Théo Péporté
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Théo Péporté | |
---|---|
Gebuer | 1953 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmkritiker |
Den Théo Péporté, gebuer 1953, war bis den 1. Oktober 2013[1] Responsabele vum Kommunikatiouns- a Presseservice a Porte-parole vum der Äerzdiözees Lëtzebuerg.
An där Funktioun war hien och de Vertrieder fir Lëtzebuerg vu Signis Europa. Hien ass och Filmkritiker a Member vu verschiddene Jurye vu Festivaller.
Virdru war hien den Direkter vum Centre chrétien d'éducation des adultes a President vum Info-Video Center.
Hien ass ausserdeem a verschiddene Verwaltungsréit, wéi z. B. beim Radio 100,7 oder vun der Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Kathoulesch Kierch: Roger Nilles Successeur vum Théo Péporté." RTL.lu - 27.08.2013, 15:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.08.2013, 15:20.