Lëtzebuerger Filmpräis 2009

Vu Wikipedia
D'Affiche vun InThierryView vum Andy Bausch, deen 2009 de Publikumspräis krut

De 4. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 4. Dezember 2009 an der Stater Lux-Expo verginn. D'Soirée gouf vum Max Hochmuth an dem Fred Neuen de animéiert. 800 Persoune ware bei där Zeremonie dobäi, op där och d'Rockgrupp Eternal Tango opgetrueden ass.[1] Ausgewielt gouf aus 53 Filmer, dorënner 15 Kuerzfilmer, 18 Koproduktiounen, 3 Lëtzebuerger Spillfilmer, 10 Dokumentarfilmer a 7 Animatiounsfilmer. Donieft ware ronn 100 Lëtzebuerger oder Résidenten am Renne fir de Präisser fir déi bescht kënschtleresch an technesch Kontributiounen.[2]

An der Jury vun der Jurypresidentin Désirée Nosbusch souzen de Boyd van Hoeij, d'Viviane Reding, den Nico Simon, de Klaus Peter Weber, de Frank Wilhelm an den Dan Wiroth.[3]

Als beschte Film gouf dem Jean-Claude Schlim säin Drama House of Boys ausgezeechent, iwwer d'Bezéiung an d'Léift tëscht zwéi jonke Männer, vun denen een HIV-positiv ass. D'Argumentatioun vun der Jury war, datt dee Film am beschten de Fong an d'Form ze kombinéiere wosst a gläichzäiteg en Theema behandelt huet, dat nach ëmmer aktuell wier. Och de Carlo Thiel gouf fir seng Kamera-Aarbecht um slweschte Film mam Präis "Bescht technesch Kontributioun" geéiert.[2]

D'Jury hat entscheet e Spezialpräis, deen net virgesi war, un d'Dekoratrice Christina Schaffer ze verginn, fir hiert Handwierk an hir Kreativitéit ze éieren. Si krut schonn 2005 en éischte Filmpräis.

De Publikumspräis ass un den Documentaire InThierryView gaangen, e Portrait vum Andy Bausch iwwer de Schauspiller Thierry van Werveke, deen am Januar vun deem Joer fréizäiteg gestuerwe war. Zu sengen Éieren huet d'Désirée Nosbusch och e puer Wieder gesot an et gouf e Videoclip als Hommage gewisen.[1]

D'Präisser fir déi bescht Filmmusek a fir de beschten Nowuesskënschtler goufen net méi attribuéiert.

Palmarès:[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 land.lu: Filmpräis 2009: Le fond et la forme (10. Dezember 2009)
  2. 2,0 2,1 filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2009 (gekuckt den 23. November 2021)
  3. 3,0 3,1 filmprais.blogspot.com mat Informatiounen zu de Präisser 2003-2012