Lëtzebuerger Filmpräis 2012

Vu Wikipedia
De beschte Lëtzebuerger Spillfilm 2012 war Hot Hot Hot

Déi 5. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war den 9. Mäerz 2012 am Casino 2000. D'Präiszereomonie, déi den Enn vum Filmfestival Discovery Zone markéiert huet, gouf vum Gabriel Boisanté moderéiert. 46 Filmer a 5 Kategorie waren nominéiert, dovun 13 Kuerzfilmer, 12 Dokumentarfilme, 12 Koproduktiounen, 4 réng lëtzebuergesch Filmer a 5 Animatiounsfilmer. Et waren och 74 Persounen an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" an 51 Leit an der Kategorie "Bescht technesch Kontributioun" nominéiert.[1][2]

D'Zeremonie stoung ënnert dem Patronage vun Kommunikatiounsminister François Biltgen an der Kulturministesch Octavie Modert.[3]

An der Jury vun der Presidentin an ARTE-Journalistin Marie Labory souzen d'Kulturjournalistin Vesna Andonovic, den Direkter vun der Stater Cinemathéik Claude Bertemes, de Filmfan Roger Fohl, den Direkter vun der Abtei Neimënster Claude Frisoni, de Produzent Max Permantier an de Filmkritiker Jemp Thilges.[4] [5]

De Präis fir de beschte Spillfilm ass un der Beryl Koltz hiren Hot Hot Hot vu Samsa Film gaangen. De franséisch-belsch-lëtzebuergesche Spillfilm Illégal krut de Präis fir déi bescht Koproduktioun.

D'Gewënnerin vum "Prix du Jeune Espoir", deen un d'Vicky Krieps fir hir Roll am Film Die Vermessung der Welt gaangen ass, stoung schonn am Virfeld fest.[1]

De Publikumspräis gouf 2012 no dräi Editioun nees ofgeschaft.

Palmarès:

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 rtl.lu: Lëtzebuerger Filmpräis den 9. Mäerz am Casino 2000 (16.Februar 2012)
  2. wort.lu: 46 Produktionen konkurrieren in fünf Kategorien (. Mäerz 2012)
  3. gouvernement.lu: Palmarès du 5e Lëtzebuerger Filmpräis! (12. Mäerz 2012
  4. filmprais.blogspot.com mat Informatiounen zu de Präisser 2003-2012
  5. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2012 (gekuckt den 23. November 2021)