Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1983

Vu Wikipedia
28. Eurovision Song Contest
Datum 23. Abrëll 1983
Stad München (Däitschland)
Gebai Rudi-Sedlmayer-Halle
Gewënner Corinne Hermès (Lëtzebuerg)
Zuel vu Länner 20
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Marlène Charell
Interval Act Danz vum Marlène Charell
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Rudi-Sedlmayer-Hal zu München, 2007

Den 28. Eurovision Song Contest war den 23. Abrëll 1983 an Däitschland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Rudi-Sedlmayer-Halle zu München. Presantatrice war d'Marlène Charell.

Am Ganzen hunn 20 Länner matgemaach. Malta, Monaco an Irland waren net dobäi.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, de Guy Bonnet fir Frankräich 1970 an de Jahn Teigen fir Norwegen 1978 a 1982.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Harrogate matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'Corinne Hermès, mat 6 Punkte Virsprong virum Ofra Haza (Israel). Déi drëtt Plaz krut d'Carola, déi fir Schweden ugetruede war.

Fir Lëtzebuerg war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.LëtzebuergCorinne HermèsSi la vie est cadeau142
2.IsraelOfra HazaChai136
3.SchwedenCarolaFrämling126
4.JugoslawienDanijelDžuli125
5.DäitschlandHoffmann & HoffmannRücksicht94
6.GroussbritannienSweet DreamsI'm Never Giving Up79
7.HollandBernadetteSing Me a Song66
8.FrankräichGuy BonnetVivre56
9.NorwegenJahn TeigenDo re mi53
9.ÉisträichWestendHurricane53
11.ItalienRiccardo FogliPer Lucia41
11.FinnlandAmi AspelundFantasiaa41
13.PortugalArmando GamaEsta balada que te dou33
14.GriichelandChristie StasinopoulouMou les32
15.SchwäizMariella FarréIo così non ci sto28
16.ZypernStavros an DinaI agapi akoma zi26
17.DänemarkGry JohansenKloden drejer16
18.BelschPas de deuxRendez-vous13
19.TierkeiÇetin Alp & The Short WavesOpera0
20.SpuenienRemedios Amaya¿Quién maneja mi barca?0
 Commons: Eurovision Song Contest 1983 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Harrogate (Groussbritannien) Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
ESC 1982 Eurovision Song Contest ESC 1984