Eurovision Song Contest 1970

Vu Wikipedia
15. Eurovision Song Contest
Datum 21. Mäerz 1970
Stad Amsterdam (Holland)
Gebai RAI Congrescentrum
Gewënner Dana, (Irland)
Zuel vu Länner 12
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Willy Dobbe
Interval Act Don de Lurio Dancers
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
RAI Congrescentrum zu Amsterdam, 2010

De 15. Eurovision Song Contest (ofiziell den Eurovisie Songfestival) war den 21. Mäerz 1970 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am RAI Congrescentrum zu Amsterdam. Presantateur war de Willy Dobbe. Well et dat Joer virdrun 4 Gewënner gouf ass duerch d'Lous gewielt ginn, wou deen nächste Grand Prix sollt ausgedroe ginn.

D'Zuel vun de Länner ass op 12 erofgaangen, well Finnland, Norwegen, Portugal, Schweden an Éisträich net matgemaach hunn. Si waren onzefridde mat der Ofstëmmung am Joer virdrun wou et 4 Gewënner gouf.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung war d'selwecht wéi dat Joer virdrun. An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddwereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Amsterdam iwwermëttelt. Et ass awer zousätzlech eng nei Reegel ageféiert ginn, fir ze vermeiden dat et nach eng Kéier méi wéi ee Gewënner sollt ginn. An zwar sollt an deem Fall, wou et op der éischter Plaz e Gläichstand géif ginn, eng zweet Ofstëmmung gemaach ginn vun alle Länner ausser deenen, déi vum Gläichstand betraff sinn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Irland, d'Dana mat 6 Punkte Virsprong virum Mary Hopkin (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Katja Ebstein, déi fir Däitschland ugetruede war.

Fir Irland war et déi éischt Kéier dat et de Grand Prix gewonnen hat. D'Lidd ass e groussen Erfolleg ginn.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Irland Dana All Kinds of Everything 32
2. Groussbritannien Mary Hopkin Knock, Knock, Who's There? 26
3. Däitschland Katja Ebstein Wunder gibt es immer wieder 12
4. Schwäiz Henri Dès Retour 8
4. Frankräich Guy Bonnet Marie-Blanche 8
4. Spuenien Julio Iglesias Gwendolyne 8
7. Holland Hearts of Soul Waterman 7
8. Italien Gianni Morandi Occhi di ragazza 5
8. Belsch Jean Vallée Viens l'oublier 5
8. Monaco Dominique Dussault Marlène 5
11. Jugoslawien Eva Sršen Pridi, dala ti bom cvet 4
12. Lëtzebuerg David Alexandre Winter Je suis tombé du ciel 0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

London (Groussbritannien) Amsterdam (Holland)
ESC 1969 Eurovision Song Contest ESC 1971