Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1984

Vu Wikipedia
Logo
29. Eurovision Song Contest
Datum 5. Mee 1984
Stad Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
Gebai Théâtre Municipal zu Lëtzebuerg
Gewënner Herrey's (Schweden)
Zuel vu Länner 19
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Désirée Nosbusch
Interval Act The Prague Theatre of Illuminated Drawings
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.

Den 29. Eurovision Song Contest war de 5. Mee 1984 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Théâtre municipal Luxembourg zu Lëtzebuerg. Presantatrice war d'Désirée Nosbusch, déi deemools eréischt 19 Joer al war an domat bis haut déi jéngst Presentatrice ass déi jeemools e Grand Prix moderéiert huet.

Am Ganzen hunn 19 Länner matgemaach. Malta, Monaco, Israel an Griicheland waren net dobäi.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Mary Roos fir Däitschland 1972 an d'Izolda Barudžija fir Jugoslawien 1982 (Deel vun Aska).

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Lëtzebuerg matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Schweden, d'Herrey's, mat 8 Punkte Virsprong virum Linda Martin (Irland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Bravo, déi fir Spuenien ugetruede war.

Fir Schweden war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. Den Titel vum Lidd Diggi-loo, diggi-ley war am Fong nëmmen e provisoreschen Aarbechtstitel, soulaang nach keen Text fir d'Kompositioun existéiert huet. Duerch en Irrtum ass d'Lidd awer ënner dem Aarbechtstitel agereecht ginn. Et war fir d'éischt datt e Lidd op Schweedesch gewonnen hat, well d'Lidd Waterloo vun ABBA, dat éischt schweedescht Gewënnerlidd, op Englesch gesonge gi war.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.SchwedenHerrey'sDiggi-loo, diggi-ley145
2.IrlandLinda MartinTerminal 3137
3.SpuenienBravoLady, Lady106
4.DänemarkHot EyesDet' lige det101
5.BelschJacques ZegersAvanti la vie70
5.ItalienAlice a BattiatoI treni di Tozeur70
7.GroussbritannienBelle and the DevotionsLove Games63
8.FrankräichAnnick ThoumazeauAutant d'amoureux que d'étoiles61
9.FinnlandKirkaHengaillaan46
10.LëtzebuergSophie Carle100% d'amour39
11.PortugalMaria GuinotSilêncio e tanta gente38
12.TierkeiBeş Yıl Önce, On Yıl SonraHalay37
13.HollandMaribelleIk hou van jou34
13.DäitschlandMary RoosAufrecht geh'n34
15.ZypernAndy PaulAnna Maria Lena31
16.SchwäizRainy DayWelche Farbe hat der Sonnenschein?30
17.NorwegenDollie de LuxeLenge leve livet29
18.JugoslawienVlado an IzoldaĆao amore26
19.ÉisträichAnitaEinfach weg5
 Commons: Eurovision Song Contest 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien
München (Däitschland) Göteborg (Schweden)
ESC 1983 Eurovision Song Contest ESC 1985