Jean-Claude Schlim

Vu Wikipedia
Jean-Claude Schlim
Gebuer 18. Mäerz 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur

De Jean-Claude Schlim, gebuer den 18. Mäerz 1963 zu Lëtzebuerg ass e Filmtechniker, Filmregisseur, Filmproduzent a fréiere Journalist.

Hien huet vun 1985 bis 1987 op der ESEC zu Paräis Film studéiert a war vun 1985 bis 1989 Freelance-Journalist. Duerno huet hien, virun allem zu Lëtzebuerg, als Techniker bei Filmproduktioune geschafft.

2009 koum säin éischten eegene Film, House of Boys, eraus. Dofir krut hien am selwechte Joer de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht Fiktioun.