Thierry Faber

Vu Wikipedia
Thierry Faber
Gebuer 22. Juni 1974
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmediteur, Dréibuchauteur
Famill
Papp Paul Faber
Mamm Marie-Christine Faber

Den Thierry Faber, gebuer den 22. Juni 1974 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmediteur, Zeenarist a Realisateur. Hien huet seng Karriär 1999 ugefaangen[1].

Hien huet vun 1993 bis 1997 zu Stroossbuerg op der U.S.H.S. Geschicht studéiert. Vun 1997 bis 2000 war hien zu Louvain-la-Neuve op der Filmschoul I.A.D.

Zanterhier huet hien dacks als Filmediteur ("Cutter") geschafft; 2003 an 2007 krut de Faber dofir de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht technesch Kontributioun[2]. 2015 huet hien de Kuerzfilm À quoi bon? realiséiert.

Hien ass de Créateur, (Co-)Zeenarist a Showrunner vun der TV-Serie Capitani. Virdrun huet hien un den Dréibicher vun de Sitcome Weemseesdet a Comeback a vum Film De Superjhemp retörns matgeschafft.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op IMDb (en)
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2017-07-14. Gekuckt de(n) 2017-05-29.