Désirée Nosbusch
Désirée Nosbusch | |
---|---|
Gebuer |
14. Januar 1965 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Hubert-Clément |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Filmregisseur, Filmproduzent, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Tom Bierbaumer |
Liewenspartner(in) | Dieter Zetsche |
D'Désirée Nosbusch, gebuer de 14. Januar 1965 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin, Televisiounspresentatrice, Filmregisseurin a -Produzentin.
Hir Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Désirée Nosbusch huet hir Karriär mat nëmmen 12 Joer beim däitschsproochege Radiosprogramm vun RTL ugefaangen. Do huet se Kannersendunge co-moderéiert, mä geschwë krut se eng eege Sendung (Hits von der Schulbank). Op der däitscher Televisioun huet se zesumme mam Anke Engelke eng Kannersendung an der ARD moderéiert, an am ZDF krut se geschwënn hir eegen Emissioun (Musicbox, Hits mit Désirée).
Mat 16 Joer huet d'Désirée Nosbusch hiren éischte Film (Nach Mitternacht), a gläich drop en zweeten (Der Fan) gedréit, dee fir Opreegung suergt, well de weiblechen Haaptpersonnage e Popstar, deen en unhimmelt, wuertwiertlech zum Friesse gär huet. Gläichzäiteg huet se fir Zodi an der deemools nach biderer däitscher Televisiounslandschaft gesuergt, well se sech an enger Sendung mam Bayeresche Ministerpresident Franz-Josef Strauß an d'Hoer kritt hat, an dofir mat Protestbréiwer zougeschott gouf.
Kuerz drop goung d'Désirée Nosbusch op New York an eng Schauspillschoul. 1984 koum si hannescht op Lëtzebuerg, fir do 1984 den 29. Grand Prix Eurovision de la Chanson ze moderéieren.
An de Joren duerno pendelt se tëscht Europa an Amerika hin an hier. Se spillt reegelméisseg a Filmer (Kino an Televisioun) mat (dorënner e puer vum Andy Bausch) a moderéiert, virun allem op der däitscher Tëlee, Galaen a Variétésendungen. Fir d'éischt op der Theaterbün war se 2006 bei de Ruhrfestspiller zu Recklinghausen, wou se d'Katherina am William Shakespeare sengem Kaméidistéck Der Widerspenstigen Zähmung ënner der Intendanz vum Frank Hoffmann gespillt huet.
2001, no enger Ausbildung vun e puer Joer als Regisseurin, huet si hiren éischte Kuerzfilm (Ice Cream Sundae), mat der Tippi Hedren an der Haaptroll, gedréint.
2011 huet se zesumme mat der Alexandra Hoesdorff-Rosen (deal Productions S.A.) d'Produktioun vun der Sitcom Weemseesdet a 24 Deeler fir RTL Télé Lëtzebuerg iwwerholl. Si huet selwer och eng Nieweroll, d'Francine Konsbrück, an där Serie gespillt. 2014 koum hiren Documentaire iwwer de Fernand Fox, Succès Fox, an de Kino.
Am Abrëll 2017 huet se beim däitsche Fernseesender VOX d'Moderatioun vun der Talkshow "The Story of my Life" iwwerholl, woubäi jeeweils eng prominent Koppel domat konfrontéiert gëtt, wéi se am héijen Alter géifen ausgesinn a wou dann iwwer d'Algi geschwat gëtt.
2018 krut hir Schauspillkarriär mat der Tëleesserie Bad Banks neien Opdriff, woufir si fir hir Roll mat engem Grimme-Präis (Kategorie Darstellung) ausgezeechent gouf.
D'Désirée Nosbusch war vun 1991 bis 2002 mam éisträichesche Filmkomponist Harald Kloser bestuet, mat deem se zwee Kanner (Luka Teresa-Gerda an Noah Lennon) huet. Vun 2005 bis 2013 war si mam däitsch-tierkesche Schauspiller Mehmet Kurtuluş zesummen. D'Koppel huet sech 2013 getrennt. Zanter 2018 ass si mam däitsche Kameramann Tom Bierbaumer bestuet[1].
Si huet zu Berlin an zu Los Angeles gelieft, wunnt mëttlerweil awer nees zu Lëtzebuerg[2].
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspillerin
[änneren | Quelltext änneren]- Nach Mitternacht (1980) vum Wolf Gremm
- Une glace avec deux boules ou je le dis à Maman (1982) vum Christian Lara
- Der Fan (1982) vum Eckhart Schmidt
- Sing Sing (1983) vum Sergio Corbucci
- Questo e quello (1983) vum Sergio Corbucci
- Good Morning Babilonia, (ënner dem Numm: Désirée Becker) (1987) vum Paolo Taviani a Vittorio Taviani
- A.D.A.M. (1988) vum Herbert Ballmann
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom (1989) vum Andy Bausch
- Jean Galmont, aventurier (1990) vum Alain Maline
- La femme fardée (1990) vum José Pinheiro
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven (1993) vum Andy Bausch
- Der Unfisch (1997) vum Robert Dornhelm
- The Contaminated Man (2000) vum Anthony Hickox
- Feindliche Übernahme (2001) vum Carl Schenkel
- Germaine Damar - Der tanzende Stern (2011) vum Michael Wenk
- Justice Dot Net (2018) vum Pol Cruchten
- De Superjhemp retörns (2018) vum Félix Koch
als Regisseurin
[änneren | Quelltext änneren]- Ice Cream Sundae (2001) (Kuerzfilm) mat der Tippi Hedren
- Succès Fox (2014), en Documentaire iwwer de Fernand Fox
- Poison (2024), mam Tim Roth a mat der Trine Dyrholm.
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]Tëleesfilmer a Serien (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Der Raub der Sabinerinnen (1983) vum Rolf von Sydow (ARD)
- Morgengrauen (1983), Deel 1, 2 an 3, aus der Serie Ein Fall für zwei, ZDF
- Der Glücksritter (1984) vum Hans-Jürgen Togel
- Die Klette (1986) vum Herbert Ballmann
- Ex und hopp - Ein böses Spiel um Liebe, Geld und Bier (1990) vum Andy Bausch
- Jolly Joker (1991) vum Marco Serafini
- Felipe ha gli occhi azzurri (1992) vum Gianfranco Albano
- Böses Blut (1993) vum Dagmar Damek
- Michele va alla guerra (1994) vum Franco Rossi
- The Way to Dusty Death (1995) vum Geoffrey Reeve
- Die Aktion (1996) vum Thomas Bohn
- Die Sünde einer Nacht (1996 vum Michael Keusch
- Mio padre è innocente (1997) vum Vincenzo Verdecchi
- Opernball (1997) vum Urs Egger (SAT 1)
- Amico mio 2 (1998 vum Paolo Poeti
- Killer Deal (1999) vum Clay Borris
- Der Mörder in meiner Nähe (2000) vum Bernd Böhlich
- High Explosive (2000) vum Timothy Bond
- Love Trip (2001) vum Richard Huber
- Ein Albtraum von 3 1/2 Kilo (2002 vum Uwe Janson
- Das Geheimnis des Lebens (2002) vum Miguel Alexandre
- Spurlos - Ein Baby verschwindet (2003) vum Hans Werner
- Der Vater meines Sohnes (2004) vun der Dagmar Damek
- Eine Liebe in Saigon (2005) vum Uwe Janson
- Das Geheimnis von St. Ambrose (2006)
- Die Jäger des Ostsee-Schatzes (2007)
- Der Tod meiner Schwester (2008)
- Avalanche (2008)
- Weemseesdet (2011)
- Bad Banks (2018, 2020)
- Capitani (TV-Serie, 2019) vum Christophe Wagner
- Die Hexenprinzessin (2020)
- Sisi (2021)
Moderatioun (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Prix Eurovision de la Chanson (1984)
- Demain c'est dimanche (France 2) (1985 an 1986)
- Weltfussball-Gala (1991)
- The World Sports Awards of the Century (1999)
- Expo 2000 - Pop Meets Classic (ZDF) (2000)
- Die goldene Kamera (2002)
- Johannes Heesters - Eine Legende wird 100 (ARD) (2003)
- 2. Lëtzebuerger Filmpräis (2005)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 2018: Deutsche Akademie für Fernsehen: Gewënner an der Kategorie Schauspielerin-Nebenrolle fir Bad Banks
- 2019: Grimme-Präis[3]: Auszeechnung an der Kategorie Darstellung fir Bad Banks
- Officer am Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2019)[4] - Schonn 2005 krut si den Titel "Chevalier"[5]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]- Am Ufank vun hirer Filmkarriär ass d'Désirée Nosbusch ë. a. als Désirée Becker, Désirée Becker-Nosbusch oder Nosbusch-Becker opgetrueden.
- Am Dezember 2018 huet d'Désirée Nosbusch sech fir eng Campagne vun der Déiereschutzorganisatioun PETA (People for the Ethical Treatment of Animals) fotograféiere gelooss fir d'Konsumente vum Kaf vun exoteschem Lieder ofzehalen[6].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Vom Teeniestar bis „Bad Banks“, Luxemburger Wort vum 12./13. Mäerz 2022, S. 94
- Désirée Nosbusch: Endlich noch nicht angekommen. Ullstein 2022, ISBN 9783550201738 (Autobiographie).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Désirée sagt "Ja" op wort.lu den 9. September 2018 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 10. September 2018, Säit 48.
- ↑ Vom Teeniestar bis „Bad Banks“, Luxemburger Wort vum 12./13. Mäerz 2022, S. 94
- ↑ [1]
- ↑ Auszeechnungen op Nationalfeierdag 2019 an der Philharmonie op rtl.lu
- ↑ gouvernement.lu: Distinction honorifique à Désirée Nosbusch (13. Oktober 2005)
- ↑ Desirée Nosbusch: Exotenleder, nein danke op wort.lu den 13. Dezember 2018
- Gebuer 1965
- Lëtzebuergesch Radiosspeakeren
- Lëtzebuergesch Televisiounsmoderateuren
- Lëtzebuergesch Filmschauspillerinnen
- Lëtzebuergesch Theaterschauspillerinnen
- Lëtzebuergesch Filmregisseuren
- Lëtzebuergesch Filmproduzenten
- Lëtzebuergesch Televisiounsschauspillerinnen
- Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg