Lëtzebuerger Filmpräis 2003

Vu Wikipedia
Affiche vum Film J'ai toujours voulu être une sainte ("Beschte Lëtzebuerger Film")
Affiche vum Film L'homme au cigare ("Beschte Lëtzebuerger Film")

De Lëtzebuerger Filmpräis gouf eng éischt Kéier den 10. Oktober 2003 an der Rotonde zu Bouneweg verginn, am Kader vun enger Woch vum Lëtzebuerger Film, wärend där iwwer 40 national Filmproduktioune gewise goufen.[1] D'Präiszeremonie gouf vum Zauberkënschtler an Illusionist David Goldrake presentéiert.[2]

Déi éischt Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an d'Woch vum Lëtzebuerger Film goufe zesumme vu staatlechen Institutiounen (Filmfong, CNA a Media Desk Luxembourg) an de Berufsverbänn am Filmsecteur (Union luxembourgeoise de la production audiovisuelle, Association des réalisateurs et scénaristes an Association des techniciens et acteurs du cinéma) organiséiert.[3]

Jury a Selektioun[änneren | Quelltext änneren]

Jurysmembere waren d'Josiane Peiffer (Presidentin), de Michel Cieutat, den Tom Hensgen, de Claude Neu, den Théo Péporté, de Romain Roll, an de de Marc Scheffen. D'Jury huet d'Gewënner an de Kategorien "Beschte Film", "Beschte Kuerzfilm", "Bescht Koproduktioun", "Bescht kënschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" entscheet. Zwéi Filmer goufen als beschte Film ausgezeechent: de Filmdrama J'ai toujours voulu être une sainte a L'homme au cigare, dem Andy Bausch säi Portrait iwwert de Grënner vun der Stater Cinemathéik, de Fred Junck. Den Thierry van Werveke gouf fir seng schauspilleresch Leeschtung am Publikumserfolleg Le Club des Chômeurs ausgezeechent.

D'Jury huet d'Gewënner aus am Ganze 15 Kuerzfilmer, 11 Spillfilmer, 14 Koproduktiounen a 56 Kënschtler an Techniker erausgesicht.

De Gewënner an der Kategorie "Beschten europäesche Film", deen un dem Spuenier Pedro Almodóvar säin Hable con ella vum gaangen ass, gouf vun de Lëtzebuerger Kinoskritiker ausgewielt.

D'Organisateure vum Filmpräis haten entscheet, den Éierepräis un de Journalist an Dokumentarfilmmécher Gordian Troeller ze ginn, deen am Mäerz virdru gestuerwe war, an den Nowuesspräis un de Regisseur Daniel Wiroth.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. gouvernement.lu: Présentation de la semaine du film luxembourgeois, Lëtzebuerger Filmpräis et Cinedays 2003 (25. September 2003)
  2. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2003 (gekuckt den 23. November 2021)
  3. paperjam.lu: Première édition du "Lëtzebuerger Filmpräis" (5. September 2003)