Måns Zelmerlöw

Vu Wikipedia
Måns Zelmerlöw
am Joer 2015
Gebuertsnumm Måns Petter Albert Sahlén Zelmerlöw
Gebuer 13. Juni 1986
Lunds
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Sänger, Televisiounsmoderateur, Schauspiller

De Måns Petter Albert Sahlén Zelmerlöw, gebuer den 13. Juni 1986[1] zu Lund a Schweden, ass e schweedesche Popsänger. Hien huet fir Schweden beim Eurovision Song Contest 2015 zu Wien gewonnen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Ufäng[änneren | Quelltext änneren]

Den Zelmerlöw huet 2005 bei der schweedescher Versioun vun Idols matgemaach, der nationaler Ausgab vu Pop Idol, wou e Fënnefte gouf. Dat selwecht Joer huet en och bei der schweedescher Versioun vu Let's Dance matgemaach, woubäi e gewonnen huet.

2006 an 2007 huet e bei de schweedesche Versioune vun de Musicale Grease a Footloose gespillt.

Participatioun bei de Melodifestivalen[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Februar 2007 huet e mam Lidd Cara Mia an enger Virronn vum Melodifestivalen 2007 matgemaach. E koum an d'Finall a koum do op déi drëtt Plaz. Säi Lidd koum spéider an de schweedeschen Charts op déi éischt Plaz. Och säin Album Stand By For… koum op déi éischt Plaz an der schweedescher Hitparad.

De 14. Februar 2009 huet e mam d'Lidd Hope & Glory an der zweeter Virronn vum Melodifestivalen 2009 matgemaach. E koum an der Finall de 14. Mäerz 2009 op déi véiert Plaz. D'Jury-Wäertung hat säi Lidd Hope & Glory souguer op déi éischt Plaz gewielt, awer bei der Tëleesofstëmmung koum d'Lidd nëmmen op déi fënneft Plaz. De 25. Mäerz 2009 koum säin zweete Studiosalbum MZW eraus.

Moderatioun vun Allsång på Skansen[änneren | Quelltext änneren]

Den Zelmerlöw beim Eurovision Song Contest 2015

Hien huet zanter 2011 déi populär Museksendung Allsång på Skansen am schweedesche Fernsee moderéiert, bei där Museker aus ganz ënnerschiddleche Genren optrieden an de Publikum matséngt.

Éischt Plaz beim 60. Eurovision Song Contest[änneren | Quelltext änneren]

Den Zelmerlöw koum den 28. Februar bei der véierter Halleffinall vun de Melodifestivalen 2015 mam Titel Heroes an d'Finall vun der schweedescher Virentscheedung déi en de 14. Mäerz 2015 gewonnen huet. Den 21. Mee 2015 huet e Schweden bei der zweeter Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2015 zu Wien vertrueden an däitlech gewonnen. Och den 23. Mee 2015 bei der Finall huet e gewonnen. Schonn am Virfeld gouf en als grousse Favorit genannt.[2]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: Stand by For...
  • 2009: MZW
  • 2010: Christmas with Friends
  • 2011: Kära vinter
  • 2014: Barcelona Sessions
  • 2015: Perfectly Damaged

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: Cara Mia (#1 a Schweden)
  • 2007: Work of Art (Da Vinci)
  • 2007: Brother oh Brother (#7 a Schweden)
  • 2008: Miss America
  • 2009: Hope & Glory (#2 a Schweden)
  • 2009: Hold On
  • 2009: Impossible
  • 2012: Ett lyckligt slut
  • 2013: Broken Parts
  • 2013: Beautiful Life
  • 2014: Run For Your Life
  • 2015: Heroes (#1 a Schweden)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Måns Zelmerlöw – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsdagsdatebank
  2. Wettquoten ESC Mäerz 2015 Ofgeruff den 29. Abrëll 2015.