Loreen

Vu Wikipedia
Loreen
Loreen - Melodifestivalen 2023, Malmö 118 (cropped).jpg
Gebuertsnumm Lorine Zineb Nora Talhaoui
Gebuer 16. Oktober 1983
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Komponist, Televisiounsmoderateur, Museksproduzent, Synchronspriecher, Philanthrop
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Lorine Zineb Nora Talhaoui, gebuer de 16. Oktober 1983 zu Stockholm, ass eng schweedesch Sängerin mat marokkanesch-berbereschen Originnen, déi ënner dem Kënschtlernumm Loreen optrëtt.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Si ass d'Duechter vu marokkaneschen Elteren an ass zu Västerås a Südschweden opgewuess.

2004 ass si duerch hir Participatioun un der Castingshow Idol bekannt ginn, bei där si ënner dem Numm Lorén Talhaoui op déi véiert Plaz koum. No der Sendung huet si d'Lidd The Snake verëffentlecht. Si huet dunn als Fernseemoderatorin geschafft an et blouf roueg ëm si als Sängerin.

2011 huet si beim Melodifestivalen deelgeholl, der schweedescher Virentscheedung fir de Grand Prix Eurovision. Si huet et awer mat hirem Lidd My Heart Is Refusing Me net gepackt, an ass ausgescheet.

2012 huet si nach eng Kéier beim Melodifestivalen matgemaach a konnt sech mat hirem Lidd Euphoria fir d'Participatioun beim Eurovision Song Contest zu Baku duerchsetzen. An der zweeter Halleffinall vum Grand Prix huet si d'éischt Plaz gewonnen, an de 26. Mee 2012 an der Finall huet si dunn de Grand Prix fir Schwede mat 372 Punkte gewonnen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Singlen
  • 2005: The Snake
  • 2011: My Heart Is Refusing Me
  • 2011: Sober
  • 2012: Euphoria

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Loreen – Biller, Videoen oder Audiodateien