Op den Inhalt sprangen

ABBA

Vu Wikipedia
ABBA
Museksgenre Popmusek, Pop-Rock, Danzmusek, Glam Rock
Land Schweden
Grënnung 1970
Websäit https://abbasite.com
Memberen Agnetha Fältskog
Björn Ulvaeus
Benny Andersson
Anni-Frid Lyngstad
ABBA 1974, vu lénks no riets: Benny Andersson, Anni-Frid Lyngstad, Agnetha Fältskog, Björn Ulvaeus

ABBA ass eng schweedesch Popgrupp mat de fréiere Koppelen Agnetha Fältskog a Björn Ulvaeus souwéi dem Benny Andersson an der Anni-Frid Lyngstad. Se gouf 1972 zu Stockholm gegrënnt.

Hiren Duerchbroch hate si beim Eurovision Song Contest 1974 zu Brighton mam Titel Waterloo, wéi si de Contest fir Schwede mat 24 Punkte gewonnen hunn.[1] Mat iwwer 400 Millioune verkaafte Placken ass et eng vun den erfollegräichste Bands an der Museksgeschicht.[2]

Hir bekanntst Lidder sinn: SOS, Mamma Mia, Fernando, Dancing Queen, Money, Money, Money, Take a Chance on Me, The Winner Takes It All a Super Trouper.[3]

Am Joer 1982 hunn d'Gruppemembere mat hirer musikalescher Zesummenaarbecht wéinst privaten Differenzen temporär opgehalen. 2018 hu s'ugekënnegt datt s'erëm un neie Lidder schaffen.[4] 2021 huet d'Band hire Comeback als Deel vun enger virtueller Concertsshow ugekënnegt, zwou nei Singele verëffentlecht an en neie Studiosalbum fir dat selwecht Joer ugekënnegt.[5]

Studiosalbumen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1973: Ring Ring
  • 1974: Waterloo
  • 1975: ABBA
  • 1976: Arrival
  • 1977: ABBA - The Album
  • 1979: Voulez-Vous
  • 1980: Super Trouper
  • 1981: The Visitors
  • 2021: Voyage
Commons: ABBA – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en)ABBA - Sweden - Brighton 1974. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 05.09.2021.
  2. (de)ABBA | Biografie. www.universal-music.de. Gekuckt de(n) 05.09.2021.
  3. (de)Abba Top-10: die besten Hits der Pop-Legenden. helden der freizeit (05.04.2020). Gekuckt de(n) 05.09.2021.
  4. (de)Neue ABBA-Songs nach Jahrzehnten. news.ORF.at (27.04.2018). Gekuckt de(n) 05.09.2021.
  5. (de)ORF at/Agenturen heid, Wieder da statt für immer Baba: ABBA verkünden ihr spätes Comeback. news.ORF.at (02.09.2021). Gekuckt de(n) 05.09.2021.