
[änneren | Quelltext änneren]- 2004 René Deltgen - Der sanfte Rebell vum Michael Wenk
- 2004 Heim ins Reich vum Claude Lahr (zesumme mam Marc Mergen)
- 2006 Les maîtres du vent vum Claude Lahr (zesumme mam Marc Mergen)
- 2007: Diddeleng - 100 Joer, 100 Gesiichter vun der Beryl Koltz a vum Armand Strainchamps (zesumme mam Marc Mergen)
- 2011: The Road Uphill vum Jean-Louis Schuller
- 2011 Germaine Damar - Der tanzende Stern vum Michael Wenk
- 2013: Sleepless Djigit vum Marc Recchia a Christophe Rolin
- 2015: Black Harvest vum Sean Clark a Jean-Louis Schuller
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Le compositeur fait son cinéma." l'Est Républicain du 25 janvier 2015.
- ↑ "Biographie" op andredziezuk.com (gekuckt 07.11.2015).
- ↑ "Filmographie" op andredziezuk.com (gekuckt 07.11.2015).
- ↑ cineuropa.org: Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)